NËMME FIR EIS KANNER

(2009)

 

- Wat? Schon zwanzeg vir, Malou? A mir sëtzen nach hei op der Terrass bei eisem Expresso. Eist Sheila waart ëm dräi no dem Ballet op mech. An dënschdes huet et jo ëmmer direkt nom Ballet Conservatoire - Piano 2. Joer, weess de - éier et dann ëm hallwer fënnef reide geet.

- Intressant! Eise Sam geet och reiden. Donneschdes. E schwäermt jo ëmmer vun engem Shetland Pony fir hannenaus. Mä 65.000 Euro … Neen. Quatsch, wat soen ech?! Net de Sam, mä eist Anouk. An och net donneschdes, mä mëttwoches ëm véierel vir 5.

- Ah bon, ech duecht alt. Well donneschdes ëm dës Zäit ass en dach ëmmer mat eisem Fabrice an dem Karaté. Mä ... zwanzeg vir, sees de? Da fëmmen ech elo nach just eng an da féieren ech eist Julie an den Jazz-Dance.

- Neen, wat si mir Elteren ower an engem Stress!

- O, weess de, Corinne, dat arrangéiert mech ower iergendwéi gutt, well ech jo kuerz virdrun de Sam op de Volleyball féieren a wann ech d’Anouk dann am Reitstall ofgesat hunn, fueren ech menger Schwëster hiren Eric an d’Percussioun sichen, duerno huelen ech de Sam um Training ewech an da kutschéieren ech se allen zwee an de Schach-Club.

 

- Ah, op jidde Fall schued fir déi Kanner, déi keng esou Mammen hunn ewéi mir. Ech stëpple jo net, mä ech soen do nëmmen: Chèque-Service-Accueil fir an d’Crèchen, Foyers du Jour an d’Maison Relaisen. An dann direkt dräi gratis Stonne pro Woch fir all Kand!

- Ma genial! Gratis d’Kanner ënnerdaach an da gees de ower houfreg schaffen. So, Danielle, alles, dass se net och nach Chèquë kréien, fir sech dee flottsten Typ vun Hollywood als Papp vum Kand erauszesichen.

- An esou eppes nennt sech da Familljeministère? Mä mir aner bleiwen ower doheem, fir eis Kanner selwer ze erzéien. D’Kanner si fir eis aner dach alles op der Welt. D’Kanner an den Trafic-Info op RTL. Well wat mengs de, wéi vill Pingpongsraquetten, Schwammkapen, Klarinetten a Pianoen an all Stau hänken!

 

- A propos Schwammkapen. Eisen Tom geet jo elo scho säit dem drëtte Schouljoer schwammen. Mä de Moment huet e säin Tenniscours. Ëm zéng vir zwielef freet e säi Schoulmeeschter, fir kënnen op d’Toilette ze goen. Do ësst en dann heemlech seng Aachtchen oder seng Schneck, an da kachen ech eben owes eppes Klenges waarm.

- Wéi? Ech duecht, e wier mat dem Danielle sengem Julie am Solfège?

- Neen. Eist Julie ass jo am Jazz-Dance. Et geet eréischt am Hierscht an de Solfège, well et da säin zweete Cycle Buedemturne fäerdeg huet. Méindes direkt no der Hausaufgabenhëllef vun der Gemeng. Ower da geet et schëtzeg. Ech maachen emol net de Motor vum Auto aus.

- Hausaufgaben! Schwätz mer net vun Hausaufgaben! Du mengs, dat Léierpersonal géif et express maachen.

- Eben, Malou, eben. An dobei hat ech der Joffer och nach eng Copie vu mengem Calepin hei gemat, dass se hire Stonneplang derno ka riichten. Weess de, et hëlleft ee jo gären, wou een nëmme kann.

- An da spillt den Tom haut och nëmmen ausnahmsweis Tennis. Am Normale geet en donneschdes vun 3 bis 4, direkt no der Querflûte. Mä dës Woch huet en dann eng Kannerparty beim Natascha aus senger Klass, an déi konnt net op samschdes geluecht ginn, well d’Natascha jo da Konschtatelier a Basket huet.

- Mä … mä geet dat dann nach duer fir op d’Liichtathletik um Stadion?

- Neen. Éischter knapps bis guer net. Mä weider net schlëmm, ech hunn einfach de Rendez-Vous beim Zänndokter ofgesot. Et kann een jo nun eben net alles hunn.

- Jo, am Fong geholl. Si mussen ebe léieren hir Prioritéiten ze setzen.

 

 

- Komm, Danielle, déi dräi Expresso ginn op meng Rechnung. Mäint huet den nächste Sonndeg säin éischte Concert am Saxophon-Grupp. An do ass een als Mamm jo dann ower e wéineg houfreg, oder?

- Da bezuelen ech d’Schwarzwälder. Schliisslech huet eisen Tom gëscht den 200 Meter Crawl an 3 Minutte 40 geschwommen.

- Ah, bei ville Kanner sinn d’Elteren déi schlëmmste Kannerkrankheet, mä eis kënnen ower frou sinn, dass se där hunn ewéi mir. Et geet dach schonn duer, dass mir keng richteg Kandheet haten.

- Jo. Wat hate mir dann, wéi mer kleng woren? Näischt. Guer näischt.

- Emol kee Chèque-Service-Accueil. Mir hate just nëmme Kolleegen, fir ze spillen.

- Mir konnte nëmme just an der Wiss doruechter lafen, op d’Beem klammen an topeg Kauzekäpp fänken. An da wore mer owes och nach doudmidd dervun.

- Wann ee sech dat bedenkt, Malou! Mir woren eng richteg Null-Bock-Generatioun.

- An duerfir kucke mer, dass eis Kanner et haut besser hunn. Mä éierlech gesot: wat kréie mer als Merci?

- Pfff … alt nees eemol näischt.

- Genau. Ech sot nach wéini zu eisem Sheila: Mir wëllen dach nëmmen däi Bescht. - A weess de, wat déi Knätzel mer dunn äntwert? 'A wat bleift vu mengem Beschten da fir mech iwwereg, Mama?'