An den 80er Joere lancéiert de Ministère de la Santé eng Anti-AIDS-Campagne "D'Léift geet duerch de Gummi - AIDS net!"

'T ASS FIR SOU EN "DÉNGEN", MADAME

(1988)

 

Ronn Zuele si jo fir all Mënsch verschidden. Fir normal Leitt si ronn Zuelen 100 oder 1.000, fir d’Direktioun aus dem Supermarché éischter esou 7,99 Euro, fir Mathematiker den 3,14 oder d’Quadratwuerzel vun 2 - a fir gesond Männer sinn et Telefonsnummeren ewéi 0900 84 84 84.

Sex ass eppes, wat et nach ëmmer gouf. Doheem als Menu du Jour oder op frieme Matratzen à la carte.

Sex ass eppes, wat et schon ëmmer gouf - just d’Wieder ass méi al. Bis dunn ufanks den 80er Joeren deen AIDS do kënnt, an d’Leit, inclusiv déi duerchschnëttlech Lëtzebuerger, an HIV-negativ oder HIV-positiv opgedeelt ginn.

Mä de Grand-Duché kapituléiert net virun deem neien Ennemi. De Grand-Duché mécht nees eemol heroesch Resistenz, well eise Ministère de la Santé muerkst rondëm d’Auer un där präventiver, artistescher Anti-AIDS-Campagne „Eng Mutz fir de Wutz“, wou een déi verschiddenaartegst futuristesch Designer-Créatiounen fënnt, vum „Képi fir de Jépi“ bis bei de „Berri fir de Jerry“. Och wann dee „Képi fir de Jépi“ kaum eemol als „Képus fir de Jépus“ vum Vatikan helleg gesprach wäert ginn ...

Mä et gëtt se nun eben, den AIDS an déi „Mutz fir de Wutz“, an et gëtt och de Keeleclub mat dem Peiffesch Emil als Vize-President. An dee steet elo genéiert virun der Aptikt, waart bis déi zwee Clientë vun dobannen heibaussen sinn a geet dann, rout bis hannert d’Oueren, eran.

„An den Häerchen, wann ech gelift?“, freet d’Madame am wäisse Kiddel.

„Mä … mä … et ass dat elei, wësst Der … Sot, ass den Aptikter villäicht ower net selwer do?“

„Dach.“

„Ah.“

„Mä de Moment ass en um Telefon.“

„O. Hm, jo … also, ech wollt --- jee, de Fall ass dësen: ech sinn am Keeleclub bei eis doheem. Trach, Puddel, Kulang nenne mer eis. Echt, gediert? Zweemol an der Woch si mer um Dill. Eemol méindes an eemol freides. Quitte, dass et freides owes meeschtens samschdes mueres gëtt.“

Ween am Liewen net staark ass, dee muss séier fortlafe kënnen, a ween domm do steet, dee muss ebe schwätzen a schwätze kënnen, bis den Aptiker nees agehaangen huet. Mä deen, dee kann och schwätzen an nach ëmmer ...

„A mat deene Mënz, wësst Der, déi déi eng verléieren an déi aner forcément gewannen, well mer jo nëmmen déi eng géint déi aner spillen, domat finanzéiere mer eis dann eng vun deene villen, renomméierten Héichbuerge vum Lëtzebuerger Veräinsliewen: esou wor et virun zwee Joer de Rhäin zu Rüdesheim, d’lescht Saison hu mer zu Palma eise Mann gestallt an dëst Joer hu mer wëlles Paräis mat eisem Trach, Puddel, Kulang méi no bekannt ze maachen.“

„Also lauschtert emol, Monsieur, Dir sidd hei an enger Aptikt an net beim Sales-Lentz.“

Dat weess de Peiffesch Emil och an en dréint a kéiert a kéiert an dréint.

„Ma ja, grad duerfir. A wësst Der … jee, et geet jo esou vill rieds dervun … an driwwer … a rondrëmmer.“

„Hutt Der villäicht eng Ordonnance bei Iech?“

„Eng Ordonnance? Droleg! Brauch een dann ewell dofir eng Ordonnance?“

„Eng Ordonnance firwat?“

Ma gutt, déi do! Fir d'éischt hätt se gären eng Ordonnance dofir an da freet se op eemol firwat.

„Also lauschtert emol: mir fueren zu néng Mann héich eng hallef Woch op Paräis. Mont-Martre … Pigalle … Jee, Paräis ass jo Paräis an en zolitt Stéck vun eisem rouegen, klengen, brave Lëtze-buerg ewech.“

„O jo, wann Der iwwer Péiteng, Rodange a Lonkech fuert, ëmmerhin opmanst siwe Stonnen.“

„Ma ja, gesidd Der emol! An aus deem präzise Grond bräicht ech villäicht just eng Packung … jee, wéi soll ech mech verständlech maachen ----“

„Aahhh, mä da sot dat dach direkt!“, an d’Madame Aptiktesch hëlt eng Träppchen a weess direkt wouhin.

