LIEWEG KULTUR

(2011)

 

Schnittercher um Éierewäin ass eppes, wat dach all verstännege Mënsch haasst ewéi d’Pescht.

Well ee jo dann och nach e Glas Wäin an deem anere Grapp huet. A grad dee Moment, wou s de mat dem Fanger probéiers, dass d’Crevette net vun dem Ee erofrutscht, well der virdru schonn d’Stéck Saumon mat engem Flapp Remoulade op d’Krawatt gefall ass, grad dee Moment kënnt dann ëmmer iergendeen, deen der d’Hand wëllt ginn.

An da stees de do. An deen aneren och.

Mä wat wëlls de hunn: haut ass e feierlechen Dag fir eist Duerf.

Eist Duerf ka sech fillen.

An et fillt sech.

Mat sengen 134 Awunner.

Well eist Duerf ass Kultur. Scho säit laangem.

Just dass et weider ni esou opgefall ass.

De Buergermeeschter zitt säi rout-wäiss-bloe Bändchen nach eemol iwwert de Bauch stramm, de Gemengesekretär réckelt him de Mikro richteg an hofft, dass säi Louise gläich ophält mat der Thilmany’s ze schnëssen.

„Dir Herrschaften aus dem Schäffen- a Gemengerot, Här Abbé, Här Läährer, dir prominent Autoritéite vu Kanéngerchesclub-Keesserevisor iwwer Pätter a Giedel vum neie Pompjeesfändel bis op Bréifdréier a Schwaarzbrenner – Madame Kulturminister!“

Den éischte Schäffe stéisst e genëschelt vu riets an d’Säit, an den zweete Schäffe pëspert him vu lénks eppes an d’Ouer.

D’Madame Minister ass jo nach guer net do.

Mä dat ass dem Buergermeeschter egal. Elo, wou e schonn eemol Otem an Ulaf geholl huet, elo geet et och weider.

„Ech begréissen Iech also hei, wou d’Welt mat Brieder zougeneelt ass, an och wa kee weess, vu wellecher Säit d’Neel ageschloe sinn, esou huet dach all Kaff net nëmmen eng Epicerie an en Dreckstipp, mä och a virun allem säi Centre Culturel mat deem eis Kultur steet a fält an do leie bleift.“

Ah, déi Rhetorik do, déi sicht hiresgläichen - déi Rhetorik do geet einfach ënnert d’Haut.

„An duerfir, dir Dammen an dir Hären, duerfir si mir haut mat der ganzer Welt-Press, vum „Le Monde“ bis bei den CNN an der „Frankfurter Allgemeine“ – déi sech ower alleguerten entschëllege gelooss hunn - hei bei eisem Sprangbuer zesummen, fir deen 349. an domat zugläich deen allerleschte Kulturzentrum am Land mat dëser akademescher Séance académique akademesch anzeweien.“

„Nu stell ee sech dat vir!“, héiert een nach dem Gemengesekretär säi Louise dertëscht. „Mir wore bis haut déi eenzeg, déi nach näischt esou eppes haten!“, an dann hält et de Bak. De Gemenge-sekretär ass zefridden.

„An, léif Invitéën, dass d’Kultur bei eis grouss geschriwwe gëtt, dat beweisen net nëmmen déi zéch Kapesëtzungen an der Fuesend, neen, mä ëmmerhin hu 86 vun eisen 134 Awunner Medailë vun der UGDA un der Broscht hänken, well se all Joer op de Grillfester iwwert de Kotletten ze drëpse stinn oder Veräinsausflich op de Rhäin organiséieren.“

Alles klappt an d’Hänn. Abbé, Här Läährer, Pätter a Giedel vum Pompjeesfändel, Bréifdréier a Schwaarzbrenner. O jo, an de Bréifdréier ka sech nach gutt un déi lescht Studierees op Rüdes-heim erënneren. Wéinst sengem Kaméidi nuets am Hotel kruten se mueres vun der Patronne Gesiichter geschnidden a keng Zoossiss fir op d’Schmier. Mä kann hien derfir, wann déi dräi, déi en op d’Zëmmer geschleeft hunn, esou knätsch-geluede woren, dass se hien zweemol d’Trap eroffale gelooss hunn?

