1990 – „ZUPPERDRECKSKËSCHT“

 

(kënnt mat zwee Dreckskiwwelen)

(...)

Déi ganz Héichkonjunktur léisst sech duerch eng Statistik vun der EG-Kommissioun erklären, dass d’Lëtzebuerger net nëmme virun deenen aneren Europäer mat 22 Liter Branntewäin an däersgläiche pro Strass am Joer op éischter Plaz tierkelen, mä eben och dass mer déi gréisste „Fournisseuren de la Cour“ sinn: mir droen nämlech dee meeschten Dreck hannenaus an den Haff. An 12 Méint esou cool 360 Kilo op de Kapp. (zu enger vir an der Rei:) Ah, wat ass een do esou stolz Lëtzebuerger ze sinn, gediert, Madame. – A mat deem Geschéck musse mer eis all op d’Zéiwe stellen, fir nach aus deem houfrege Bruttosozialprodukt vu ronn 150.000 Tonnen erauszegesinn. Tja, wann et och mat de Lëtzebuerger biergof geet, mat dem Dreck vun deene puer, déi dem Grand-Duc nach iwwereg bleiwen, geet et op jidde Fall monter biergop, a mer musse kucken, dass mer eis do erausgestruewelt kréien. A fir op déi nächst Loft ze waarden, dass déi eis e mat ewechbléist, versprécht och net alles, well deen eenzege Virdeel vun esou engem Stuerm iwwer 120 Kilometer à l’heure, dat ass, dass e séier laascht ass. (*)

Mä 't gëtt haut ëmmer méi komplizéiert, fir méi einfach ze liewen, fréier wor eben alles méi drecksnormaliséiert: kuckt, freides hu mir aner an engem Duerf mat CSV-Majoritéit nëmme Sprenzen an de Poubellë fonnt, duergéint hate mer méindes virun allem eidel Rollmops-Glieser vun dem décke Kapp nom Week-End – mä haut, haut riicht sech eise Patronat no de Yuppi’s-Reklammen, fir seng Leit anzesetzen: sti Sardinnen um Programm, abee gutt, da ginn d’Blechexperten erausgeschéckt - bei Kachkéis a Biekerecher-Waasser, déi aus der Plastiksbranche - bei Hoerspray oder Deodorant-for-men d’FCKW-Ozonspezialisten - a bei Cognac, Meeschterbock oder Château-Neuf du Pape, do si laut Kollektivvertrag all Krankeschäiner a Congé gestrach. D’Vinsmoselle an d’Boufferdengs-Brauerei krute jo vun der Sécurité sociale hirem Mady Delvaux d’Couronne de Chêne fir de Slogan: Wann een op deem anere seng Gesondheet drénkt, dann hu mer d’Krankekeese séier aus dem Defizit eraus.

(...)

Déi grouss Superdreckskëscht ower, dat ass d’Fin de Carrière fir héichkaräteg Onverdauleches, wéi Autosuelech, al Batterien, ofgelafen Anti-Baby-Pëllen, schwaarz Keesen aus dem Centre Thermal vu Mondorf - mä wat och nach vill méi Liewen dra brénge géif, dat wieren déi kéipweis Charcuteries-Filmercher vun RTL-Plus-Sex. (**) Et wibbelt jo vu Protest-Lieserbréiwer vu Leit, déi op jidde Fall gutt am Bild doriwwer musse sinn, well ech hunn doheem eng Televisioun, bei däer een näischt gesäit, wann ee se net virdrun opdréint ...

Op jidde Fall huet de Ministerrot an d’Chamber sech dee ganzen Dreck emol duerch de Kapp goe gelooss, schéin Tonn fir Tonn, Poubelle fir Poubelle. (wullt a sengem Dreckskiwwel) 2,5% Metall, 6,4 % Plastik, 7,2% Glas, 18,1 % Pabeier a Kartrong --- jee, eng gutt Portioun vun deene Prozenter, déi gi recycléiert, wéi zum Beispill „Heimat und Mission“ an d’Mariekalenneren, fir d’Tageblatt oder déi kommunistesch Zeitung ze drécken, an de Premier huet sengersäits och ënnerstrach, d’Lag vun der Natioun net méi ze déclaréieren, mä ze kompostéieren, well de Prinzip vum Kompostéieren ass jo alles esou laang leien an trëllen ze loossen, bis de Wuerm dran ass ...