Do, voilà!, denkt de Peiffesch Emil, wor dat dann elo esou komplizéiert, al Tutsch!

„Mä sot, wéi vill … eh … wéi vill Stéck sinn iwwerhaapt dran?“

„Brauch den Här e grousse Pak oder mécht méi e klengen et eventuell och schonn?“

A währenddeem den Emil déi hallef Woch mat hire véier Deeg op de Fangeren ausrechent, geet d’Dier op an eng jonk flott Mausi kënnt mat hire flotte Been eran, Been vun ënne bis uewenhin. Mä dat fält dem Emil guer net op, well säi Bols schléit de Kopplabunz, a säin ënneschte Bludd-drock ass op eemol méi héich ewéi deen ieweschten.

„Eh … also, et ass mer grad esou ewéi wann d’Joffer hei viru mer gewiescht wier. Kommt Dir, Jëfferchen. Après vous!“

„Ma jo, den Här fiert op Paräis, Natascha. Mat sengem ganze Keeleklippchen“.

„Ouauhh! Paräis? Echt heavy!“, réngelt dat Klengt mat sengen Alentouren ëm de Vize-President erëm.

Mä dee vergeet bal a kritt just aus Héiflechkeet „Trach, Puddel, Kulang, enchantéiert …“ eraus.

An hei stellt sech dann déi grouss Fro: Huet den Aptiker e Secret Professionnel? Den Dokter huet et. Duerfir erkläert en och all Patient schéin eleng, u wat et bei him happert. Kënns de ower an d’Aptikt, stinn do zwanzeg Leit an da rifft d’Aptiktesch: Voilà, an zweemol Anti-Depressiva fir Iech, Madame! ... oder: Monsieur, dat heien ass jo d’Crème fir Är Hämorrhiden? - Schéi penibel! An d’Natascha mat deene laangen, flotte Been freet no engem Schwangerschaftstest an den Emil denkt: Aha! Dat huet also. An esouguer ouni.

Voilà, wéi gesot: penibel am Quadrat. Esou wäit zu dem Secret Professionnel.

Mä du kënnt d’Aptiktesch och scho mat enger Packung bei den Emil.

„Sot, et wäert jo ower alt een ënnert iech sinn, dee weess, wéi een dermat ëmgeet.“

D’Natascha kickelt fir sech. En Natascha mat laangen, flotte Bee bis uewenhin kickelt ëmmer.

„Also, Monsieur: annerhallef Stonn, éier et lass geet ---“

Den Emil kuckt eemol grouss. „Waaat? Annerhallef Stonn virdrun? Mä wou soll ech dann anner-hallef Stonn virdru scho wëssen, dass et annerhallef Stonn duerno wierklech annerhallef Stonn méi spéit ass?“

„Dach, well déi 50 Milligramm Dimenhydrinat an de Calciumhydrogenphosphat aus dem Reisegold, déi géint eng Hyperexcitabilitéit ---“

Elo kuckt den Emil nach méi grouss. „Wéi? Reisegold? Reespëlle fir de Bus?“

„Ma ja, Dir sot et jo selwer: Paräis ass wäit vu Lëtzebuerg ewech.“

Jo jo, siwe Stonnen, wann een iwwer Lonkech fiert, denkt en, mä nondikass, mir wëlle jo ower net op Paräis fueren, fir nëmmen am Bus ze katzen!

Eppes fir de Mo …! An dobei ass de Problem dach méi ënnen.

An och méi no vir.

Mä dat traut e sech net ze soen. An den Aptikter huet nach ëmmer net agehaangen.

„Hi, 't ass fir ausflippen!“, kickelen déi laang flott Been erëm eng Kéier. „Allez, gréiss mer Paräis, Klengen. Ech denken och un dech.“

An da sinn se mat den Alentouren an dem Schwangerschaftstest schonn nees zur Dier eraus. Mä hien, hie steet nach ëmmer do an denkt bei sech: Neen, Emil, déi doe versteet mech net.

„An, bräicht den Här da villäicht nach eppes?“

Mäi Gott komm, déi Aptiktesch ass jo am Fong geholl och scho méi vu gëscht ewéi vun haut a fir dass se sech déi Situatioun an hirer globaler Globalitéit plastesch virstelle kann, hëlt en e leschte verzweifelten Ulaf.

