VERKÉIERSKONTROLLEN

(1988)

 

Investéiert äert Geld an d’Steieren, well déi gi sécher an d’Luucht!

An déi perverst vun deenen, dat sinn déi heemlech, weess de, déi verstoppten, déi sech méi hannerwands halen, ewéi d’TVA oder ewéi d’Accisen op Alkohol an Tubak, well de Staat drénkt a fëmmt jo och mat eis. Bei all Strapp un iergendenger Zigarett am Land muss de Finanz-Juncker houschten an no all Néngtchen, déi am Grand-Duché doruechter gehale gëtt, sëtzt en den zéngten Dag mueres mat engem houfrege Kueder an der Congregatiounsgässel.

Wou de Staat an d’Gemenge sech ower am kathouleschste seenen, dat ass mat deem neie Règlement Grand-Ducal vum 15. Mee 1987 iwwert d’Tariffer vun de Verkéierskontrollen op de Stroossen.

388 x 3000 Frang ...

61 x 1.500 Frang ...

810 x 1.000 Frang ---

Neen, dat ass net de Lottolux vum leschte Samschdeg, mä de konkrete Bilan vun der Semaine de l’Éclairage et du Pneu et de la lutte contre les accidents d’lescht Joer.

Ha, mäi léiwe Brudder, do fluppt et ewell! Do kriss de Respekt virun deene Gesellen!

Mä d’Sécurité Routière an eis Police lossen sech et einfach net soen: hir Pneuen- a Luuchtekontroll ass géint all perséinlechen Touch am Verkéier, do gëtt nämlech esou uniform a monoton a pingelech um leschte Buschtaf vum Code de la Route geridden. Kuck, e flotten, riicht-glade Pneu, esou een ouni Profil, ah, dat ass dach Suspens! Duerfir gëff denge Pneuen dach och emol eng Chance fir e wéineg Improvisatioun op der Strooss! An dann d’Bremsluuchten, déi si jo souwéisou iwwerflësseg, well d’Bremsen ass virun allem en opteschen an en akkustesche Phänomen: optesch, well wann dee virun der bremst, da gesäis de jo, dass en op eemol ëmmer méi grouss gëtt, an akkustesch, well schlëmmstefalls héiers d’et herno och nach kloer an däitlech an allméigleche Klangfaarwen.

A mat dem Code de la Route, do läit d’Geld op der Strooss – d’Borschte brauche sech emol net ze bécken!

Kee Gréngen Ziedel bei Hand: 300 Frang!

Eng Tut, déi net tut, wa se tute soll: 1.000 Frang!

An all Kéier, wou s de d’Schëld 60 mat engem Schëld 80 verwiessels an et steet kee mat de groussherzogleche gëllene Knäpp um Trottoir, dann hues de dräi ganzer Mille verdéngt. Kee Wonner, dass et eis alleguerten esou gutt geet, wéi?

Okay, d’Sécherheet vun onsem Grapp voll Lëtzebuerger steet um Spill – stell der vir, op eemol geet guer kee méi an de Marivaux-Kino an et liest guer kee méi de Mariekalenner – mä quand-même, se säckelen haut an, wou et nëmmen anzesäckele gëtt. Hei, hues de eemol fir hirer dräi getankt an du kënns mat dem Velo schif gelueden heemgetierkelt, da gëss de mat der Philosophie vun der Force Publique als véier consideréiert, an dat kascht dech dann e Groen, well s de net hannertenee gefuer komm bass. A jabels de dann éieren mat dem Auto weider, well s de jo um Velo net méi duerfs, an et zu Fouss och net optimal geet, da loossen se dech an d’Tut blosen, wann hinnen aus der Autosfënster e Fändel vu 5 Meter entgéint flitt, an du kanns dës Kéier och nach 1.500 Frang zousätzlech blechen, well s de keng rout Fatz drun hänken hues.

Do kënnt schonn e Kéipchen zesummen, wann een e gudden Dag huet, wéi? 1987 woren et ëmmerhin 88.452.000 an e puer Gequëtschtener.

Wou nach weider Goss ze huele wier, dat ass mat dem héijen Ozon am Summer. Mä de Schlechter als Verkéiersminister geet net drun, fir d’Vitesse op der Strooss erofzesetzen - a kee Wonner och, dee Mann iwwerleet, well wann s de mat 180 fiers, wou nëmme 60 erlaabt ass, da produzéiers de wuel zweemol méi Ozon, mä duerfir bass de ower och dräimol éischter doheem - also.

Dat ass Logik.

An déi Logik stëmmt.

Mä keng Angscht, d’Keess owes och.

Wee sech nämlech dann eis Borschte vum Härebierg gemittlech vun uewe bis ënnen an en long et en large ukuckt a sengem Ierger mat „Witzbold do“ oder esouguer „Hirni“ Loft mécht, dee kritt déi kleng perséinlech Komplimenter dës Kéier via Justiz extra honoréiert. Esou bréngt et en dréchenen „Bornéierte Flic do“ zwar nëmmen, jee no Genësslechkeet an der Stëmm, bis op 1.800 Frang, duergéint ass dat kuerzt, méi charakteristescht „Rotzbouf“ scho mat 2.500 Frang côtéiert. En echt-stacklëtzebuergesche „Plättel“ oder „Strummert“ gi komescherweis nëmme fir ridicul 750 Frang entgéint geholl – den Defizit wäert da sécher vun der Actioun Lëtzebuergesch beglach ginn.

Jee, d’Hierarchie an der Force Publique gëtt ëmmer méi konfus, well d’Lëscht vun deenen direkten Nominatioune wiisst vun Dag zu Dag – mä ower och aner verbal Strukturen, wéi dat plutôt pittoreskt „So Fissi, wéi ass et mat dem Geliichts?“ subventionéieren de Staat ëmmerhin tëschent engem an zwee Groer.

Uniform Tariffer sinn dat natierlech net, Präisfluctuatioune spillen iwwerall mat. E vulgäert „Wëss Der, wat Dir mech kënnt?“ aus enger rabbleger 2-CV ass scho wuel fir 1.600 Frang ze kréien, fir e snobe Mercedes-Mec kascht dee Spaass ower gutt a gären eng Staang méi. Wee sech nu béides net leeschte kann, soll et da léiwer mat méi engem diskreten „Zankert, pack dech“ versichen – 900 Frang, dat misst dach fir eiseree schonn eemol dra sinn, wéi? Éischtens hues de däin Ego an deng Éier gerett an zweetens kanns de ëmmer soen: Mat menger klenger Interventioun hunn ech och gehollef, dass alt erëm méi Sue fir de Millioune-Pei-Musée an de Millioune-Mondorfer-Thermal-Bad duerch d’Päif ginn ...