( ... )

 

(*) Am Januar, Februar a Mäerz 1990 ginn déck Stierm iwwer d’Land an hannerloossen e.a. 1,4hunn ﷽﷽an hunn ostalgie ... esou ... mä op jidde Fall 1,4 Millioune Kubikmeter Holz vun ofgebrachene Beem.

(**) Vum Januar 1990 u sent RTL-Plus d’Erotik-Show „Tutti-Frutti“.

 

 

1991 – „GARE LA BOX“

 

(kënnt mat engem Weenche Wallissen a Reesbagage)

Do wosst ech emol guer net, dass Säckdréier och e Beruff wier … An zemol elo, wou Lëtzebuerg d’Presidentschaft vum EG-Conseil (*) huet, kritt en aneren hei laang Äerm: bal fiert de Santer an de Poos fort, bal kënnt de Papadreou an de Genscher un ---  (hëlt de Questionnaire vun der Volkszählung aus der Täsch) An eben an där Qualificatioun krut ech vun der STATEC Iwwerstonne bezuelt, fir bei hirer grousser Volkszählung vum leschten 1. Mäerz deen Export an deen Import hei ze kontrolléieren, net dass mer der herno an eiser nationaler Comptabilitéit ze mann oder ze vill doruechter lafen hunn.

An esou enger Volkszählung gi jo d’Leit gezielt – a wat goufe mer gezielt, hannertzeg a vijenzeg, vum Werner bis op de Girardelli a vum neien Erzbëschof bis op d’Tatta Sidonie aus dem Kréimesch Pier sengem „Stamminee“.

384.400 Leitt, déi alleguerten esou originell op de Photoe vun den neie Carte d’identitéë gerode sinn (**)

384.400 Leit, Schoulmeeschteren, Bus-Chauffeuren, Affekoten an esou weider bis op Paschtéier, Härekächen, Déierendokkteschen an Eisebunnerten – mat deenen d’CFL all Joer hire Benefice mécht. Dach, kuck, als klengen Eisebunnert hues de jo den Zuch fräi, fir op Kautebaach fëschen ze goen, mä déi allermeescht Eisebinnerten ginn ower net fëschen ... also ... gutt, hë?

Ah, Statistik huet mech nach ëmmer faszinéiert! An esou mueneches hu se bei där Volkszählung do jo och spatz kritt. Intressant ass et zum Beispill fir eis Rentepolitik, dass blouss 2,6% vun der Populatioun méi al ewéi 80 Joer ginn. Deemno stierft also nëmme ronn all 50. Lëtzebuerger mat 90 – fir déi aner 49 ass da sécher de Musée zoustänneg. Mä och de „Foyer de la Femme“ an d’„Fraen a Mammen“ ginn net krupps, well d’Frae gi jo am allgemenge méi al ewéi d’Männer – virun allem emol d’Wittfraen. An esou kommen op 1 Mann iwwer 75 Joer 3,59 Fraen. Also ronn 4 Stéck. Wat natierlech 50 Joer éischter vill méi interessant gewiescht wier …

Eis Politiker goufen nach enger spezifescher Rubrik ënnerworf, an zwar: Wéi dacks hutt Dir eng Iddi, wann der eng hutt? Doraus stabiliséiert sech hir Produktivitéitsfrequenz ëm 73,6 – dat heescht, jiddwereen, och a virun allem de Fischbach mat dem neien hallwen 13. Mount vun de Staatsbeamten - (***), huet statistesch nëmmen all 73,6 Deeg eng ... Dovun daacht nach all zweet dem Hond hannen net ganz vill, an esou kënnen d’Staatsbeamte mat hirem ganzen 13. Mount bis an e puer Joer waarden ...

(...)

