Fir d' Pensioune vun der "Table Ronde des Pensions" (Juli 2001) garantéieren ze kënnen, misst eis Populatioun - laut dem Premier Juncker - an den nächste Jorzéngte bis op 700.000 Leit uwuessen

700.000 STÉCK

(2002)

 

Do, wou d’Pateren an dem Areler Land a Sprooch net zu Clairefontaine souzen, mä zu Badebuerg, a wou et elo net zu Autelbas däischter Nuecht ass, mä zu Nidderälter – do héiert een elo just vu wäitem en Hond billen. An och net op engem Bauerenhaff zu Nobressart, mä op engem Bauerenhaff zu Gehaans-Elchert.

Et héiert ee weider näischt.

Just deen Hond. Deen Hond vu Gehaans-Elchert a mysteriéis Schrëtt duerch de Bësch. Schrëtt vu véier Féiss mat Schubkar, Seeler, Schëppen a Spuet.

„E schéngt nach net hei ze sinn. Du has jo him ower gefaxt: bei Fruessem hanner Arel.“

„Genau hei. Messancy a Sterpenich si jo scho gemat”, gaapst deen aneren a stäipt sech widdert eng Kouert Holz. „Ah, keng Nuecht kritt een ze schlofen! Wou soll een dann do net op den Hond kommen? Esouguer ech …“

D’Lydie Polfer stellt seng Schëpp a säi Spuet dohin a schëtt dem Juncker emol eng Taass Kaffi aus der Thermosfläsch. Well frësch ass et och nach derbei. D’Zoossissschmieren hu se scho ënnerdaach.

„Jean-Claude, 700.000 Leitt hei am Land! Wou konns de dann als Premier ower och esou eppes soen? An alles nëmmen, dass mer deene 439.512 Schouljofferen, Bus-Chauffeuren, Sekretärinnen, Zänndokteren, Gäertner a Ministere vun haut nach weider kënnen hir Rente bezuelen.“

„Mäi Gott, de Moment si mer zu 6 Milliarden op der Welt. Fir d’Joer 2150 soen UN-Experten esouguer déck an déi 20 Milliarden viraus. An dann iergere mir eis schonn, wa mer der nëmme lappeg 700.000 vun deenen hunn.“

„Mä dann iwwerlee emol: fir all deenen eemol hir Pensioune bezuelen ze kënnen, brauche mer der herno 1 Millioun. Duerno 1,4 Milliounen. An dat geet dann ëmmer esou weider, an herno kriss de bal kee Rendez-Vous méi beim Coiffeur. An d’Pecherten hu scho viru Mëtteg keng Ziedele méi an hirem Bloc.“

„Jo, mä Lydie, wa mer ower net bis op meng 700.000 kommen, da kënne sech deng Schouljofferen, Bus-Chauffeuren, Sekretärinnen, Zänndokteren, Gäertner a Ministere vun haut hir Pensioune schonn direkt un den Hutt stiechen. An da wor et nees dem Juncker seng Schold. Et ass jo ëmmer alles dem Juncker seng Schold. Ob de Bensin méi deier gëtt, ob d’Kéi keng Mëllech ginn oder ob et sonndes reent.“.

An esou dréint d’Diskussioun am Krees, d’Kaz bäisst sech an de Schwanz, a mir kommen net weider.

„Pscht! Do kënnt en. Pünktlech, wéi ofgemat. Ah, op esou Leit ass Verlooss.”

Vu wäitem liicht elo eng Täscheluucht, an Äscht kréckelen duerch deen däischtere Bësch. Du mengs, du séiz doheem bei engem Alfred Hitchcock. An tatsächlech, do komme Stiwwelen an e Jeeërhutt, an iergendee pëspert esou ganz konspirativ:

„An, Här Staatsminister? Si mer eleng?“

„Mir zu zwee an du, dat maachen der just dräi. A wéi ass et ronderëm: keng Paparazzie vu Wort an Tageblatt?“

„Keng Paparazie wäit a breet“, mellt deen drëtten. „Emol kee vum Nordliicht-TV a kee Pater Corleone vum Feierkrop.“

„Gutt. Alles wéi geplangt.“

Dem Lydie fält e Stee vum Häerz, an de Juncker, och am Däischtere ganz Staatsmann, geheit sech feierlech a patriotesch an d’Broscht:

„Also Altesse Royale, Monseigneur… wéi gesot, Dir wësst jo ëm wat et geet ---“

Mä do ass et bei deem aneren ower direkt Esseg mat feierlechem Patriotismus:

„Hee, geet et mat Iech? Altesse Royale a Monseigneur! Mä nu sangt mer och nach hei am Bësch de Wilhelmus. Allez komm, nennt mech einfach Jang. Esou wéi all gudde Lëtzeböörger. An zemol elo, wou ech jo säit Oktober 2000 net méi zu Colmar-Bierg an op den Timbere sinn.“

Ah jo! Säit Oktober 2000 ass den Heng jo den neie Jang an als Grand-Duc vun all deene Lëtzeböörger mega stolz - zemol wou et där elo ëmmer méi solle ginn.

