COMPUTERITIS

(1987)

Also, wann d’Computeren alles kënnen, da kënne se mech emol kräizweis! Al Bome kréie regelméisseg Post aus dem Sex-Buttek, Honn ginn op Sandweiler geruff --- do stells der dach d’Fro, wéisou se sech allenenne vun deem hysteresche Computer-Bazillus infizéiere loossen, wou d’Floppy-Disquen an d’Mini-Chipse scho méi op der Welt duerchernee bruecht hunn ewéi de belsche Frang, den RTL-Plus an de Knaus-Ogino zesummen.

 

A Lëtzebuerg wor alt nees mat der Nues virbäi. Lëtzebuerg krut schon 1974 säi Centre Informatique de l’État. An op deem Centre Informatique de l’État hu se op Disquen, déi à peu près esou grouss ewéi Kabinetsdeckele sinn, déi ganz Lëtzebuerger Populatioun sëtzen - op den éischte Moment e wéineg onkammoud, ower fir de Rescht héchst amusant! Vum Thorns Gast bis op de Pilo Fonck a vum Fausti bis op den erzbëschoflechen Erzbëschof – esou dass du net nëmmen deen eenzegen dobanne bass, vun deem s de nach näischt héieren hues, neen, mä si brauchen och just op e Knäppchen ze drécken an da wëssen se méi iwwert dech ewéi s du dech selwer traue géifs iwwert dech selwer ze denken. Dem Rainer Holbe säin Horoskop, dem KP-Urbany seng lescht Ouschterbeicht, dem Astrid Lulling seng Parteikaart --- sécher, de Moment sëtzt et zwar an der CSV, mä am Häerz ass et nach ëmmer rout. Wéini sot et nach zum Fayots’s Ben: Ech si blouss mat deene Schwaarze gangen, well wann ech eemol an d’Gras bäissen, dann hunn ech léiwer, et ass ee vun deenen ewéi ee vun ons ...

Tja, primo, krut ech vun engem geäntwert, deen och nëmme vun de Kalorien aus de Mikro-prozesser lieft, primo wier d’Informatik contrairement zum Mënsch als Fonctionnaire politesch neutral an avant-tout gewerkschaftlech net emmerdant – okay, approuvé! a secundo, sot dee gudde Mann, den Trend vun haut wier nun eben Efficacitéit a Rationalisatioun. An effektiv hu se op alle kruziale Punkte vun onse staatleche Verwaltungen – sief dat op der Post, op de Steieren, op dem Finanzministère asw. – där Computere stoen, déi eis hëllefe Problemer ze léisen, déi mer ouni si guer net hätten.

Erstaunlech, dee Fortschrëtt vun haut, wéi?

Mä et ass eppes drun. Hei, um Ministère de l’Intérieur vegetéieren d’Fonctionnairen, d’Chef de Servicen an d’Inspektere vum éischte bis zum leschten en rang an engem éiwege Stress, well se e Computer do stoen hunn, dee nach méi séier denkt ewéi hire Spautze-Jang-Minister schwätzt. Oder huelt nëmmen dem Bergs Benny säin op der Aarbechterkrankekeess. Dee wuddert Dag an Nuecht, well e wéinst sech selwer esou en retard ass, dass ee scho bal muss déi richteg Parteikaart hunn, fir d’Zänndokteschhonorairë vun de Mëllechzänn zréckrembourséiert ze kréien, éier ee mat der Facture vun dem Gebëss kënnt.

A wann dee grousse Centre Informatique de l’État vun 1974 wéilt, wat kënnt deen der Welt Stéiss ginn! E bräicht nëmmen aus dem bloe Krieps e Robert an aus dem roude Krieps en Emil ze maachen, duerno deem schwaarzen Viviane Reding dee selwechten Ur-Ur-Grousspapp ze ginn ewéi deem grénge Jupp Weber, a scho wier de Grand-Duché esou op der Kopp, dass déi ganz LSAP vun der nächster Woch un hir Visitekäertercher an der Sankt-Paulus-Dréckerei bestelle géif.

Do mierkt een also, op wellech Manéier iwwerall mät där Computeritis efficace rationaliséiert gëtt: wat soss fënnef Employéën a siwe Méint net gepackt hunn, dat verschäisst heen hinnen an zwou Minutte ganz eleng.