„Ma jo ... also, verstitt ze verstoen: de Reisegold ass zu dräivéierel ënnerdaach, de Bus-Chauffeur ass zefridden, an d’Keeleraiber vum Trach, Puddel, Kulang lafen an. Paräis ass ausser sech! An hei, am Laf vum fréien Owend ass et op eemol drop an drun, dass et méi spéit gëtt. A wat mengt Der wuel, wat e gudde Lëtzebuerger da mécht?“

„Ma e geet emol kucken, wou et eppes gëtt!“

Pou! Déi sëtzt.

Den Emil platzt bal vu Laachen, schummt sech da séier a platzt ower net, well schliisslech ass hie jo Vize-President. A Vize-President ass vill ze vill eng honorabel Fonctioun, fir ze platzen, an duerfir seet en einfach:

„Hoho, Madame ... sot ... mä nu sot emol!“

„Ma ja! Oder net?“

„Sécher. Dach.“

„Ah, gesitt Der.“

„Eben. Genee.“

E Genoss, wann ee sech am Liewen eens ass.

„A fir dee Fall am Allgemengen, ower och an avant-tout am Speziellen, do hutt Der dach an Ären Aptiktercher esou léif kleng Këschtercher ---“

„Jo jo, ewell sécher ass sécher.“

Sécher ass sécher! Ah, endlech huet se käppéiert!

D’Madame réckelt hir Träppchen méi no lénks a grommelt esou eppes ewéi: Eieiei, wat e Gedeessems fir sou eng Klengechkeet!

„Pardon?“ fiert den Emil an d’Luucht. Elo heescht et d’Éier an de gudde Ruff vum ganze Keeleclub ze verteidegen. „Seet déi 'Klengechkeet' dofir?“

Mä d’Aptiktesch huet dem Emil schonn nees eng nei Packung dohi geluecht. „Ech kann op jidde Fall e Liddchen dervu päifen.“

Wat? Si?

„Mir woren deemools och frou, dass mer se bei eis haten, wéi mer mat der Amiperas an d’Glottertal am Schwarzwald woren.“

Mat der Amiperas? Nee !

„Dach. Ëmmer wann eis d’Iessen ze schwéier um Mo läit, da spendéiert d’Sectiounskeess Klosterfrau-Melissengeist.“

Klosterfrau-Melissengeist!!! Den Emil ass um Enn.

„Zwee Kaffisläffelcher duerno an da sidd Der nees deen Alen.“

Zwee Stéck? Nëmmen? Mäi Gott, dat ass d’Welt jo och nach net ganz.

„Ower och no aner psychovegetativ Troublementer ewéi wibbleg Onrou virum Aschlofen, nervöst Häerzklappen, kale Schweess bei allméiglechen sensibelen Excitatiounen – esouguer bei Muskelkater a bei Hexeschoss mécht de Klosterfrau-Melissengeist de Mënsch nees monter --- Wéi? Dir sot näischt?“

„Firwat dann nach, Madame? Wou Der recht hutt, hutt Der recht. Dat do ass fir alles gutt. Dat mécht esouguer Wellblech riicht.“

A schonn nees eemol geet d’Dier op. Dës Kéier ass et keen Natascha mat Alentouren a Bee bis uewenhin. Dës Kéier ass et de Cricri. E jonken Hecht. Stramm duerchwuess. Gel an den Hoer a Knätsch am Mond.

„Hello, Vollek!“

Een deen vu lauter Liewe bal net méi goe kann an d’Nataschaën doruechter der Rei no ofschleeft.

„Sout, Monsieur“, seet d’Aptiktesch zum Emil. „Wier doriwwer eraus dem Här villäicht nach eppes gefälleg?“

„Eh … ma jo, also neen. Ech hu jo elo alles, wat ech net brauch.“

„An du, Cricri, wat dreiwe mer dann alt esou?“

„O Bomchen, den Owend geet et nees op en houfrege Sprong bei d’Zatzen op d’Gare. An duerfir kommen ech mer alt erëm e Grapp voll Gummie fänken.“

Gu ... Gu ... Gummien!

„Ha, do lecks de der de Mond, Kolleeg, wéi?“, laacht dee mam Knätsch a klappt dem Emil op d’Schëller, dass dee bal zesumme brécht. „Net dass et op eemol eng Quaddel op d’Päif gëtt, gelu, oder d’Schécks e Poulet am Schäffchen huet.“

Gummien!

Eng Mutz fir de Wutz!

De Vize-President schléckt, de Vize-President schléckt nach eng Kéier, wëllt eppes soen, mä et geet net. Villäicht grad esou gutt, well e wosst och net richteg wat.

An ee Gléck rett d’Aptiktesch elo d’Situatioun.

„Schonn nees, Cricri? Huel der léiwer e Beispill um Monsieur elei .“

„Un deem do? Ha, wéisou dann?“

„Mä den Här fiert dräi Deeg op Paräis an e brauch emol keng!“

 

An elo, elo huet den Aptikter dann och agehaangen ...