ALL DAG EN ANEREN DAG

(2012)

 

Internationalen Dag vum AIDS …

Internationalen Dag vum Éierenamt ...

Internationalen Dag vun der Toleranz, vun de Mënscherechter, vum Bluttspenden a vun de Lénks-hänner …

D’UNO huet se an d’Liewe geruff, mä no an no ass de Kalenner ze kleng gi fir déi ganz Inflatioun. A mäi Gott, wann déi 365 Deeg am Joer net méi duer ginn, maache mer eben einfach Welt-Muerender, Welt-Nomëtteger oder Welt-Owender mat Fräi Nuecht.

Eng fein Erfindung.

Dee bekanntesten ass jo wuel den 1. Mee: den Dag vun der Aarbecht.

Dann ower och de 14. Februar: Valentinsdag, den Dag vun der Léift. Mä ... ech weess net ... gëtt et déi iwwerhaapt? Well wa Léift duerch de Mo geet, wéi ëmmer gesot gëtt, wat geschitt da mat hir, wa se do bis duerch ass?

Duerfir kënnt da jo e puer Méint drop de 6. Juli: de Welt-Kuss-Dag. En extraen Dag, dee fir ze knuutschen.

An dat ass eng wichteg Kompetenz. Well wéivillmol kësst een iwwerhaapt?

Zweemol? Dräimol?

Wou et zweemol Usus ass, an du këss dräimol, heescht dat, du häss gären eppes méi.

Wann et dräimol Usus ass an du këss nëmmen zweemol, denkt deen aneren, du häss et scho gehat.

Jee, 't ass u jiddweree geduecht. Och wann den 3. November als Weltmännerdag do schonn éischter zynesch an zimlech makaber ass, esou direkt no Allerhellegen an Allerséilen ...

A wéi ass et da mat dem 8. Mäerz, dem Weltfraendag? Neierdéngs den Dag vun hire Quoten. An dat mat Recht, well kuck rondëm dech:  an der Gemengeréit, am Staatsrot oder op de Chef-Etagë vun de groussen Entreprisë sëtzt iwwerall just eng Handvoll Fraen - esouguer am Prisong bréngen si et vu wäit iwwer 600 Pensionnairë nëmme knapps op e puer an déi 30 ...

 

E Weltdag haut, e Weltdag muer,

E Weltdag fir eis alleguer,

An sou huet jiddwreen, wann e stierft

Alt wéinstens net fir näischt gelieft!

 

Dat meescht ass jo pure Marketing: op Bretzelsonndeg Bretzelen, op Mammendag e Fritten-dëppen, op Pappendag nei Krawatten, virun Allerhellgen e Mantelsonndeg, a gläich och nach virum Wanter e Laange-Kalzongsméindeg.

Mä firwat net emol méi Phantasie beweisen? Méi innovativ Kreativitéit?

Einfach emol Weltdeeg abauen, déi d’Welt guer net brauch?

Wéi zum Beispill: haut den internationalen Dag vun de Bigoudien … muer de Weltdag vun de Sprëtze beim Zänndokter, deenen hir Wierkung noléisst … iwwermuer dee vun de Fraleitsposchen, mat Lëppestëft, Mentholknätsch, Handcrème, Tamponen, Tréinegas, den 23 leschte Visa-Ziedelen, Mini-Déospray, e Gummi, Paracetamol, Neellack, Ersatzcollant, nach e Gummi, Mascara a Babybel-Kéis fir de géien Honger -- a wann dat alles an der Cactus-Keess op de Buedem fält, da verstees de d'Bedeitung vun deem Weltdag nach vill besser.

Mä komm, där Deeg, déi kee brauch, där hu mer jo wierklech scho méi wéi genuch. Wat fänkt eis Welt nämlech mat engem 25. Mee un, dem Dag vum Handduch?

Vun der UNO agesat?

Genau. Firwat hätte mer se dann?

