DU SOLLST NICHT LÜGEN !

(2005)

 

Wann ee mech freet: ech si fir d’Léien, well firwat soll een d’Wouerecht soen, wann et Lige ginn?

 

An dat mat Recht, well ween ëmmer nëmmen d’Wouerecht seet, deen ass guer net kreativ. E schwätzt nëmmen iergendeppes no ewéi e bëllege Papagei.

Par conter Ligen erzielen, passt op, dat erfuedert vill méi eng grouss Phantasie.

Vill méi eng grouss Flexibilitéit.

Analytescht Denken.

Strategesch Planung a subtile Kombinatiounsgeescht op héchstem Niveau.

E Ligner huet also ipso facto vill méi e breeden Horizont – den Ideal vun de „forces vives de la nation“.

 

An domat net genuch: e Ligner huet perfektionéiert zwëschemënschlech Kompetenzen, well hien ënnerhält d’Leit, déi him ronderëmmer nolauschteren a seng Lige da weider erziele ginn. Wouerechte sinn zwar wouer, mä dat ass dann och schon alles, wat un hinnen ass, well fir de Rescht sinn se puplangweileg an iwwerall op der Welt d’selwecht - ower Lige sinn originell, eemoleg a si räissen d’Leit vum Stull.

Jee, als Ligner kritt der d’Gefill: ech ginn an dëser Gesellschaft gebraucht.

Dir kritt d’Gefill: ech bréngen Ofwiesslung an den alldeeglechen Alldag.

D’Rentefeieren an de Gemengen maachen dat nëmme just eemol viru Chrëschtdag, an nach nëmme fir déi iwwer 60 Joer, mä e Ligner mécht et dat ganzt Joer duerch a fir eis alleguerten an dobei bretzt e sech emol net dermat.

 

An dann, ween eemol litt, muss weider léien, well eng Ligen brauch minimum véierzeg aner. Mä dofir brauch een dann ower kee schlecht Gewëssen ze hunn, well bei der zweeter Kéier gelunn, huet ee jo schonn erëm d’Wouerecht gesot. Also drëtte Punkt: Wee litt, muss och e gudde Verhalt hunn, e muss akribesch Buch féieren, wat e beim weem wéini gesot huet. An dat fuerdert alt nees d’Laangzäitgediechtnes – eng Conditio sine qua non, fir am Alter geeschteg fit ze bleiwen. Extrem wichteg, zemol wou mer mat der Alterspyramid gesinn, dass et an deenen nächste Jorzéngten ëmmer méi al Leit gëtt. A wat huet een dann als ale Mënsch dervun, wann engem säi Geescht verkallekt ass, well een en e Liewe laang net trainéiert huet an ëmmer nëmmen d’Wouerecht gesot huet?

 

An zum Schluss, dir éierbar Ligner, nach ganz niewebäi: een dee litt, dee muss oppassen, dass en net ufänkt ze tuddelen an dass en net rout am Gesiicht gëtt, well e Ligner, dee rout am Gesiicht gëtt, dat ass e Looser.

E Läppchen.

D’Léie verstäerkt also och nach är ganz Perséinlechkeetsstruktur als essentiell Komponent vum individuelle Charakter. Dach, een dee litt, an deem en plus och nach gegleeft gëtt, ah, deem säin Ego floréiert.

Dee brauch keng deier Therapie a keng deier Psychopharmaka ze schlécken.

 

Et voilà, ce qu’il fallait démontrer: «Du sollst nicht lügen» mécht nëmme just gutt op dem Pabeier vum Katchëssem, mä mat der Wouerecht eleng kënns de net wäit.

Also misst d’Léien an de Primärschoul am Plaz vum Turnen oder vum Mole Pflichtfach ginn. Léie misst an de Lycéeën nieft Sciencen, Mathématiques an Economie als speziell Sectioun fonctionnéieren. A last net least missten eis Gemengen d’Léien onbedéngt an hire „Cours pour adultes“ nieft Internet, Mosaik, Nordic-Walking an italienesch Kichen ubidden, well huelt nëmmen d’Damme-Seniore-Schwammen: do ass dach eng Bom, déi engem eng kréckelt, vill méi interessant ewéi eng, déi am Waasser net ënnergeet, oder net?