„Les électeurs luxembourgeois seront appelés à se prononcer le 7 juin 2015 par voie de référendum sur différentes questions en relation avec l’élaboration d’une nouvelle Constitution.

Les citoyens seront consultés sur les questions suivantes:

1) la participation des jeunes dès l'âge de 16 ans au processus politique

2) les droits politiques des concitoyens non luxembourgeois

            3) la limitation dans le temps des mandants ministériels.“

(Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg / guichet.lu)

 

Eng véiert Fro:

          4) Approuvez-vous l’idée que l’Etat n’ait plus l’obligation de prendre en charge les   traitements et pensions des ministres des cultes reconnus ?

gouf no dem Accord vum 26. Januar 2015 tëscht der Regierung an den unerkannte Kierchen a reliéise Communautéite fale gelooss ...

 

JO ODER NEEN ?

(2015)

So, iwwerall geet rieds vun deem klenge Mann. Iwwerall heescht et: Wéi soll de Mann vun der Strooss dat verstoen? Wat soll de Mann vun der Strooss dovun denken? Mä jës, ween ass dee gudde Mann dann iwwerhaapt do? Ech hunn en nach ni begéint. Also, eent ass sécher: ech sinn et emol net. Et huet nach kee mech gefrot. Mä vläicht sinn ech och net deen, dee se sichen. Vläicht wor ech och just dann net do, wann déi aner koumen - oder waart emol: vläicht wor ech ni an der richteger Strooss, well wat fir eng Strooss ass dat iwwerhaapt, déi Strooss?

An dach soll et elo 2015 esou wäit sinn, mir ginn alleguerte gefrot. De 7. Juni. Vu mueres 8 Auer un. Een nom aneren.

Weess de, mir maache jo jiddwerengem alles no. Den Amerikaner mat dem Halloween, den Däitsche mat dem Oktoberfest, de Japaner mat dem Sushi - mä d’Schwäizer hu mer am léifsten: fir d’éischt baue mer Bierger am Éislek, dann erfanne mer och e Bankegeheimnis, wat zwar haut keent méi ass, an elo dee Referendum. D’Schwäizer maache jo fir all Klengegkeet e Referendum. Souguer ob et den nächste Sonndeg reene soll oder net. A wann do mat „Jo“ gestëmmt gëtt, da kanns de samschdes de Prabbeli eraushuelen, well da reent et muer. D’Wierder huet sech do drun ze halen. Mä hei bei eis ass et just konsultativ. Si froen de Leit hir Meenung. Mat esou Froen: „Approuvez-vous que ... Sidd Dir averstanen, dass ...“

An d’Leit wëlle jo och gefrot ginn, d’Leit wëlle matschwätzen. Huel nëmmen déi héich-intellektuell Kommentairen op RTL.lu oder déi sëllechen Online-Petitiounen, wou d’Chamber dran ersäift. Fréier si mer op d’Strooss gaangen, mer hu kilometerewäit gejaut – haut sëtze mer als Lidderhanessen doheem an de Schlappen an tippe just op de Computer. Ower dat da mat Roserei an der Panz, soen ech der.

Wittfraen a Wittmänner an d’Steierklass 2 am Plaz Steierklass 1a!

Méi Toilettë fir d’Bus-Chauffeuren op den Endstatioune vun hire Linnen!

GÉINT en Nato-Militärsatellit fir Lëtzebuerg, mä FIR en Eros-Center an der Stad!

 

Mä neen, ech komme mer ës net zou, an elo froen se eis wierklech.

E Referendum en vue vun enger neier „Perspektive fir Lëtzebuerg“ - oder dat, wat mat deene lappegen dräi Froen vun deem Referendum iwwereg bleift. Well esou eppes gëtt jo net gemat, wann d’Vollek et wëllt, mä nëmme just, wann et  d'Regierung arrangéiert.

E reng politesche Calcul.

An duerfir kënnt et och drop un, wéi d’Froe gestallt sinn. Kuck, eng Fro mat „oder“ geet net: Solle mer nach méi Radarfalen op d’Stroosse stellen oder nees beim Eurovisiouns-Concours matmaachen? – Wéi wëlls de dann do mat Jo oder Neen äntwerten? Solle mer de Cannabis legaliséieren oder d’Astrid Lulling nees mat an d’Walen huelen? Do wier souwéisou dat eent esou fatal ewéi anert.

Mä d’Leit mussen ower och iwwert d’Konsequenze vun hirem Jo oder hirem Neen opgekläert ginn. An der Schwäiz, okay, do reent da sonndes - mä wat bréngt et eis an eiser Staatsschold vun 11 Milliarden Euro, ob d’Auslänner an déi Jugendlech vu 16 Joer mat wiele ginn oder net? Et bleiwen nach ëmmer 14.000 op de Kapp. Ech hu se an ech weess emol näischt dervun, an esoubal e Kand op d’Welt kënnt, ierft et se vun deem, deen daags virdru gestuerwen ass.