Ween? D’Handdicher?

Neen. D’UNO.

Oder dem 21. Januar, dem Weltdag vun der Joggingsbox?

Ah, wat muss gëéiert ginn, dat gëtt gëéiert! Dat si mer hir schëlleg.

Weem? Der UNO?

Neen. Der Joggingsbox.

A Kreativitéit a Phantasie gëtt et op jidde Fall och en masse. Zemol an der Belsch. Well op der Journée de la Prostate haten se de MännekePiss esou ëmfonctionnéiert, dass dee just a Stéiss gepisst huet.

 

E Weltdag haut, e Weltdag muer,

E Weltdag fir eis alleguer,

An sou huet jiddwreen, wann e stierft

Alt wéinstens net fir näischt gelieft!

 

Interessant wier och emol en echte Lëtzebuerger Weltdag um Kalenner ze hunn.

Ee vun eise Grenzen, déi esou no beienee sinn, dass jiddweree méi Lëtzebuerger kennt, wéi et der iwwerhaapt ginn.

Ee vun der PISA-Etude.

Ee vun der „Gëlle Fra“ zu Shanghai an zu Nidderkäerjeng.

Ee vun eisem neie Monster-Militärfliger, wou mer emol net wëssen, wéi d’Dier opgeet.

Ee vun dem Katar, deen net nëmmen zu 35% an eiser Cargolux mat dran ass, mä och schonn eis BIL an eis KBL fir Milliarden Euroen opkaf huet ---

Mä mäi Gott, komm, mer baue keng Krisen. Mir hu jo ower nach ëmmer d‘Patent op de Kachkéis, d’Tierm vun der Kathedral, den Andy Schleck an de Beetebuerger Kannerpark.

Méi memorabel wier do villäicht e Weltdag vum Stater Tramm. Deen ass grad esou domm drun ewéi de Prënz Charel: deen een ass nämlech nach ëmmer net gebaut, an deen aneren nach ëmmer net Kinnek vun England.

Tjo, hei zu Lëtzebuerg dauert d’Zäit ebe méi laang ewéi soss iergendzwousch op der Welt, a grouss Projete schleefe scho säit Jorhonnerten an Jordausenden, Projeten ewéi deen ominöse Velodrom, de Festungsmusée op den Dräi Eechelen, den Hellenger Contournement, den Amenagement vun der Stäreplaz, de Shoppingzentrum zu Wickreng --- neen, do komme mer ni un en Enn. Dat ass grad, ewéi wa bei der Tinnitus-Hëllef e Répondeur leeft: Schwätzt w.e.g. nom Piipstoun!

An trotzdem bräichte mer eis ower net ze schummen, mat engem Dag vum Teppech, ënnert deen alles gekiert gëtt. Ech soen nëmmen: „Deutschland sucht den Superstar, und wir noch immer den Bommeleeër!“

Schonn iwwer 25 Joer. Déi al Gendarmerie, d’Police an déi ganz Justiz verstinn d’Welt net méi.

Mä wat wëlls de da vill erausfannen, wann s de géint dech selwer ermëttele muss? Dat ass jo da grad, ewéi wann s de deem, deen der e Fouss an den Aasch gëtt, ëmmer nees nei Schong keefs.

An dat géif schonn nees een neien Dag, deem vun de proppren Hänn, well eng déi aner wäscht.

Vun der Decken, wou dëse mat deem drënner stécht.

Och wann et hei zu Lëtzebuerg bal am mannste Korruptioun gëtt. An enger offizieller Lëscht vun der internationaler Anti-Bestiechungs-Organisatioun leie mer ganz vir.

Gutt, hë?

't freet sech just, wéi vill mer deenen dann duerfir bezuelt hunn ...

 

E Weltdag haut, e Weltdag muer,

E Weltdag fir eis alleguer,

An sou huet jiddwreen, wann e stierft

Alt wéinstens net fir näischt gelieft!