D'Joer 2005 ass d'Joer vum Albert Einstein: virun 100 Joer huet e seng éischt Relativitéitstheorie publizéiert ( "Zur Elektrodynamik bewegter Körper" / 1905 ) a viru 50 Joer ass e gestuerwen (PrinceTown, New Jersey / 1955)

ALLES RELATIV

(2005)

 

Fir dat ze ginn, wat mer haut sinn, hu mer eis aus der laanger Geschicht vun der grousser Welt e ganze Koup zesumme geraf.

 

Huel nëmmen eis Demokratie, op déi mer esou grouss Stécker halen, déi ass al-griichesch, eis Schrëft mat a, b, c, d ..., déi ass laténgesch, eis Zuelen 1,2,3,4 ..., déi sinn esouguer indesch an arabesch - an dann, wat hu mer net alles vun de Judden?

Bal de ganze Rescht.

A bis dohi wier jo och alles an der Rei gewiescht, wann nun eben net deen aachten komm wier - well deen aachte Judd, dee wor ze vill.

 

Deen éischte wor den ABRAHAM, de Papp vum Isaak. Den Härgott huet senger Zäit eng Allianz mat him a sengen dräi grousse Relioune gemat, an esou seet hien: Alles läit an den Hänn vum Härgott, an zielt mer wat der wëllt, mä et gëtt där nëmmen een eenzegen.

 

Den zweeten, de MOSES, gong mat den Hebräer matten duerch d’Rout Mier, an um Bierg Sinai huet den Härgott him déi 10 Geboter op Steen diktéiert, wat ee sou soll oder besser net soll, an hie seet: Alles läit an de Geboter, alles läit an dem Gesetz.

 

Den drëtte Judd wor de SALOMON, de Kinnek vun Israel, deen net nëmmen den Tempel vu Jerusalem gebaut huet, mä och wéinst senge salomoneschen Uerteeler an d’Geschicht agaangen ass, an duerfir seet hien: Alles läit an der Gerechtegkeet, an der absoluter Gerechtegkeet.

 

De véierten an der Rei wor dunn de JESUS vun Nazareth, deen als Messias aus Waasser Wäin gemat huet an iwwert de Séi vu Genesareth gaangen ass. Mir kenne jo eist Neit Testament: Karfreideg gouf e vum Pontius-Pilatus un d’Kräiz geneelt, ass vun den Doudegen operstanen, an den Himmel opgefuer an huet eis fir Päischten den Hellege Geescht geschéckt. An dee Mann, dee seet: Alles läit an dem Glawen, dass et herno nach weider geet. Gleef drun, an da gesäis de, dass et esou wäert sinn.

 

De fënneften, de Philosoph SPINOZA, ee mat jiddesche Wuerzelen, ënnersicht wuel dem Mënsch seng Gefiller als Elementer vun eiser Existenz, mä virun allem schreift hien de Rationalismus grouss a seet: Géi net laang doruechter sichen, alles läit an dengem Kapp, an dengem Verstand hei uewen.

 

De sechste Judd ass de SIGMUND FREUD, deen duerch d’Psychanalys an deng Vergaangenheet erakomme wëllt, fir deng Neurosen ze heelen. Alles läit déif bei der bannendran, seet hien, alles läit am Ënnerbewossten, vun deem s de mol guer net weess, dass d’ et iwwerhaapt hues. A grad do musse mer hin.

 

De siwenten, de KARL MARX, deem säi Papp och aus enger bekanntener Rabbinerfamill koum, huet déi grouss International géint d’Bourgeoisie an hire Kapitalismus op d’Bee gesat an hie seet: Neen, neen, alles läit am Proletariat, am Vollek, dat fir deenen Décken hiert Geld schafft.

 

Voilà, a mat deene siwe Judde wor jo am Fong geholl alles gereegelt. 

D’Saach wor kloer definéiert fir eis alleguerten, jiddweree wosst, wou en dru wier, an d’Welt-geschicht hätt kënne mat senger Mënschhheet ganz normal an normale Bunne weider lafen.

Mä dunn, du koum 1905 deen aachten, den ALBERT EINSTEIN, an dee sot ganz einfach: Jongen, kommt, ’t ass alles relativ.

 

Alles relativ !

Jo, mat där Theorie, do kann een elo villes verstoen ...

 

An ee Gléck, dass alt wéinegstens déi laténgesch Buschtawen an déi arabesch Zuelen nach dat sinn, wat se woren.

 

Mä … ech weess net … och beim Geschriwwenen a Gerechente bass de der haut net méi esou ganz sécher ...