Gesetz vum 3. August 1998: Grouss Reform vun de Staatsbeamten-Pensiounen ënnert dem Premier J.-Cl. Juncker an dem Minister vun der Fonction Publique M. Wolter

FËNNEF-SECHSTEL

(1998)

 

PENSIOUN ass, wann ee ka mëtwoches mueres entweder leie bleiwen oder einfach seng Waliss paken an dorower op d’Côte fueren ...

PENSIOUN ass, wann een d’Onkraut net eréischt iwwert de Week-End oder am Congé ka rappen, mä ëmmer direkt, wann et nees e Stéckelche gewuess ass ...

PENSIOUN ass, wann een ni Zäit huet, an dovunner da méi wéi genuch ...

PENSIOUN ass, wann ---

--- jo, wann ee mol fir d'éischt geschafft huet ...

 

An am Fong wore si nach ëmmer d’Stoussnéckele vun der Natioun, déi Staatsbeamten. Net nëmmen, dass se an der Disziplin vun de faule Witzen déi Belsch scho laang iwwerholl hunn, wéi se als Fonctionnaire do fonctionnell fonctionnéieren, neen, Enn vun den 80-er Joere kruten se eréischt hiren 13. Mount.

An nach nëmmen en hallwen.

Iergendeng Kéier méi spéit dunn ower ganzen.

An esouguer Iessgeld.

140.- Frang pro Dag ...

Mä och op politesche Fronten hu se ze kämpfen. Virun allem säit 1987. Do koum nämlech esou en Aktiounskomitee op déi aktivistesch Iddi „5/6 Pensioun fir jiddwereen“. Also net nëmme fir de Fonctionnaire de l’État, mä och fir dech a fir mech a fir all Mënsch am Land heibannen. A kee Wonner och, dass se mat där aktivistescher Iddi no den nächste Walen och direkt honorabel an der Chamber souzen. 1992 hu se sech zwar als „Aktiounskomitee fir Demokratie a Rente-gerechtegkeet“ ëmdeefe gelooss, mä si haten ower nach ëmmer déi louder 5/6 do am Viséier. Dat wor fir si e rout Duch. An hir Calculatioun konnten se der op all Béierdeckel maachen. Rechen emol mat: Vun iwwer 16.000 Staatsbeamte mat 5/6 vum Endgehalt bleiwe logescherweis och 16.000 eenzel Sechstel iwwereg. Vu jiddwerengem een. Wa se déi elo op d’Privatbeamte mat hirer schappeger 2/3-Pensioun verdeelen, da kriten där ronn 8.000 eng vun 100%. Well se ower nëmme 5/6 wëllen, grad ewéi d’Kolleege vum Staat, bleiwen also nees eemol 8.000 eenzel Sechstel do leien an dat géng nees duer fir 4.000 anerer. Et ça continue et continue comme ça. Grad ewéi wann zwee Vollerten een deen aneren heemféiere wëllen, dat kritt och in alle Ewigkeit Amen ni en Enn.

Dach. Dat heien krut säint ower schonn.

An zwar am September 1998.

Du léisst de Memorial nämlech d’Kaz aus dem Sak: REFORME DES PENSIONS DES FONCTIONNAIRES. Loi du 3 août 1998 portant modification vun hei a vun do a portant modification vun dësem an deem, loi modifiée vun enger loi modifiée – jee, mat lëtzebuergeschen Ënnertitelen heescht dat, dass laut Arithmetik 5/6 wuel nach ëmmer 83,3% sinn, mä nëmme just op dem Pabeier, well fir déi méi Jonk bleiwen ëmmer manner där Prozenter iwwereg.

Joer fir Joer geet et stéckelchesweis biergof.

Tjo, de Grand-Duché huet zwar elo en Auchan um Kierchbierg, d’Lëtzebuerger Wort hir 150 Joer an de Jacques Santer steet och zu London bei der Madame Tussaud, mä neen, d’Welt ass net méi déi vu virdrun.

5/6 ... dee Broch gong an d’Bréch!

A well een an der Pensioun nun ënner anerem ka mëtwoches mueres entweder leie bleiwen oder einfach esou op d’Côte fueren, duerfir sëtzen elo hirer zwee zu Cannes op der Croisette bei engem Pastis a si kucken de Petanque-Spiller no, de Welle vum Mëttelmier, de Yachten, de Surfer an heiansdo och de Bikinie mat der Bikini-Figur ronderëm.

- Ma jo ...

- Du sees et ...

- An?

- Wéisou op eemol: An?

- Ma ja … ech menge jo nëmmen.

- Dat stresst ower.

- Mä ech soen der, ech sinn op jidde Fall frou.

- Firwat?

- Ma dass meng Mamm virun 62 Joer mat mengem Papp an de Kino war. „Henker, Frauen und Soldaten“ mat dem Hans Albers.

- Mam Hans Albers? Pff!

- An duerno an d’Gewan. Kucken, ob d’Sonn och wierklech ënnergeet, wa se ënnergeet. Verstees de?

- An ass se dann ënnergaangen?

- O, sou wéi ech mäi Papp kannt hunn, bestëmmt e puer Mol. Mä mat deem Geschéck hunn ech der elo schonn 61 an et hëlt kee mer se méi ewech.

- Wat? Deng 61 Joer?

- Neen. Mä meng 83,3 % Pensioun.

- Ah, du sees et. Eng ganz Carrière laang souz ee bei dem Staat breet a gutt geniert um Bürosstull ze vergadderen, an dann um Enn keng 5/6?! Ech géif engem Watgelift houschten.

- Gesäis de! Ah, dat wor fréier nach Rentegerechtegkeet.

- Tjo, mir, mir hunn eis, mä lo maachen se ower schéin hannert déi aner.

- Wee mécht wouhinner?

- Mä de Juncker an de Wolter. Hannert déi, déi se nach net hunn, well hir Mamm den Hans Albers net konnt gesinn.

- Jo. Déi hänken elo. Déi kënne sech hir 83,3 % iirgendzwousch histiechen.

- Fir all Joer ze spéit an de Kino, da si fir de Filston herno e puer Prozent méi duerch d’Päif.

- Kuck, déi, wou de Papp eréischt bei d’Marylin Monroe gaangen ass, do fält de Knëff ënner 78%. Mat dem Gina Lollobrigida alt esouguer bis op 72.

- Kee Wonner, dass se do aus der Wäsch fueren.

- Ween? D’Marylin Monroe an d’Gina Lollobrigida?

- Neen. Mä déi aus der CGFP an de ganze Rescht. Obschonn dass dat bei deenen aneren zwee méi intressant wier.

- D’Rentemauer! Iwwerall heescht et: Mir rennen an eng Rentemauer! A pass op, wa mer fäerdeg sinn, da léisst de Woltesch Mischi och nach de Code de la Route änneren.

- De Code de la Route? Wéisou?

- Ma ja. Alles beim Ale loossen an dann de pensionéierte Staatsbeamten et fräi stellen, fir bei rout iwwert d’Strooss ze goen.

 

Jee, PENSIOUN ass, wann op der aler Aarbecht erlauter nei Gesiichter sinn ...

PENSIOUN ass, wann ee kann zu senger Fra soen: Neen, haut schielen ech der keng Gromperen, haut ginn ech Golf spillen ..

PENSIOUN ass, wann ee beim Pastis de Bikinien nokucke kann ...

Mä PENSIOUN ass eben och, wann d’Mamm deemools mat bei den Hans Albers gaangen ass.