Mä komme mer zu méi enger konkreter Applicatioun. Eis Familljenimm! Kuckt emol ëm iech. Ënnert deenen 900 Leit den Owend hei am Sall sëtze statistesch gesinn 8,9 Schmitten a 6,2 Weberen, well et eben am ganzen 3.617 Schmittercher hei am Land ginn, déi kloer virun den 2.582 Weberen un der éischter Plaz leien. A well nun ebe laut Questionnaire 91% vun eise Stéit en Telefon hunn, 85% eng Buedbidden an 98% eng Televisioun, fanne mer primo eraus, dass 112 Webere sech roueg an d’Bidde leeë kënnen, ouni dass hiren Telefon rabbelt, well se jo keen hunn, a secundo, well an 1.145 Schmittefamilljen e Fernseh steet, ower blouss a 85% eng Buedbidden, leien also all Woch 198,3 Schmittercher ongewäsch virun der „Lindenstraße“ an dem „Hei elei, schlof derbei“ ... Ah, dat ass Statistik, wéi?

(...)

 

(*) Vum 1. Januar bis den 30. Juni 1991 huet Lëtzebuerg d’Présidence vun der „Europäescher Gemeinschaft“.

(**) Duerch e Règlement ministériel vum 12. Juni 1989 gëtt den neie Modell Carte d’identité agefouert mat fest-integréierter Passphoto-Copie.

(***) "Loi du 12 décembre 1990 : Art. 29ter. Allocation de fin d'année. I. Le fonctionnaire en activité de service bénéficie d'une allocation de fin d'année, non pensionnable, payable avec le traitement du mois de décembre. Le montant de cette allocation est égal à cinquante pour cent du traitement de base dû pour le mois de décembre.(…)"

 

 

1992 – AUSVERKAF

 

(dréckt als Caddy-Boy e ganze Stouss Caddyen eran)

Ah, der Däiwel! Hei muss de scho bal méi Power an den ieweschte Strämpelen hunn ewéi eisen neien Herkul Grün – well ass et fir en Demy-Car, en CFL’s-Wagon oder e Luxairs-Fliger mat den Zänn ze zéien, hopp, „kriss d’en“ oder „kriss d’en“ en net? a scho steet de Georges alt nees eng Kéier am Guiness-Buch.

Mä keng Angscht, eist Land ass souwéisou eppes ewéi e Wimbeldon vun deene komeschste Weltrekorder. ( ... ) Ee Rekord um aneren. Huelt nëmmen déi nei T.V.A. Domat säckelt onse Staat e Plus vu wéi vill Milliounen pro Joer an. Ower ee Moment, de Witz derbei ass, dass du an ech duerfir ower keen Zantimm méi aus denger Täsch bäilees. Kuckt, well de Schockela jo vun 12% op 3 erofgaangen ass – Differenz 9 – de Béier ower blouss vun 12 op 15% klëmmt – Differenz 3 – (zu enger Fra vir an der Rei:) esou huet Ären Emil-Arthur bei all „Mon Chéri“, déi Dir knabbert, dräi Fläsche Boufferdeng ze gutt. Dat ass dach logo, oder? – A well vum nächste Joer un de Persil och nach vu 6% op 12 an d’Luucht geet, an de Kino jo elo scho vu 6 op 3 gefall ass, muss de also zweemol méi dacks an den Utopia goen ewéi doheem d’Kalzonge wäschen, fir dass déi ganz TVA-Harmonisatioun sech iwwerhaapt rentéiert. An dobei géife mer och nach tonneweis spueren, mengt de Juncker, well Iessen a Bauen an C&A op superreduzéiert 3% gefall sinn. Mä éierlech gesot, wat huet en ale Mann ewéi ech doervun, dee säin Haus do stoen huet, a keng Kannerschong méi erapasst a wéinst sengem Gebëss kee „Milka-Suchard“ méi iesse kann, hë?