Oder wat bréngt et eis, ob d’Ministere méi ewéi 10 Joer Minister bleiwen oder net, wa mer herno trotzdem esou Regierungen hunn ewéi mer eng hunn. Déi ass jo als Tiger ugetrueden an elo läit se just nach wéi am Dinner for one jiddwerengem an de Féiss.

An dann, jo schued, da wier déi véiert Fro komm.

Déi flottst.

D’Trennung vu Kierch a Staat, dat heescht vu Staat an de Paschtouesch-Peien. En Orgasmus fir „Libre Pensée“, „Liberté de conscience“ an d’AHA*, déi Anti-Hostecher-Aktivisten.

Mä do ass eis Meenung net méi gefrot. Well do haten si op eemol selwer eng. Schonn am Januar. Dat heescht, si haten souguer zu zwee eng, nämlech d’Regierung an d’Kierch. A well dat herno och nach déi selwecht wor, kréie mir déi Fro guer net gestallt.

Jiddweree vun hinne wosst ganz genau: et ass e Spill mam Feier. Egal wéi et ausgeet, 't ass ëmmer een, deen de Mätsch verléiert. An dee Risiko wollt keen agoen.

An am Fong geholl wollten se jo mat dëser véierter Fro just der CSV Feier bei d’Box maachen. Wéinst der Constitutioun. Well ouni eng Verfassungsännerung kann d’Koalitioun guer näischt reforméieren. Och net en vue vun enger neier „Perspektive fir Lëtzebuerg“. A fir sou eng Verfassungsännerung brauch se 2/3 Majoritéit an der Chamber, verstees de? Mä déi 2/3 huet Blo, Rout a Gréng net eleng. Si brauch also och nach d’CSV, verstees de? Mä déi wollt net fir eppes sinn, wou se am Prinzip dergéint ass. Voilà, an dat hunn déi aner net verstanen. Dat ass scho frustrant: du hues eng Iddi, mä keng Majoritéit. Nach vill méi frustrant ass et ower: du hues eng Majoritéit, mä keng Iddi. Et ass eben am Liewen ni just genau. Entweder et feelt engem eppes oder et huet een eppes ze vill. Hues de nuets eng Pann mam Auto, hues de kee Meedchen - hues de e Meedchen, dann hues de keng Pann – hues de ower béides, dann ass et mëttes hallwer eng, an du häls an der Neier Avenue.

Tjo an dann, da frees de d’Leit, wat s de maache solls. Also net an der Neier Avenue, mä en vue vun enger neier „Perspektive fir Lëtzebuerg“.

Oder du frees villäicht ower net alles. Wéinst deem Risiko do - et weess ee jo ni. Well dat eenzegt, wat ee weess: wann ee freet, da kritt een och eng Äntwert ...

Bon ... jo ... am Fong geholl ... et hätt een nach u vill aner Trennungen kënnen denken, wéi zum Beispill elo an der Zäit Luxleaks d’Trennung vu Lëtzebuerg a Weltfirmen ewéi Amazon, Louis Vuitton, Walt Disney asw., déi hei op hiren Honnerte Milliounen Euro Revenu knapps 1 oder 2% Steiere bezuelen.

Oder d’Trennung vu Staat a Monarchie. Well wann den Heng an d’Tréis den Zaldot virum Palais missten aus der eegener Täsch bezuelen, da géifen se mierken, dass e Gaardenzwerg am Wues et och mécht.

Oder eben, wéi an dësem Fall vun där véierter Fro, nach méi einfach an ee fir allemol: d’Trennung vu Politik an der Meenung vum Vollek. Well déi zwee zesummen ass Demokratie, an Demokratie ass eppes ganz Konfuses. Eng Diktatur wier do vill méi kloer. Do heescht et einfach: Vollek, kusch dech! Mä eng Demokratie muss op perfid Strategië kommen, fir dass d’Vollek dat wonnerbaart Gefill huet matzebestëmmen – ower och nëmme just d’Gefill, an dat wor et dann och schonn.

(De Santer sot jo an der Zäit: Gutt Politik ass Kompromisser maachen, bei deenen deng Meenung herno bleift, ower déi aner alleguerten der Meenung sinn, si hätte mat hirer Meenung matgehollef. De Juncker huet et duerno e wéineg méi brutal ausgedréckt: Politik maachen, ass esou ze schwätzen, dass d’Leit et net verstinn, an herno, wa s’et verstinn, dann ass ze spéit, fir sech opzereegen, well dann ass schonn alles décidéiert. Voilà! Déi Kleng, déi brauch een nämlech net ze fäerten, well wat schäisst et nuets de Mound, wann en Dackel en ubillt?)

 

 

A wéi et dunn ausgaangen ass, dat weess jo och all Mënsch ...

1. Fro : 80,87% NEEN

2. Fro: 78,02% NEEN

3. Fro: 69,93% NEEN

 

* AHA - Lëtzebuerg : „Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker“