Wärend Jorzéngte streit d’Ausland mat eis wéinst eisem Bankgeheimnis. Mä eis Banken a mir all liewe wuel gutt dermat - an net nëmmen d’Banken, awer och d’Boufferdéngsbrauerei mat hirem Slogan: „Entdeckt de sëffege Secret vu Lëtzebuerg - BOFFERDING“ …

 

DE SECRET VU LËTZEBUERG

(2004)

 

Hello !

Today we visit Luxembourg,

Luxembourg, where you can roam the rich green valleys,

where you really must meet the friendly inhabitants

and enjoy the tasty local gastronomy.

Let the vivid social life surprise you

and discover the glorious sport tradition

Visit the picturesque little villages

and do taste the national drink, the national secret  ...

 

(Originaltext aus der Reklamm)

 

Ech sinn d’Bankgeheimnis, dee sëffege Secret vu Lëtzebuerg. Mat raffinéiertem Outfit, Phantasie an dem perfekten Glamour an Ambiente kommen ech ewéi eng schmusereg Kaz ugeschlach. Ech lackele mat engem klenge Flirt, ech genéissen an halen de Mond. Ech bleiwen op Distanz a loosse keen u mech. U mech, u meng schwaarz Konten an u meng däischter Comptabilitéiten. A grad dat mécht mech esou attraktiv. Esou sexy an esou extrem déidlech. Heiheem grad ewéi an der Schwäiz, op de Bahamas, op Mauritius oder op de Cayman-Inselen.

Ech sinn d’Bankgeheimnis, dee sëffege Secret vu Lëtzebuerg. Ech sinn e schwaarze Vamp. Eng Hex. A looss de Preisen an de Pëggien och hir Amnestie Fiscale, fir hiert Schwaarzgeld nees milliouneweis mat niddrege Steiersätz heem ze rapatriéieren – ech, ech fänke mer de Vullegast an da maachen ech géint se eng Plainte um Europäesche Geriichtshaff, well laut Mënscherechter huet all Mënsch Recht op eng Wunneng, op Iessen an op e Bankkonto. Och bei eis.

Ech sinn d’Bankgeheimnis, dee sëffege Secret vu Lëtzebuerg. A kuck, d’Welt ass net nëmme ronn, mä virun allem grouss an d’Geld huet keng Rass, keng Relioun, keng Nationalitéit, an d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg ass grad esou staark ewéi seng Justiz schwaach an eise ganze System korrupt ass – mä sot mer éierlech: Kann ech dann elo dofier? Soll ech duerfir gebiischt ginn? Soll ech duerfir de Kapp hänke loossen? Zemol wann d’Regierung an d’europäesch Institutioune mir och nach d’Käerz am Däischteren halen ...

Ech sinn d’Bankgeheimnis, dee sëffege Secret vu Lëtzebuerg. An et ginn der vill, déi mech ëmgaachelen a beschwieren an dann heemlech denken: Fro mech, wat ech op menge Konten hunn, an ech soen der, wat s du mech kanns …

 

Bonjour

et bienvenue au Luxembourg !

Le Luxembourg, ses belles et vertes vallées,

ses habitants sympathiques et généreux,

sa délicieuse gastronomie locale ...

Laissez-vous surprendre par son intense vie sociale

et ses grandes traditions sportives !

Visitez ses villages pittoresques

et goûtez absolument la boisson nationale, le secret national  ...