An dann dat neit Mediegesetz (*), dat ass och eng Plaz ënnert de Rekorder wert. Stell e gesonde Mënscheverstand sech dat vir: do kommen elo nieft 92,5, Lëtzebuerger Wort, Tageblatt, Journal asw. nach e soziokulturelle Sender, all Dag en „Hei elei“, sonndes esouguer zwee, an en plus 40 lokal Radioen an d’Haus. Nee, reng kommerziell gekuckt, esou vill Affären an Topegkeete kënnen eis Politiker beim beschte Wëllen an trotz aller kompetenter Kompetenz net komme loossen, fir dass dat sech rentéiert ... an dee Rekord packen och emol d’Chantierën op eise Stroossen net: wann s de do eemol op fënnef Kilometer kee Lazzara-Bagger oder kee Sogéroute’s-Schlakekoup begéins, da kënns de der vir ewéi en Alkoholiker, dee mueres virum Zännwäschen nach kee Quetsch kritt huet.

(...)

An dann an de Finanzen an hire sëllechen Nullen, do kréie mer wierklech den Nobelpräis vun de Rekorden! Sécher, Geld ass net alles. (zu engem vir am Sall:) Kuckt, Dir mat Äre 60 Millioune kënnt dach genau esou glécklech sinn ewéi ech mat mengen 61, gediert, mä trotzdem, eise Staatsbudget muss gutt vu Jänni-a-Männi-Affer sanéiert ginn, well fir 500 Millioune si mer op der Weltausstellung zu Sevilla derbei a mat 5,3 Milliarden op den Dräi-Eechelen, (**) fir déi vun Ufank un nach ëmmer zwee Mann derfir woren. Nämlech de Santesch Jak. Dach, well e sot op engem Pressebriefing zu mer: Ah, sot en, ech si ganz menger Meenung. – Okay, dee chineesesche Pyramiden-Architekt mengt et jo nëmme gutt mat deenen ale Maueren do uewen, mä ëmmerhi geet et ëm „ming Pei, ding Pei“, ower net ëm „sing Pei“. Vollek, 5,3 Milliarden, rechent, dat maachen houfreg 14.000 Frang an e puer Zerquëtschtener pro Tête de Pipe. An dat als Cadeau fir eise Jang. Ouni emol invitéiert ze sinn ... Also, do wier ech scho léiwer mat zwou Fläschen neie „Crémant de Luxembourg“ (***) bei en heem gelaatscht, säi Josephin hätt se gekäppt, a mer hätten allendräi méi dervu gehat wéi ech vu menge 14 Groer, déi ech net méi hunn, a si zwee vun engem Musée, wou bis haut nach kee Mënsch weess, wat mer iwwerhaapt hunn, fir dranzesetzen, ausser enger Tiitche Stëbs aus de Pafendaller Zalotekautsche mat 80% Zénk vun der Rouder Bréck, héich ugeräichert mat authenteschem Vanadiumoxyd aus der Dummeldénger CASA, enger Fläsch Sauerwaasser mat der Garantie vun der Santé op 421 mg H20 pro Liter Salmonellen, dem Andy Bausch seng Kap an dem Frantzen Nik seng Velospompel.

(... )

 

(*) „Loi du 27.Juli 1991 sur les médias électroniques“

(**) Ufanks der 90er Joere presentéiert den Architekt Ieoh Ming Pei déi éischt Pläng vun engem neie Musée fir modern Konscht op den Dräi Eechelen, Pläng, déi deemools op starke Widderstand stoussen.

(***) De Qualitéitslabel „Crémant de Luxembourg“ (Poll-Fabaire) gëtt 1991 agefouert.

 

 

1993 – MASKEBAL

 

(hält als Touristeguide e Reesbengel oder e Prabbeli an d’Luucht)

Déi léif Botterfahrten! Se kommen aus allen Ecke vun der Welt, fir ze kucken, wat mat eis an der EG op se duerkënnt. A mäi Gott, fir e Grapp voll Drénkgeld weisen ech hinne schonn, wou den europäesche Bock säin europäescht Lach huet.

