De 16. Mäerz 2009 stinn zwee nei Gesetzer am Mémorial "… réglementant les soins palliatifs ainsi que l'euthanasie et l'assistance au suicide"

JIDDWERENGEM SÄIN EEGENEN

(2009)

 

Vu mir gëtt ni geschwat. Dat wor nach ëmmer esou.

't gëtt einfach gemat, wéi wann et mech net géif ginn.

't ass just an den Doudesannoncen, wou ee sech u mech erënnert, mä da ginn ech ower séier nees vergiess. An dach kommen ech bei jiddwereen. Politesch a reliéis neutral, keng Nationalitéit an a kenger Lobby engagéiert.

Ech maache laanscht keen e Bou, well d’Liewen ass e Prozess, deen een am Liewen ëmmer verléiert.

 

… deen een am Liewen ëmmer verléiert …

... deen een am Liewen ëmmer verléiert …

 

Ech weess: heiansdo kommen ech onerwaart.

Ze vill onerwaart.

Heiansdo sinn ech e bësselche méi zéi oder schwéier vu Begrëff a loosse mer fléiwen.

Mä egal wéi, fir jiddwereen sinn ech en eemolegt Erliefnis. Well mech erlieft jiddwereen nëmmen just eng Kéier. Eng zweet Chance gëtt et net.

An och wann de Mënsch sech net méi als Mënsch fillt, a keen Auswee oder Ëmwee méi fir op dëser Welt dran ass, da gehéieren ech kengem ganz eleng. Weder deenen engen, déi gedëlleg op mech waarden, nach deenen aneren, déi mech ruffen.

 

… déi op mech waarden oder déi mech ruffen …

... déi op mech waarden oder déi mech ruffen …

 

Tëscht deenen engen an deenen anere läit net vill. Just e puer juristesch Nuancen an e puer Milligramm däers medezineschen Ze-vill oder däers Guer-net-méi - an dach haten déi puer Niewierkungen eist Land auserneegespléckt. Op zwou haart Fronten.

Esouguer bis bei de rout-wäiss-bloe Fändel op Colmar-Bierg ...

Et si Petitioune gemat ginn, mat Dausenden an Dausenden Ënnerschrëften, an ech respektéieren se alleguerten. Ower ee Gléck gëtt et an enger Demokratie eng Demokratie an déi huet iwwert mech ofgestëmmt. Ouni Fraktiounszwang, mä duerfir mat Gewëssen a mat Gefill. An dat ass kee Gesetz géint mech oder scho guer kee Gesetz fir mech, mä géint déi grouss Angscht viru mir.

 

… géint déi grouss Angscht viru mir …

... géint déi grouss Angscht viru mir …

 

Bis elo wosst ech selwer net, ween a wat ech iwwerhaapt sinn. Bei engem eenzelnen ass den Doud Tragedie, bei Millioune pur Statistik, mä elo brauch ech mech net méi ze verstoppen. Ech si keen Tabu méi. Vu mir gëtt nees geschwat, ouni d’Hand virun de Mond ze halen. A wann och all Mënsch mengt, e géif mech kennen, hunn ech dach vill Gesiichter.

Fir jiddwereen en anert.

Jee, ech bréngen zwar d’Liewen nach ëmmer duercherneen, mä d’Haaptsaach: et gouf demo-kratesch ofgestëmmt, esou wéi et sech an enger Demokratie gehéiert, a jiddwereen erlieft säin Doud esou, wéi en et mat sech selwer ofgemat huet.

 

… wéi en et mat sech selwer ofgemat huet …

... wéi en et mat sech selwer ofgemat huet …

 

D'Haaptsaach: Jiddwereen erlieft säin Doud als säin Doud a behält mech a gudder Erënnerung …

 

… a behält mech a gudder Erënnerung …

... a behält mech a gudder Erënnerung …