„Jo. Ech verstinn Ären Dilemma, Här Juncker. Fir een ass ëmmer nach Plaz - virun allem emol, wann s de beim Comptoir stees an net drun denks, fir heemzegoen … Mä dann direkt ower 700.000 Stéck! A wann dat der nach erlauter mat décke Bäich sinn, da gëtt et zimlech enk hei am Land. An nach vill méi an all Lift an an all Schwämm.“

„Eben. Also, an de Kierchen ass nach genuch Plaz, wou jo nëmmen nach héchstens 2% vun de Leit an d’Houmass ginn,“ raisonnéiert d’Polfer an där groussherzoglecher Logik weider, „mä op de Grillfester elo am Summer kéims de guer net méi bei de Kotlette bäi.“

„Voilà, Altesse Royale Monseigneur Jang, mir brauchen ebe méi Plaz am Land. Och wann deen neie Parking Souterrain an der Avenue Monterey opgeet. An duerfir ---“

De Juncker pëspert nëmme just méi a kuckt ganz virsiichteg rondëm sech, obschonn e weess, dass si dräi an den Hond vu Gehaans-Elchert eleng sinn. „An duerfir … duerfir sinn ech all nuets mat der Madame Polfer, dem Vize-Premier-Minister vun eiser schwaarz-bloer Regierung, ënnerwee.“

De Jang kuckt grouss. A wann e Grand-Duc grouss kuckt, dann heescht dat: e versteet net richteg.

„Mir zwee sinn all nuets ënnerwee, fir d’Grenzpéil tëscht Frankräich an der Belsch en hallwe Meter ze réckelen“, präziséiert d’Lydie. „En hallwe Meter fält net op, mä mat der Zäit gëtt et ower e Stéck.“ A gutt, dass et däischter ass, da mierkt keen, dass et e wéineg rout am Gesiicht gëtt, well schliisslech ass hatt jo net nëmme Vize-Premier, mä och nach Ausseministesch a misst also mat dem Ausland gutt fueren a hinnen net nuets de Virgäertche klauen. 

Mä komm, am Fong geholl, eng ganz pazifistesch Missioun vun eise Buedemtruppen, ouni dass d’NATO nees muss intervenéieren. ‘t ass just op der anerer Säit, do ginn et méi Schwieregkeeten. Mat der Musel an der Sauer. Do misst ee villäicht ower der Arméi hire Militärfliger Airbus A400M an hiert Krichsschëff huelen. Just dass et nëmmen en halleft Krichsschëff ass, well déi aner Hallschecht vun der Belsch cofinanzéiert gëtt.

„Kuckt, Monseigneur, d’Lydie an ech, mir zwee hunn hënt scho Roudemack, Zoufftgen, Volmerange-les-Mines a Séile bei Këntzeg gemat“, weist de Juncker elo op der CSV-Landkaart, déi ee bei de leschte Walen als bëllege Gadget krut. „Bleift elo also nach just hei vu Fruessem bis hanner Maarteléng. Am ganzen 43 Stéck.“

Nee, si réckelen all nuets d’Grenzpéil. Wonnerschéin!, denkt de Jang bei sech an hëlt säi Flachmann mat enger echter Éisléckerdrëpp aus dem Mantel.

„Hei, huelt emol e Schotz, dat gëtt Power an d’Been an an d’Äerm. Als Jeeër an als englesche Lieutenant, deen den 10. September 1944 mat den Amerikaner d’Stad befreit huet, weess ech, vu wat ech schwätzen.“

„Et ass eis natierlech eng grouss Éier, dass grad Dir als Dynastie Nassau-Weilburg, als Colonel vun den Irish Guards, Member vum Internationalen Olympesche Comité a Chef vun de Lëtzebuerger Scouten eis eng Hand mat upake kommt.“

„A mech freet et ganz besonnesch, dass ech no 36 Joer Palais elo a menger Pensioun nach eppes Positives fir Lëtzeböörg maache kann. Well just op Nationalfeierdag beim Fackelzuch vu Freed an d’Hänn ze klappen, dat depriméiert mat der Zäit, an du mengs, du wiers nëmme Grand-Duc am Land.“

De Jang strëppt sech d’Äerm erop, späizt an d’Hänn an éier e mat Spuet, Schëpp a Piousch ufänkt, setzt en nach eng drop:

„A franchement dit, et freet mech nach méi, fir grad eisem Josephine-Charlotte senge Pëgien déi aner Säit eppes ewech ze zoppen - zemol wou déi eis deemools de Fernsehtuerm vun Diddeleng ëmgerannt hunn. Mer zoppen hinnen alles, wat eis an d’Gräpp fält: den Areler Maart, de Cora an esouguer d’Puffbuden hanner Stengefort.“

Dach. Dat muss scho sinn. Herno hu mer zwar 700.000 Leitt am Land, an de Bistum muss e fënneften Adventssonndeg aféieren, wou d’Geschäfter op hunn, fir alleguerten d’Chrëscht-dagscadeauë kafen ze kënnen, déi souwéisou kee brauch - herno hu mer zwar 700.000 Leit am Land, ower kee méi am Guinessbuch vun de Rekorden, well d’Telefonsbuch esou déck ass, dass de Georges Christen et net méi zerrappt kritt – jee, egal wéi, herno hu mer zwar 700.000 Leit am Land, mä mir brauchen eis wéinegstens net ze quëtschen, an déi 439.539 Schouljofferen, Bus-Chauffeuren, Sekretärinnen, Zänndokteren, Gäertner a Ministere kënnen hire Kapp a Rou leeën: et bleift genuch Plaz fir jiddwereen, well si dräi hei, si hu schonn nees e Poul geréckelt, pake Spuet, Schëpp a Piousch op d’Schubkar an trëppele weider.

„Gesäis de, Jang“, klappt de Juncker der Altesse op déi groussherzoglech Schëller, „‘t ass weider net schlëmm, an d’Haaptsaach: mir gi Stéck fir Stéck méi grouss, ouni dass de Kadaster et mierkt.“

„Also, de Fransouse fält et och net op. D’Wolleke vu Cattenom koumen nach ëmmer iwwert eist Land, an hiren Tour de France fiert souwéisou elo am Juli bei eis fort.“

„Jo, an d’Belsch, déi komme jo scho laang an d’Belle-Étoile akafen“, seet d’Lydie.

„Voilà,“, laacht de Jang, „an da sinn se elo och éischter do …“