Tjo, Raritéiten, déi ee kéipweis fënnt, sinn zwar besonnesch seelen, mä trotzdem hu mir villes unzebidden: den neien RMG, déi leschte Parkplaz an der Stad, déi endlech och elo als Chantier opgerappt gouf, oder eise Krematorium zu Hamm, (zu engem vir am Sall:) dee wahrscheinlech eréischt fäerdeg gëtt, Madame, wann dee leschte vun eis begruewe ass, gediert (*) – duergéint weise mer hinnen ower voller Stolz deen neie Gemengerot vu „Ma’mer-dann-elo-en-Tipp-oder-ma’-mer-keen?“. A wou deen neie Mamer Buergermeeschter och nach niewelaascht Zänndokter ass, huelt Gëft drop, do wëllt ech als Ëmweltministesch-Bodry scho léiwer en décke Sechster am Lotto ewéi och nëmmen e klengt Lach am Zant. (**)

(...)

Wou mer zwar menge Franzousen, Preisen oder belschen De Beukelaeren eng Nues laang viraus sinn, dat ass an der Peitut mat eisem Index „méidd in Lacksemböörg“. Déi Déck kréie wuel hir Portioun bäi, mä mech stéiert e weider kaum, well Null-Komma-petit-quelque-chose vun net ganz vill ass blouss e puer Millimeter méi ewéi bal glat a guer näischt --- dat ass grad ewéi de Papp, deen doheem Liewerwurscht ësst, mä senge Kanner nëmmen d’Haut gëtt a sech dann no dräi Stonnen iergert, wéi vill dass hien iesse muss, bis si sat sinn.

(...)

A wann de Bodry, wéi gesot,  a Kubikmeter Offall an an Hektar Haebicht gemooss gëtt, da cotéieren se de Fischbach op der politescher Bourse a Kilo DIN-A-4-Säiten nei Educatiounsphilosophie, mat enger Mention spéciale fir all Kéier, wou et iwwer 1500 Dezibel klaakt, well dann huet hien nees mat enge vu senge kéipweis Schoulreformen d’Schallmauer duerchbrach. Mä mäi Gott, iergend eng Kéier kritt e mat sengen Iddien an der Weltgeschicht Recht – et hat jo och bal 400 Joer beim Galilei gedauert, dee säi Liewe laang steif a fest behaapt huet: An d’Welt dréint sech dach! (***) Ei, an dee Mann wosst, wat e sot, (zu engem Sall:) gelu, Chef, well wann s de dech eemol op eng Néngtchen abonnéiert hues, da kriss de se bal net méi un d’Stoen ... Jee, a grad ewéi mat dem Fischbach senge reforméierten Datzen op der Zensur, soll deemnächst och an der Regierung kënne kompenséiert ginn. Dat heescht an der Praxis: fir jiddwer nei Radiosfrequenz plus fir all Stéckelche Stater-Contournement, déi am Laf vun der Woch genehmegt ginn, kann de Ministerrot freides ouni Rout Kaart eng kapital schassmätsch Topegkeet fléie loossen, wéi z.B. déi, fir vum 1. Januar dëst Joer un 1.019 Frang Kannergeld bäizeginn an duerfir 1.025 u Steieren nees anzekasséieren. Dat ergëtt dann d’Kompensatiounsformel: Radio-Megahertz x km Contournement = 6 Frang pro Mount am Aasch.

(...)

An dann dat neit Iessgeld bei der Fonction Publique! Do huet ower och een e Stär am Guide Michelin bäikritt, well en e Paragraph accouchéiert huet, dass d’Staatsbeamte pro Dag, wou se doudkrank oder knätsch-happy no där Nuecht virdrun am Bett ze kompostéiere leien, hir 140 Frang Iessgeld nees ofgeknäppt kréien. Mä primo bedeit dat de Ruin vun  eisem Staat, well Enn der Saison ass jo dann all Fonctionnaire nëmme méi Haut a Schank, a secundo, iwwerleet emol mat: do mussen dräi ganzer Mann Iwwerstonne maachen, fir deng pupeg 140 Frang medezinesch ze diagnostizéieren, finanzpolitesch ze evaluéieren a budgetär ze vercomptabiliséieren. Sécher, gespuert muss ginn, ower dee Gromperegeld-Paragraph erënnert mech iergendwéi un den Épicier, deen eng Béchs Sardinne fir 34,25 Frang akaf a fir 33,75 verkaf huet. Op de Frangen hunn ech zwar liicht verluer, sot en, mä op den Zantimmen ower masseg gewonnn.

