ETUDEN AN ETUDEN

(2013)

 

Etuden, Etuden - doergéint kënns de net un.

Doergéint sinn deng beschten Argumenter Esseg a Brach.

Wat wëlls de da vill maachen, wann d’OECD oder d’Weltgesondheets-Organisatioun schwätzt?

Ma da setz de dech hin an häls de Bak. Well wat ee selwer net versteet, dat muss een eben einfach gleewen. Firwat wiere soss Etuden do?

Fréier wor et vill méi einfach, fréier gong alles mat Bauerereegelen. „Niwwel am November, Chrëschtdag am Dezember“. 

Dat wor klor, dat wor däitlech.

Mä haut sinn et d’Fuerscher vun der University of Minnesota, déi all Dag iergendeppes Neies beweisen, haut sinn et Gremie vun australeschen Neo-Wirtschaftsexperten, déi all Dag d’Rad nei erfannen. Sou koum z.B. e soziologesche Seminaire vun der Uni.lu am Optrag vum Luxembourg City Office zum Schluss, dass trotz Wenzelspad, Kasematten oder Circuit Vauban déi Friem eis Stad am beschte kenne léieren, wann een hinnen de falsche Wee weist.

Dorop muss de emol kommen, hë?

 

An och déi ganz Politik besteet nëmme just aus Etuden. Also net iwwert de falsche Wee, mä iwwert de Stau bei der neier Europa-Schoul am Tossebierg, iwwert dee Mega-Foussball-Stadion zu Léiweng oder iwwert dat neit Gesetz, dass een scho vum 1. Oktober un d’Wanterpneuen opleeë muss - just: wee seet dem Wanter dann, wéini et Oktober ass?

 

Egal wéi, eng Etude ass ëmmer eppes Komplexes. No enger éischter interner Reflexioun kënnt en externen Audit mat enger Analys vun onofhängegen Experten, dueropshin nees e Feedback mat alle concernéierten Acteuren, bis dann d’Beroder vun enger international-renomméierter Consulting-Firma e provisoresche Schluss-Bilan virun deem drëttlescht definitive presentéieren. An da weess de jo schonn, wéi dat ausgeet, well esou e Beroder ass een, deen zwar 49 Positioune fir de Sex kennt, ower keen eenzegt Meedchen.

 

A wat hu mer schonn där Etuden hannert eis !

Eng ganz intressant wor déi iwwert dem Bartolomeo säi Fëmmverbuet: Ass et elo verbueden un der Zigarett ze zéien oder just, fir den Damp erauszeblosen? Ganz wichteg ze wëssen, wann een elo vum Januar 2014 un an e Bistrot geet.

Oder déi iwwer Cattenom, eng vun deene geféierlechsten Atomzentralen a ganz Europa. Resultat: Cattenom brauch net zougemat ze ginn, Cattenom flitt nämlech vu selwer an d’Luucht. 

An der Enquête-Kommissioun iwwert de Geheimdéngscht (*) hu mer keng gebraucht, do huet sech vu selwer erausgestallt, dass mer hei am Land eis dräi Afen hunn: deen een hält sech d’Aen zou - deen aneren d’Oueren - deen drëtten de Mond - an elo gëtt et och nach e véierten, dee sech widdert de Kapp schléit, well e sech un näischt méi erënnere kann … Tja, e Geheimdéngscht ass eben esou geheim, dass en herno, wann en näischt fonnt huet, selwer emol net méi weess, no wat dass en iwwerhaapt gesicht huet.

 

Déi afegäilst Etude vun allen Etuden ass ower sonner Zweifel déi Etude aus Kanada, déi bewisen huet, dass bei all Etude genau dat erauskënnt, wat ee wollt a wat ee souwéisou scho laang virdru wosst. An ipso facto zitt all Etude nees eng Conter-Etude no sech, fir d’Evaluatioun vun der éischter Etude ze evaluéieren. Esou ginn et jo elo guer keng normal Watt-Bire méi, well se ze vill Stroum brauchen. Obschonn eng aner Etude erausfonnt huet, dass een nach méi Energie spuert, wann een d’Luucht iwwerhaapt guer net umécht.

 

Mä opgepasst: mir analyséieren a studéieren a calculéieren net nëmmen, neen, mir schreiwen dann herno och nach Rapporten.

Säiteweis.

Bicherweis.

Well eng Etude ouni Rapport ass keng Etude.

Eng Etude ouni Rapport steet op wackelege Féiss.

E Rapport ass soi-disant den Orgasmus vun enger Etude. An esou en Orgasmus, dee brauch ebe seng Zäit ...

Kuck, just nëmme fir déi Zäit an eng zäitlech Relatioun ze setzen: Et wor 3000 viru Christus, do hu se an Ägypten a knapps zwou Doze Joer d’Kheops-Pyramid gebaut, mat bal dräi Millioune Steng, bis 60 Tonnen d’Stéck - a wéi laang schaffe mir haut schonn un der Nordstrooss?

Oder de Stater Tramm, dee fiert bis elo och nach nëmmen iwwer Etuden a Rapporten am Plaz iwwer Schinnen.

't ass ewéi an der Schoul. Mäin Neveu ass Schoulmeeschter an deen huet déi lescht Woch 20 Bilan-intermédiairen mat de Bilan-de-fin-de-cyclë verglach, fir all Kand en éischten Actiounsplang mat den néidege Stragegië festgehalen, eng Doze Plan-de-prise-en-chargen am Kader vun dem Projet de réussite scolaire opgestallt --- fir Schoul ze halen, huet en zwar keng Zäit, mä d’Haapt-saach: et goufe Rapporte geschriwwen.

 

Etuden, Etuden a Rapporten!

 

Mä so ... waart emol ... ech mengen, elo hunn ech kapéiert.

Do ass Taktik derhannert.

't kënnt ebe just drop un, wéi ee seng Saach verkeeft. Bei engem Vibrator kléngt et jo och méi elegant, wann ee seet, dat wier déi Täscheluucht fir d’Fraen, déi an der Däischtert vun Angscht ziddert.

Dach, egal wat geschitt, et geet drëms, fir et einfach an d’Längt ze zéien.

Wann een dech da freet, kanns de ëmmer soen: Ah, do leeft eng Etude. Mir mussen ofwaarden. A wann e sech dann nach ëmmer drun hält, da gëss de einfach dem Rapport d’Schold. Dee wier nach net am Detail detailléiert a rapportéiert .

Genau.

Éischtens mécht dat ëmmer gutt, an zweetens mat der Zäit ass d’Affär dann op eemol vergiess. Jee, et geet alles d’Baach an, mä du duerfs et net zouginn. Op der Titanic huet d'Musek jo och bis zum Schluss Danzmusek gespillt.

 

(*) DIE GEHEIMNISSE DES GEHEIMDIENSTES: Bommeleeër-Affäre, Bespitzelung von politischen Gegnern, Lauschangriff auf Premierminister und Staatsoberhaupt - das Parlament will Licht in die dunklen Seiten des Geheimdienstes bringen.

(Tageblatt.lu – 6.12.2012)