Den 1. Januar 2002 gëtt an 12 EU-Staaten (Belsch, Däitschland, Éisterräich, Finnland, Frankräich, Griicheland, Holland, Irland, Italien, Lëtzebuerg, Portugal, Spuenien) den Euro agefouert.

DEN ÉISCHTEN EURO

(2002)

 

34.450 : 40,3399 = 853,9931928

6,75 x 40,3399 = 272,294325

763 : 40,3399 = 18,91427594

53,18 x 40,3399 = 2.145,275882

 

Mat esou Ausrechnunge vu mol 40 a gedeelt duerch 40 en plus dat ganzt Geräbbels hannert dem Komma sëtzen d’Madame Elise an d’Joffer Triny op Sylvester 2001 tëschent hiren zwou Dieren „HOMMES“ an „DAMES“ bei engem Glas Schampes an hirem Tellerche fir d’Mënz.

Prost Neijor!

Prost Lëtzebuerg!

A PROST OP DEN EURO!

„Komm, Elise, mir brauchen ons net ze schummen. Als Madamm vum Pissoir bass de nach laang net egal ween a wat.“

„Mä ech hale wuel jo! Als Madamm vum Pissoir bass de soi-disant d’Psychanalys vum ganze Land. Du kanns schätzen, wéi vill Humpen dass jiddweree gedronk huet - esouguer ob et Mousel, Dikrecher oder Boufferdeng wor.“

„An du héiers ëmmer, ob ee presséiert ass oder net, jee nodeem, ob en d’Tirett nees gemittlech zoumécht oder haseleg an dann eemol quiitscht a flucht.“

Jo, dat héieren se, dat ass jo och hire Métier, mä si hunn net den Abbes héieren, wéi deen erakoum. An dat zimlech flott a schëtzeg ëm den Eck. A grad esou flott a schëtzeg pucht en hinnen eng Mënz op den Teller.

„Voilà, an en Zwanzeger. De Rescht ass Drénkgeld.“

D’Joffer Triny verschléckt sech bal an hirem Schampes a kuckt sech den Abbes un, wéi wann dee vun hannert dem Mound kéim. „Wat? En aalt Zwanzegfrangstéck? Ho neen, kuck emol op d’Auer, Meeschter. ‘t ass 14 Minutten op zwielef. Scho bal eng Véierstonn Neijooschdag 2002.“

„Ja an?“

„Ma vun elo u gëtt mat Euroe bezuelt.“

Mat Euroen? Ah jo, sou eppes stong an der Zeitung. Mä … mä den Abbes huet ower nach keng, an et presséiert ower.

„Ah, dann deet et eis leed. Da muss Der dës Kéier eben iwwersprangen.“

Pardon? Dës Kéier iwwersprangen? Bei 13 Humpen non-stop?

„Also, nu lauschtert emol dir Dammen, elo kommen ech schonn 150 Joer mat dem Lëtzebuerger Frang heihin, mat dem Adolph, mat dem Marie-Adelaide, mat der Charlotte, mat dem Jang, esouguer säit 1921 mat de Belschen an enger Währungsunioun, an elo, wou ech hei stinn a bal iwwerlafen --- “

Mä neen, deen Historique kann d’Madamme vum Pissoir net impressionnéieren. Do misst schonn eppes aneschter kommen, schliisslech ginn si zwee dach vun elo un an engem Otemzuch mat dem Jean Monnet an dem Robert Schumann genannt, a Generatiounen a Generatiounen mussen am Lycée hir Gebuertsdatume fir d’Geschichtsprüfung auswenneg léieren oder op Knäipziedele schreiwen.

„Do kuckt der elo, Meeschter, wéi? Well mir zwee woren net fir näischt scho laang virum Pierre Werner sengem Werner-Plang a laang virum Maastrichter Vertrag op déi finanzpolitesch Iddi vun deem Euro komm.“

Den Abbes käppéiert dat net. Hien huet just Drock um Drock. An do kann een net och nach zu gläicher Zäit Politik maachen.

„Dach. Dat wor jo ëmmer eng Plo mat deenen Dausenden Touristen hei“, reegt d’Madame Elise sech nees op. „Fir d'éischt verstees de net, wat se dobanne matenee schwätzen. Dat deet dech jo schonn aus der Haut fueren, an herno has de och nach hei den Tellerche voller Gulden, 10-Pfenneg-Stécker, Liren, Peseten, franséische Frangen an däers gläichen.“

An d’Triny schléit nach eemol mat der Fauscht op den Dëschelchen ewéi wann et deemools wier:

„O neen! Ower net mat eis! Da wëlle mer eben eng eenzeg europäesch Währung!“

An déi, déi souz.