(...)

 

 

(*) D’Anäscherung ass säit 1972 per Gesetz dem traditionnelle Begriefnis gläichgestallt, an ower dauert et bis 1995, dass de Krematorium zu Hamm opgeet.

(**) Laut Regierungsbeschloss vum 31. Juli 1992 soll an der Gemeng Mamer „op Haebicht“ eng staatlech Industriemülldéponie gebaut ginn. Am Mäerz 1993 kënnt et zu Komplementarwalen, déi vun der Biergerinitiav géint Haebicht gewonne gëtt, mat dem Henri Hosch, Zänndokter, als Buergermeeschter.

(***) No dem Inquisitioun-Uerteel vun 1633 gëtt de Galileo Galilei 1992 vun der réimesch-kathoulescher Kierch formal rehabilitéiert.

 

 

1994 – KNACK-AUT

 

Ah, ee Gléck ass zwar alles nëmmen hallef esou duebel, mä hei a Grand-Duc’s hirem Grand-Duché geet och nach am Joer 10 no Santer ëmmer iergendwéi iergendzwousch iergendeppes drënner an driwwer. Dach, hei: Elo hu mer jo dann endlech eise sozio-kulturellen 100,7 Radio (*), mä des lescht hunn ech dohinner telefonéiert, um wéi vill Auer se hir klassesch Musék iwwerdroen, du freet dee mech jo net: Ma jo, wéini kënnt Der dann eventuell aschalten? Neen, a puncto Kultur si mer  nach ëmmer net déck do, mä aus eiser Bauerenzentral gëtt um Geriicht Wurscht gemat, Liewerwurscht, Bluttwurscht a Mettwurscht – an dat alles wéinst e puer Schwaarze Konten! (zu engem vir an der Rei:) Bei eis zwee Klenger kënnte se laang no esou eppes am däischtere Keller sichen, gelu Chef, eise Visa läit souwéisou am Koma, an duerfir kucke mir d’Pornosfilmer och am léifsten hannertzeg, well déi Plaz ass nämlech esou flott, wou den Tipp an der Kopplabunzgässelchen de Fënnefdausender vun der Zatzi nees erëmkritt ...

(...)

Mä d’Thema Number One sinn a bleiwen d’Wale vun dësem 12. Juni. Neen, ech denken do emol net esou un déi 6 Richteger ouni Zousazzuel fir op Stroossbuerg, fir déi Politiker aus dem Second-Hand-Shop mat Dura-Cell-Batterie, déi Walen, bei deenen et mat dem EU-Auslännerwalrecht dëst Joer fir d’éischt an all Walbüro heescht: An den Numm, Monsieur? – Mä Manuel José Gomes da Silva Pinto Rodriguez Carneiro dos Santos. – An der Rei. Dann alles eran, an dee leschte mécht d’Dier zou!, (**) neen, mä ech schwätze vum 12. Juni fir op eise Krautmaart, dem Play-Off an der Nationaldivisioun vun der Hilarité an dem Brouhaha Général. Ah, do weist de Parteien hiren EKG op der Richter-Skala scho gären 12,4 un – zemol beim ADR, deenen de Josy Simon elo ugedréckt ass,  well een, deen et an e puer Deeg zu Fouss vu Stroossbuerg op Paräis packt, dee bréngt et och fäerdeg, fir sech an der Chamber selwer ze iwwerhuelen (***) – dach, se sinn alleguerten am Walféiwer, esou dass se alleguerten iwwerparteilech e Véier-Trimester-Abonnement op Biovital, Tai-Kinseng a Baldrian hunn– ausser der CSV exclusiv nëmmen op Klosterfrau-Melissengeist.

