PARKE VERBUEDEN !

(1985)

 (Dësen Text besteet och als Sketch

ënnert der Rubrik "SKETCHER")

FREIZEIT-REVUE !

DAS NEUE BLATT !

FRAU AKTUELL !

All Woch nei an Ärem Zeitungsbuttek!

Fir d'éischt déi elegantste Frisuren an déi ausgeflippste Fangerneel vum Iris Berben bis d’Kinnigin Beatrix, dann eng prominent Moude-Party mat dem Madonna a Galarobë voller Schlitzen an Décolltéën, esou dass de dech frees: Ass et elo dobaussen a wëll eran, oder ass et dobannen a wëll eraus?! - duerno säiteweis Menuer aus dem Maggy-Kochstudio fir déi modern, emanzipéiert Hausfra an an engem Exclusiv-Interview de gudde Rot vum Heidi Kabel: Fir dass e Kuch sech méi laang hält, soll een en einfach méi spéit baken.

An et ass grad wéinst deene Fangerneel an dem Kuch, dee sech méi lang hält aus der FRAU IM SPIEGEL, dass de Jemp Ackermann am Police-Büro schonn zweemol ganz onopfälleg gehouscht huet, well de Flick einfach net hannert senger Zeitung erauskucke wëllt.

„Dach, c’est ça, hei ass et. De Flickebüro vum Parken. Well schonn direkt, wéi ech erakoum, du hunn ech bei mer geduecht --- “

„Hee, lues, Meeschter! Dir hutt hei näischt ze denken. Wann iwwerhaapt een heibannen eppes ze denken hätt, da wier ech dat nach, no dem Reglement vum Haus.“

Uuh, dat koum elo ower ganz offiziell hannert där Zeitung eraus. Virun esou engem Toun an esou enger Argumentatioun muss een dach scho bal Respekt kréien. Dat wor d’Stëmm vun dem Gesetz. An am Numm vu grad deem Gesetz wollt de Jemp dach nëmme reklaméiere kommen.

„Wat? An elo och nach reklaméieren? Kuerz viru Feierowend? Also Dir sidd mir nu wierklech e revolutionäre Charakter. Mä éischtens gëtt hei net geduecht, zweetens net reklaméiert an drëttens scho guer net vun esou engem hondsgewéinleche Pupegen ewéi Iech. Allezhopp, Ären Ziedel. Meng Zäit gehéiert dem Staat. Dem ganze Grand-Duché.“

„A meng gehéiert mir, an duerfir elo emol net esou sturrazeg, dass mer d’Evenementer net duerchernee puchen, Här Police. Kuckt, haut ass jo Freideg, a wéi all Freideg sot mäi Josette zu mer: Jemp, sot et, bréngs de mer déi nei FRAU IM SPIEGEL mat. Wéinst dem Pamela Anderson, dat mat engem Bodyguard vum Karl Lagerfeld op senger Yacht photographéiert gouf. Mä mäi léiwe Beschten, enéierens eng fräi Parkplaz. ’t ass jo schrecklech haut an der Stad! An nodeems ech iwwert eng Dräivéierelstonn rondrëm gekierpt wor, hunn ech op eemol uewen an der Biedergaass eng 100 Meter Trottoir fonnt, wou kee Mënsch a keng Séil houl.“

An deem Kontext wëllt den Ackermann deem do hannert der Zeitung och nach vun dem Gloria von Thurn und Taxis sengem Horoskop an der Midlife-Crisis vum englesche Charel erzielen, mä neen, léiwer net, en denkt un déi haart Stëmm vum Gesetz an un d’Zäit vum Staat a vun der Natioun a wurschtelt genëschelt a senger grousser Plastikstut erëm, déi e mat erageschleeft huet.

„Mä dunn, passt op, Här Police, wéi ech du mat der FRAU IM SPIEGEL zréckkommen, du gesinn ech, dass ech groussaarteg bei engem Parkverbotsschëld halen. Kënnt Der Iech dat virstellen? Hei kuckt, ech hunn et extra ofmontéiert, fir Iech dervun ze iwwerzeegen.“

Neen! Also dat do ass déi éischte Kéier, dass de Policebüro esou eppes erlieft. Steet deen hondsgwéinleche Pupege mat engem Parkverbotsschëld do … Bal en hallwe Meter am Duerch-miesser. Deen doe gouf ze gliddeg gebuet.

„Hë? An dann hutt Dir och nach de Culot, fir heihinner ze kommen?“

„Ma jo sécher. Geet dat dann éieren nach net duer?“

„Wat?“

„Ma dëst Schëld.“

„Hopp, weist mer Ären Ziedel. Ech maache gläich zou.“

„Mä voilà, dat ass et jo grad. Ech krut iwwerhaapt keen Ziedelchen.“

„Dir ... Dir ... Dir krut keen? A firwat kommt Der da reklaméieren?“

„Mä ech halen houfreg an engem Parkverbot an ech kréie keen Ziedelchen ënnert de Wischer. An dobäi si mer dach alleguerte gläich virun dem Gesetz.“

Dee vun hannert der Zeitung huet seng Zeitung elo op d’Säit geluecht. Do sëtzt hien elo säit Joeren a Joeren hei um Büro, vu mueres bis owes kommen se mat faulen Ausrieden heihin, esou dass een alt mat der Zäit ufänkt, selwer drun ze gleewen, mä dass een op d’Iddi kënnt, fir hei Buttek ze schloen, well e keen Ziedel krut ...?!