„Duerfir léif Sopranistinnen an Tenoren, léif Tombola-Lous-Verkeefer a Jummdeckelsschléier, duerfir éiert et mech dësen 349. Centre Culturel senger emanenter, importenter Bestëmmung ze iwwerginn. A fir déi Emanenz an déi Importenz an hirer multikultureller Polyvalenz ze verstoen, muss ee sech tout d’abord déi fundamental Fro stellen: Wat ass dat iwwerhaapt Kultur?“

Uuhh, do huet e sech elo op groussen Terrain gewot. Grouss a wäit an oniwwersiichtlech. Wat ass dat iwwerhaapt Kultur?

De Buergermeeschter mécht eng kleng Paus. E waart, bis de Kierchtuerm fäerdeg ass mat véierel vir ze lauden. Zweemol fir véierel op, véiermol fir hallwer, aachtmol fir véierel vir. E waart, en zielt mat a kuckt ganz intellektuell dran.

Tjo … ma jo ... wat ass dat iwwerhaapt Kultur ...?

Also, et ass emol ganz bestëmmt net d’Philharmonie, d’Escher Rockhal oder de Pei-Musée op den Dräi Eechelen, och wa se do deslescht déi neitste Creatioun ageweit hun - dobei hat eng Botzfra nëmme just hire Schruppert an hiren Eemer stoe gelooss -, an et ass ganz bestëmmt och net de de Stater Theater oder de Wëltzer Festival mat dem Nabucco, dem Don Carlos oder der Aida, well eng Oper ass jo just eppes, wat ëm 8 Auer ugeet, a wann een no dräi Stonnen op d’Auer kuckt, dann ass et hallwer 9.

„Voilà, léif Noutestänner-Schleeferten, léif Trompetten-blénkeg-Reiwerten, wat Kultur ass, dat … dat … wéi soll ech et formüléieren, fir et richteg ze formüléieren? … dat si mir. Dat bass du an ech. Kultur ass dat, wat am Vollek lieft. Dat wat him vun ënnen eropstéisst. Dat wat jiddweree vun eis mat senge Medailen an Diplomer vun der UGDA ziicht a repiquéiert. Well kuckt, wéi viru Joeren eise Foussball, den F.C. „Eelef Meter“ no 27-jähregem Bestoen säin éischte Gol geschoss huet, du gouf dat schonn e Volleksfest mat Fräibéier nom Mätsch, mä wéi dunn eis Musek och nach ee fonnt huet, dee genuch Loft hat, fir kënnen an den décken Tuba ze blosen – ei, ech ka mech nach drun erënneren, ewéi wann et gëschter gewiescht wier, du huet dat ganzt Duerf zesumme mat dem Kulturministère an der ganzer Regierung eng hallef Woch blo gemat. A wann een da bedenkt, dass mer och nach zwou Choralen hunn, eng fir an de Prouwen an eng fir nuets heem, dann hätt de José Carreras an de Luciano Pavarotti deemools och net extra missen op Lëtzebuerg kommen.“

Sou. Dat wier emol gesot.

A gutt gesot.

Et schaalt nach wéi laang aus den zwee Lautsprecheren iwwert dat ganzt Duerf, an 134 Leit klappen an d’Hänn. Neen, nëmmen 133. Well de Buergermeeschter réckelt säi Brëll nees erop a sicht als Ofschloss vu senger Ried nach no engem philosopheschen Zitat vun engem vun deene villen, vun deenen ee mengt, si hätten nëmme just gelieft, fir zitéiert ze ginn, mä e fënnt keent.

Also misst elo d’Chorale sangen, déi eng oder déi aner, mä et séngt keng, dem Dirigent sinn d’Nouteblieder fortgeflunn.

An och d’Musek spillt net, well se sech zu véier a véier hannertenee opstelle sollen, mä bei de Klarinette feelt den éischte Schäffen, dee steet jo nieft dem Buergermeeschter, also sinn se nëmmen zu 15, an dat geet jo dann zu véier a véier net op.

En plus ass d’Ministesch och nach ëmmer net do.

Bon. Da geet et eben direkt op den Éierewäin. Mat de Schnittercher voller Crevetten a Remoulade-Zooss.

Vive eist Duerf!

Vive eise Centre Culturel!

A vive bei de Comptoir!