Ah jo, iwwerall op der Welt kommen déi grouss Politiker laanscht déi Schëltercher „HOMMES“ an „DAMES“. Bei all G8-Konferenz, op all UN-Vollversammlung an all EU-Sommet. An als Madamm vum Pissoir bass de mat hinnen all vun Du op Du, du liefs mat hinnen. En d'autres termes: du hues eben den Iwwerbléck iwwert déi grouss Thematiken an déi komplex Problematiken op dësem Planéit.

An esou kann een als Elise an als Triny iwwerall matschwätzen. Afghanistan oder Palästina. EU-Ost-Erweiderung oder Massevernichtungswaffen am Irak.

't kann een iwwerall d’Fiedem zéien, well op esou Leit gëtt gelauschtert.

An eben och am Dossier Euro, wou si hei um Dësch mam Jacques Delors a mam Jacques Santer, deenen zwee Frères Jacques aus der Bréisseler Kommissioun, iwwert den Taux de Conversion verhandelt an iwwert de Stabilitéitspakt gestridden hunn. An als Iwwerstonne woren se och nach Dag an Nuecht a stännegem Kontakt mat dem President vun der Europäescher Zentralbank. 

Do kann den Abbes nun ower trotz allem nëmme staunen!

„Ah, an duerfir bezuele vun haut un iwwer 300 Milliounen Europäer mat dem Euro. Vu Finnland bis Athen a vun Aasselbuer bis op d’Guadeloupen.“

„Genau. Alles nëmme wéinst eisem Tellerchen hei. Staark, hë?“

Uuhh, d'Loft läit elo voller Prestige! Et kënnt een se bal schneiden. D’Elise schëtt houfreg nach eemol Schampes no, well haut sinn se a grousser europäescher Stëmmung. An do ass et elo egal, wann et hinne muer blo vrun den Aan ass mat lauter gëlle Stärercher ronderëmmer.

„Hopp, wéi ass et, Meeschter, drénks de da wéinegstens e Glas mat?“

„Wat? Dass de Pull nach méi grouss gëtt?! Nee merci.“ Den Abbes spiert dat guer net esou euphoresch-europäesch, dréckt d’Knéie widderteneen a wullt verzweifelt a sengem Portmonni weider.

„Ah, ‘t ass ower fir ze vrecken! Nëmmen al Zwanzeger a Fofzeger. Mä kommt, kuckt léiwer nach eemol duerch d’Fangeren. Ech soe jo och näischt weider. Sot, an, iwwerhaapt ... do hat ech dach  eppes an der Zeitung gelies ... et kann ee jo ower bis Enn Februar nach ëmmer mat lëtze-buergeschem Geld ---“

„Blablablabla! Wat heescht hei: et kann ee jo nach a bis Enn Februar, Jong? Euroe sinn elo Euroen, a mir huele keng auslännesch Devisë méi un. Punkt. Schluss. An de Boxekueder bleift zou.“

Tjo, komm mat all denge klenge Problemer an all denge klenge Suerge bei d’Joffer Triny a bei d’Madame Elise, mä komm hinnen nëmmen net mat deem Klenggedréckten.

Mat deene Klauselen, déi ganz ënne stinn, an déi kee Mënsch liest.

Ausser esou Typen ewéi den Abbes. An deen, dee quëtscht d’Been ëmmer méi zesummen. Vun ënne bis uewen. E mécht scho bal e Knuet dran.

Ah, wat hunn d’Englänner, d’Dänen an d’Schweden et ower gutt, déi léiwer bei hire Krounen a Pënner bleiwen an elo wéinegstens nach kënnen an dierfen, wa se wëllen a mussen ...

A wéi wann déi ganz Welt dem Abbes seng Gedanke matgelauschtert hätt, fiert d’Elise weider: „Op jidde Fall brauch dee Londoner Tony Blair sech net méi hei bei eis zwee ze weisen. An déi aner Tockskäpp och net. Da kënnen se zoupëtzen, gelu, Triny.“

„Du sees et. A wann se esouuuuuu en Hals kréien.“

O neen, nu schwätz och nach dervun! Wou dem Abbes de Béier scho bis dohinner steet ... oder besser gesot: stong ...

Neen, dat ass ze vill fir hien ... e kann net méi ... e keimt ... an de Knuet a senge Been geet ganz gemittlech a genëschelt nees lass.

Wéi vu selwer.

Puuuuhhhh ... dem Abbes ass et zwar am grousse ganze penibel, mä op där doer spezieller Plaz ower besser. An hie päift elo op dem Elise an dem Triny hire finanzpolitesche Know-How vun deenen alen Transactiounskäschten, deenen ale Fluctuatioune bei de Wiesselcoursen an deenen neie psychologesch-monetäre Reflexer, well wann et elo scho mat deem Euro an d’Box geet - elo, wou en emol nach keng Stonn ënnert de Leit ass --- ?!?!