Mä ze fäerte brauch keen. Och net d’Oppositioun. Huelt nëmmen d’DP - déi méi al heibannen, déi erënnere sech bestëmmt nach un déi - déi huet sech jo mat hirer Iddi vum Biergergeld (****) nei positionnéiert a steet elo politesch gesinn net riets vu lénks, net lénks vu riets, mä lénks vun der Mëtt – a kee Schwäi weess, wou dat ass. Well wann s de vu vir kucks, dann ass lénks vun der Mëtt grad esou ewéi hannendru riets vu lénks, och wann d’Mëtt der da méi riets schéngt, wat jo ower lénks misst sinn, fir dass d’Mëtt do ass, wou se als verstänneg Mëtt hi gehéiert, nämlech plus ou moins an der mëttelster Mëtt ... Mä jee, 't ass alles eng Saach vu Point-de-Vue. Esou hätt jo den Napoléon deemools zu Waterloo och gewonnen, wann e bei dem Géigner mat an d’Schluecht gaange wier ...

Neen, ze fäerte brauch keen. A scho guer net déi Gréng, déi hu jo esouguer de Vatikan op hirer Säit, well de Poopscht ass neierdéngs selwer aktiven Ecologist, hie verdaamt nämlech alles aus Plastik. Besonnesch all Plastikstuten. An do besonnesch virun allem déi ganz, ganz butzeg ... an och net esou déi aus Plastik, mä virun allem déi aus Gummi ...

(...)

Mä komme mer nach eemol bei déi heemlech schwaarz Konten vun elo éinscht, bei de Parteien ass esou eppes scho manner duerchsiichteg a méi problematesch. Hei, fir och nees bei de Radioen ze bleiwen: no der Mass aus dem Karmel, Fro un deen Neie Radio op der Sankt-Paulus-Frequenz: „Hunn Ärer Meenung no LSAP an DP Parteispende vun hei a vun do kritt?“- Den DNR äntwert: „Am Prinzip jo, well Rout a Blo hunn nach ni eppes ubrenne gelooss. Duerfir gi jo Asselborn a Grethen och ëmmer d’Tefalspanen aus der Chamber genannt.“ Nächst Fro un den DNR: „An d’CSV ?“ – Brrr ... tsch .... krätsch .... piiiip – mir bieden iech déi kleng technesch Pann ze entschëllegen.“

An deem Kontext denken ech och un déi neitsten Enquêtekommissioun vun iwwer 2 Milliounen an 300 Mille an enger Samsonite-Wallis am Châlet Mierscherbierg, (ganz virsiichteg an onschëlleg) wou iergendeen eppes sollt vakuumverpaakt erzielt gehat kritt hunn an haut da biet: „O Härgott, hëllef mer déi nächste Kéier de Mond halen - wéinegstens esou laang, bis ech weess, vu wat ech schwätzen“. (*****) Jee, eis Politik fält vun enger Affär an déi aner, grad ewéi e Fettfleck un der Box – dee gëtt och ëmmer nees ewéi nei, wann een e regelméisseg frësch mat Botter areift ...

(...)

 

 

(*) Den 19. September 1993 geet de „soziokulturelle Radio 100,7“ als eenzeg ëffentlech-rechtleche Radio fir d’éischt op Sendung.

(**) Bei den Europawahlen 1994 duerfen déi auslännesch Matbierger aus den EU-Memberstaate fir d’éischt an deem Land, wou se wunnen, un den Europawalen deelhuelen (Maastrichter Vertrag, Februar 1992/ November 1993).

(***) De Josy Simon, Députéierten, wiesselt 1991 aus deer ADR bei d’DP.

(****) Thema Negativsteier: Am Walprogramm 1994 huet d’DP e „Biergergeld“ virgeschloen, en vue vun enger méi selektiver an ausgeglachener Sozialpolitik.

(*****) Déi berühmtene “Wallissen-Affär“: laut „Behaaptungen“ vum Députéierte R. Mehlen wieren 1984 Spende vun der Centrale Paysanne u verschidde Parteie gaangen, an dat am Châlet Mierscherbierg, deen ower eréischt e Joer méi spéit opgebaut gëtt (!).