MÄI JUNCKER

(2006)

 

Ass et eng Visioun, e faule Witz oder ass et Realitéit ? – Kee weess et esou richteg, kee kann der et genau soen, mä do steet iergendzwousch en héicht Monument - d’New Yorker Fräiheetsstatu an d’Gëlle Fra bei der Gëlle Fra kënnen apaken -, well ganz héich op deem héije Monument steet en, o du do uewen, vun de Schëllere bis un den Nuebel déck voller Medailen, a mécht all Pompjee an all Musikant aus der UGDA Konkurrenz.

Tja, Politik ass nämlech vill ze vill wichteg, fir dass een se Politiker iwwerléisst. Do muss schonn esou e Mann kommen ewéi hien.

„Ha, gesäis de mol, eise Juncker!,“ seet säi Christiane nach haut all Dag zu hirem schwaarzen Hond. An da billt de schwaarzen Honn zweemol ganz houfreg hannendrop, well den Numm vu sengem Meeschter geet och nach duerch déi ganz Welt - schliisslech huet hie jo eegenhänneg de Vertrag vu Maastricht a vun Nice mat ënnerschriwwen, et ass den Held vun Dublin wéinst dem Stabilitéitspakt aus dem Joer 1996, e wor schonn zweemol un der Spëtzt vun der EU-Présidence hei zu Lëtzebuerg an e kuckt ëmmer rosen a granzeg dran, wéi wann dat him alles géif ferrem op de Sak goen. En denkt jo bestëmmt all mueres beim Spigel: Hopp, laach eng Kéier, dann hues d’et fir haut hannert der!

Tjo, an elo steet en hei uewen a probéiert sech mat senge Medailë riicht ze halen, well ob Fréijor, Summer, Hierscht oder Wanter, ëmmer trëppele Leit ronderëm dat Monument, déi eng mat engem Photoapparat iwwert dem Bauch, anerer bréngen esouguer hire Picknick mat fir mëttes op der Bänk.

“Hien ass eben den Joker vun Europa a vun nach vill méi wäit“, seet d’Fra an der rouder Blus, déi sech e wéineg an der Politik auskennt. „All Woch emäerbelt en en anere Staatschef. Bal de russesche Vladimir Putin, dann den dänesche Rasmussen oder den Tassos Papadopoulos vun Zypern. A kee Wonner, dass e schonn e Labello-Lëppestëft mat Penicillin huet.”

Dach. Et stëmmt.

Huel blouss 2004 d’Wale fir déi Bréisseler EU-Kommissioun: do wollten si hie jo alleguerten als President leasen. Esou wéi deemools de Santer. A wat hu se him all den Telefon ofgerappt! Um Büro an doheem. Hat en um Mëttesdësch grad de Mond voll, dann hong de Silvio Berlusconi un der Bobinn, wor en am Keller um Flipper, da wor et den Tony Blair, a louch en duerno an der Buedbidden, da wor et de Matti Vanhannen aus Finnland.

„Jëses Maria Jousebett!“, mengt déi méi eeler Joffer mat der kleesperer Stëmm. „Stell e Mënsch sech dat vir! De Matti Vanhannen op der Leitung, an hie läit do ze plätschen.“

Ee Gléck huet en dovunner ower séier d’Fangere ewech gelooss. Well „Jean-Claude, sot säi Christiane zu him, iwwerlee, wat s de méchs: den Zuch fir op Bréissel fiert mueres ëm 20 vir siwen, mä dat ass da vill ze vill fréi, well ech der jo och nach muss deng Schmier maachen. Oder du hëls dee vu véierel op 7. Mä da muss de zu Arel ëmsteigen, an all Mënsch mengt, du géifs op de Maart goen.“

"Tjo! Dunn huet en dat da si gelooss", mengt de Mann mat dem Akafsweenchen an dem Prabbeli a mécht eng Photo vu méi no lénks. "An elo mécht de Barroso et. Deen aus Portugal. Typesch, alles dat, wat d’Lëtzebuerger net wëlle maachen, da maachen d’Portugisen.“

Hei op der Plaz ass natierlech och ëmmer ee mat enger Spektiv derbei. Wéinst deene ville Medailen op sengem Paltong, wéi scho gesot. An déi Spektiv mécht dann den Tuer vun der eelerer Joffer mat der kleesperer Stëmm an deem méi distinguéierten Här mam breeden Hutt iwwert de Mann mat dem Akafsweenchen an dem Prabbeli bis bei d’Madame an der rouder Blus a bei de Bréifdréier, deen zwar all Dag hei laascht kënnt, ower trotzdem ëmmer muss stoe bleiwen fir ze kucken. Mä wann d’Sonn géint Mëtteg dra schéngt, da gëss de verblent an du kriss se bal emol guer net gezielt.