„Dach, dach, Här Police, huelt et zu Ärer honorabeler Kenntnis: laut Code de la Route sinn ech am Feeler. An als éierleche Bierger halen ech op Gerechtegkeet. Ech wëll en Ziedel. Schliisslech sinn ech net manner ewéi déi aner.“

„O, wësst Der, wat Dir mech kënnt?“

„Jo jo, ech kennen se, déi Beamtementalitéit. Wann déi Iech alleguerte géifen, déi Iech kënnten, da misst Der Är Zeitung am Stoe liesen.“

Uuhh, dat doen deet wéi. Dat doen ass eng Attack op de perséinlechen Ego vun der Force Publique. Mä d’Force Publique denkt elo léiwer un de Feierowend a grommelt:

„Allezhopp, wëss Der wat: ech schreiwen Iech en Ziedelchen, an da kënnt Der Iech als Duerchzuch verkleeden an hei ofzeblosen.“

Ah, enfin, gesäis de! Et geet dach! An elo ass dee grousse Moment do: e Blad Pabeier gëtt mat dem Roude Léif lénks uewen am Eck an eng Schreifmaschinn gestach, an da fänkt déi Schreifmaschinn u mat tippen. Tatort? - Rue des Bains. Mattendran. – Auerzäit? - E puer Minutte méi spéit ewéi véierel op dräi, esou kuerz tëscht zwanzeg op a fënnef vir hallwer - an de Jemp Ackermann genéisst dat elitäert Gefill, fir an d’Annalë vun dem Grand-Duché senger Justiz anzegoen.

„Auto?“

„Eng schwaarz Limousine.“

„Immatriculatiounsnummer?“

„23.“

„Pardon?“

„Jo. 23. ’t deet mer leed, et ass net méi. Mäi Privatwon, an der Rei, dat ass den DS 762 an och nëmmen eng kleng, liicht sëlwreg gro Toyota, ower wiertes, wann ech mäi Chef am Regierungsrot ofsetzen --- “

Do hält d’Schreifmaschinn elo ower op mat tippen, dem Staat an der Natioun hir Zäit rappt d’Blad Pabeier eraus an zerknujelt d’Rue des Bains an d’Auerzäit fir an d’Poubelle.

Déngschtwon? Regierung? Ministren?

Et dréint him am Kapp, e fänkt un dronken ze ginn an ee Gléck gesäit e säi Funkapparat do leien.

„Hallo, hallo ... Eecherbierg an Theaterplaz? Gibbes, bass du et? Mä so, fuer emol bis an d’Biedergaass kucken, ob do Parkverbot ugeschloen ass. --- Jo jo, mat bloer Luucht, well ’t ass en héich-urgenten Dossier.“

„Also lauschtert emol!“, versicht de Jemp elo mat leschter Kraaft seng ugebrachen Éier ze retten, „mäin Toyota krut der scho wéinst vill méi klengen Topegkeeten opgepecht. Mä elo, wou ech eng Véierelstonn mudderséileneleng an engem Parkverbot halen, do ass kee Pechert am Stand fir ---“

„Här Ackermann, wéi kënnt Der dat dann iwwerhaapt beweisen?“

„Mä da kuckt: ass dat heient Schëld dann net Beweis genuch? Oder hätt ech de Potto och solle matbréngen?“

Déi Argumentatioun ass natierlech méi ewéi logesch a schwéier ze widderleeën, a grad dee Moment mellt sech de Funkapparat a kënnt him eng zweete Kéier zu Hëllef: Keng oniwwersiichtlech Kopp, keng Eisebunn, emol kee Parkverbotsschëld ... Do hu mer et jo!

„Okay, Gibbes. Merci dann. - Tja, Här Ackermann Als Malentendu wor et net schlecht, als Witz schonn e Krack besser, mä fir de Rescht geet et d’Baach an. Et deet mer leed, mä d’Enquête sur les lieux huet et konkret erginn: wou kee Parkverbotsschëld steet, do ass och kee Parkverbot."

"Wou kee Parkverbotsschëld steet, do ass och kee Parkverbot - jo, à première vue schonn  … mä … da kuckt hei ---" 

"A verstitt doriwweraus ze verstoen: d’Conceptioun vun der abstrakter Distanz zu der moralescher Instanz op banalem, mä psycho-sozialem Plang, déi mat enger legitimer Approche zu Paragraphen dësen oder deen negative Point de Vue vun onser groussherzoglecher Justiz, global, anal, struktural a quasi modo ipso facto ---“

An zou!

Feierowend!

De Jemp steet zwar schéi beläffelt mat sengem Parkverbotsschëld, senger FRAU IM SPIEGEL a sengem Fangerspëtzegefill fir Éierlechkeet a Gerechtegkeet virun där autoritärer Schrëft „Fermé“, mä säi Josette weess elo ower wéinegstens, dass d’Stéphanie vu Monaco wéinst dem Paul McCartney bal an enger thailännescher Sekt ënnergaange wor, an dass d’Liza Minelli, dat jo schonn esou vill Misär mat senge Rousestäck hat, elo och nach allergesch op de Kaschmir vu sengem Bettgezei ass ...