 

Ower och an denger a menger an eiser alldeeglecher Praxis leien d’Computeren ëmmer an iwwerall op der Lauer. Iwwerall erliefs de d’Quintessenz vun där ganzer Informatiks-Philosophie. Do kënns de zum Beispill als frëschgebakene Papp däi Kand umellen, nach ganz ausser Otem, straals houfreg iwwert dat ganzt Gesiicht ---

„Monsieur, ech versti jo Är Emotioun. Mä sidd Dir wierklech der eeschter Meenung, Dir wäert Papp ginn?“

„Ei, a wéi! E Charly. Ronn 3.200 Gramm op 48 Zentimeter, an hei ass de Gebuertsschäin dervun, Meeschter.“

Deen hannert dem Computer weess als liewege Bureau de la Population ganz genee, wat e Gebuertsschäin ass: just e Stéck Pabeier mat enger Ënnerschrëft a soss weider net ganz vill.

„Mä voilà, Monsieur, dat ass jo grad den Hoken. Äert Kand existéiert nach guer net. Et ass nach guer net gebuer. En plus behaapten ech esouguer, dass ech grad esou gutt Papp oder Mamm sinn ewéi Dir. Wann net nach méi.“

Pardon? Wat seet deen do? An dat bei ronn 3.200 Gramm op 48 Zentimeter?

„Dach. Dir aner maacht se, mäi Gott, wann dat iech Spaass mécht, d’Gynécologe verdéngen hiert Geld drun, mä ech, ech setzen se eréischt richteg op d’Welt. An dat administrativt, gesetzlecht Liewen. Well ech sinn d’Gesellschaft. Ech sinn d’Natioun. Ech sinn de Lëtzebuerger Staat. Alles an engem.“

Dat ass schon e staarkt Stéck, wéi? Dat muss ee fir d'éischt mol verdauen.

An dann, da kuck deem Fanatiker jo nëmmen zerguttstert op d’Fangeren: dee kënnt nämlech aus dengem Jong e Meedche maachen, da wéisst däi Charly e ganzt Liewe laang net op wellech Toilette e goe sollt, oder, nach vill méi uerg, e kënnt e mat 50 Joer op d’Welt komme loossen – e falschen Datum agetippt a flupp! wier e scho fir d’Éischt Kommioun an der Préretraite.

 

Mä pass op, et gëtt nach ëmmer besser. Esoubal dee Klengen ufänkt Zänn ze maachen, da fänks du un zum Beispill fëschen ze goen. Do hues de dann nämlech deng Rou.

Du kënns also nees bei dee Computer, fir e Fëscherpermis ze kréien. Catégorie A fir op Musel, Sauer an Our. Forellen a Routaa mat der Méck, den Hiecht mam Wuerm. Du gëss deem Mënsch derhannert deng national Immatrikulatiounsnummer. 1953 02 13 135, an da kuckt dee Mënsch ganz eescht iwwert d’Brëlleglieser a seet der: „Charles Joseph Moulin. Décédé: 29. Abrëll 1985.“

Wat? Schonn zwee Joer dout? Do weess de net esou richteg, ob s de solls an eng Dépressioun falen oder et einfach nëmmen ameséierlech fannen. Well ameséierlech ass et schonn. Du stees jo ower nach do!

Uuuhh, versich elo nëmmen net deen anere mat logeschen Argumenter fir domm ze verkafen. Dass de nach do stees, dat gesäit dee jo och, mä wat do op sengem Écran steet, dat misst duergoen, dass du scho laang mat der Aangel no vir an d’Musel, an d’Sauer oder an d’Our gekippt bass an déi aner Säit ugeschwemmt gëss.

 

Do gesäis de: schonn direkt no der Maternité huet d’Computeritis hir Hand am Spill, an zu gudder Schluss ass den administrativ-verinformatiséierten Dout och nach méi radikal ewéi dee klineschen a biologeschen op ee Coup mateneen.

An dobei gong dach alles nëmme mat dem Rainer Holbe sengem Horoskop an de Visite-käertercher aus der Sankt-Paulus-Dréckerei un ...