DÉI AUS DER NUECHT

(2006)

 

(Ech gesinn se viru mer, déi eng Säit déi Räich um Roulettesdësch, d’Barmeedercher mat Schampesglieser am Grapp an d’Pokerspiller am Hannerzëmmer, op där aner Säit Dealeren a Kifferten an aner dubiéis Figuren - an do dertëschent d’Häre vun der Nuecht, am helle Reemantel, donklem Sonnebrëll a schwaarzem Hutt …)

 

 

Mesdames, Messieurs – faites vos jeux!

 

Op eiser schéiner Welt gëtt et scho Jordausenden Dag an Nuecht, mä nëmmen nuets liewen ech richteg op.

An der Nuecht passéiert zwar ëmmer dat Schlecht: all Krich huet bis elo nach nuets ugefaangen, an esoubal een entschléift, ass jiddweree fir sech eleng.

A fir déi, déi waakreg bleiwen, ass se eppes Gelungenes: am Ufank ass se schéi gemittlech …

… duerno staark erotesch …

… no an no ëmmer méi kriminell …

… a mueres fréi ass se schrecklech, béis an ellen …

Mä da weess kee méi eppes vun hir, well dann ass se jo eriwwer.

 

Mesdames, Messieurs – rien ne va plus!

 

Egal wat ech maachen, et muss Nuecht sinn. Am Dag sinn ech blann ewéi e Maulwuerf. Do brennt mer d’Sonn ewéi Feier an den Aen.

Nuets kann een u Saache gleewen, déi am Dag net méiglech sinn.

Nuets gesäit keen dech. Du brauchs dech net ze schminken. Just e wéineg, dat geet duer.

A kuck mol hei ronderëm: eng Nuecht ass net honnertprozenteg ausgeliicht …

… si ass voller Geheimnisser …

… an nuets huet keen e Gesiicht a keen en Numm. Si heesche just Bianca, Lola, Freddy Copacabana oder Tommy Montecarlo ...

Duerfir ass d’Nuecht eng Nuecht a jo och esou paradox: si bréngt nämlech méi Geld ewéi en Dag, och wann den Dag vill méi laang ass.

A mir, mir wäsche mueres eis Hänn an Onschold ...

 eis kritt keen ze paken …

… mir si glad ewéi eng Forell.

Well nuets ass och d’Geld schwaarz an du weess net, wou et hierkënnt, well et jo iwwerall ronderëmmer däischter ass.

Dat ass och gutt esou. Géif Geld nämlech richen, da géif d’Land ze vill opgewullt an d’Leit géife Froe stellen, op déi et keng Äntwert gëtt.

 

Mesdames, Messieurs – faites vos jeux!

 

A Geld a Gewësse si wéi Däiwel a Wäiwaasser, si gi sech wäit aus de Féiss, well wee vill Geld huet, deen huet keng Plaz fir Gewëssensbëss …

 

Mesdames, Messieurs – et rien ne va plus!