„Hei, kuck, 2001 gëtt en Éierendokter vun der Universitéit Münster a vun der Uni Bukarest, 2002 kritt en de Grand Officier de la Légion d’Honneur vum Jacques Chirac, 2003 gëtt en Éierebierger vun Tréier ---“

„Ah, duerfir huet säi Christiane sécher Blusen aus dem Karstadt.“

„E kritt d’Grand-croix de l’Étoile vum Ion Ilescu aus Rumänien, duerno gëtt en nees Éierendokter vun iergendenger griichescher Universitéit an zu Bréissel a Paräis den Europäer vum Joer, da krut en den Cicero-Rhetorik-Präis – kuck, dee riets uewen.“

„Riets uewen? So, ass dat dann net den Heinrich-Braun-Präis? Dee vum Cicero ass dach deen drëtten an der zweeter Rei. Direkt niewent dem Goldenen Schlitzohr vun 2004 an deem vum Triju Zvaigznu Ordenis aus Lettland. Also vun där anerer Säit gekuckt, mengen ech.“

Mä wann d’Fra an der rouder Blus eppes am Kapp huet, da gëtt se sech net.

„Ah neen. Do wetten ech elo ower alles mat der. Den Heinrich-Braun hänkt lénks dervun - a riets vun deem, deen iwwert deem aus der drëtter Rei hänkt, dat ass den Elsie-Kühn-Leitz-Präis.“

An d’Spektiv geet erëm zwou Hänn weider. Bei dee méi distinguéierten Här mam breeden Hutt.

„Jo. Richteg. Den Elsie-Kühn-Leitz. E wéineg schifer Hand ënnert dem Walter-Hallstein-Präis vu Frankfurt vun 2005.“

„Bass de geckeg! Do gëss de jo dronken! 't feelt him elo nach just de Webesch-Maria-Präis vu Kautebaach.“

„Webesch Maria vu Kautebaach?“, freet déi eeler Joffer mat der kleesperer Stëmm. „A ween ass dat dann?“

„Keng Ahnung. Déi aner kennt jo och kee Schwäin.“

 

't ass egal. Op jidde Fall kritt en och nach eemol d’Medaile vun de kilometerlaangen, kom-plizéierte Sätz, wou en ënnerwee ëmmer bei sech denkt: Hoffentlech weess ech zum Schluss nach, wat ech am Ufank wollt soen ... Ower fir d'éischt gëtt et elo emol am Mee de Karlspräis zu Oochen. Säin décke Kolleeg aus Däitschland wëllt him jo d’Laudatio halen.

Ah, kuck der en nëmmen un, e packt sech elo scho bal net méi.

Also net den décke Kolleeg, mä hien. A sengem Paltong. Ee Gléck nëmmen, dass se n en net um Knuedler am Plaz vum Wëllem op d’Päerd gesat hunn, e géif hinnen nach fir den Oktavmäertchen op de Grill mat den Thüringer kippen. Mat dem Heinrich Braun an dem Elsie Kühn-Leitz. Mä duerfir geet e jo elo emol an d’Débutants-Stonne vum Nordic-Walking, fir iwwerhaapt d’Gläich-gewiicht kënnen ze halen.

Ha, mäi Juncker! denkt de schwaarzen Hond doheem bei sech. Mam Nordic-Walking op d’EU-Sommeten, mam Nordic-Walking an de Regierungsrot a mam Nordic-Walking op d’Hais-chen.

 

„An dann ass e jo elo och nach Mister Euro“, laacht de Bréifdréier, deen zwar all Dag hei laascht kënnt, ower trotzdem ëmmer muss stoe bleiwen, fir ze kucken, „President vun der ganzer Eurozone! Vun den Zwee-Cent-Mënzstécker sonndes am Afferstack bis bei de Fënnefhonnert-Schäin beim Table-Dance an der Vullegaass,“ an e stéisst de Mann mat dem Akafsweenchen an dem Prabbeli an d’Säit, well si zwee et jo wësse mussen.

„Dir kënnt roueg de Geck maachen“, fiert d’Madamm an der rouder Blus dertëscht, „mä mer schreiwen eréischt 2006 an iergend eng Kéier gëtt en och nach dee méi grousse President vum ganze Conseil Européen. Do kënnt der Gëft drop huelen!“ an si, si ass frou, dass se sech e wéineg an der Politik auskennt, well domadder ass een am Liewen ni verluer. Zemol net hei virun deem Monument.

 

Mister Euro!

President vum Conseil Européen!

Jee, Capellen a Lëtzebuerg sinn eben e Korseli, deen eisem Juncker e puer Nummeren ze enk ass.

An duerfir sot säi Christiane schonn dacks zu him: „Wann s de eng Kéier stierfs an de Péitrus seet am Himmel zu der: Juncker, huel dech an Uecht, du bass net den Härgott heibannen!, da fro direkt: A wéini sinn dann déi nächste Walen?“

 

 

.    De J.-C. Juncker gouf zwar 2009 net, wéi erhofft, President vum Conseil Européen,

blouf ower bis ufanks 2013 President vun der Euro-Zone,

gouf 2014 (nom Regierungswiessel zu Lëtzebuerg vun 2013)  President vun der EU-Kommissioun zu Bréissel ...

a krut weiderhin nach all Joer eng ganz Rëtsch vu Präisser, Éirendokter-Titelen, Medailen an aner Auszeechnungen ...