DE SCHNËSSERT

Vun der Long op d’Zong, an enger onlogescher Logik mat laange, komplizéierte Sazstrukturen, villen Zuelen a mathematesche Verenkungen iwwer kleng skurill A-Côtéë philosophéieren, déi dee Moment aktuell woren – dat wor de Konzept vun dem „Schnëssert“, joerelaang e feste Bestanddeel vun all Revue. 

 

Säit Enn den 80er Joeren hunn ech dem René Pütz (*) dës Texter „op de Leif“ geschriwwen, deen als „klenge Mann“ am bloen Aarbechtskiddel a karéierter Kap vun der Bühn erof ëmmer an direktem Kontakt mat de Leit wor, sou dass et eppes Lieweges gouf.

 

Well ebe villes haut aus der Zäit eraus ass, goufen op dëser Plaz nëmme kuerz Extraitën zréckbehalen – an och dëst muss een nach aus der Siicht vun deemools gesinn...

 

(Déi zwee Texter "1987-Computeritis" an "1988-Verkéierskontrollen" sinn am Fong geholl och Schnëssert-Texter.)

 

 

 

(*) gestuerwen 2002