COMPUTER EN PANNE

(1999)

 

Wat virun 1999 nach d’Chambre des Comptes wor, ass vun elo un d’Cour des Comptes, mä ënnert dem Stréch ass et nach ëmmer dat selwecht: Facturë vum Staatsapparat bis op dee leschten Zantimm kontrolléieren. Sief dat elo déi 400 Milliounen fir eng nei Façade vum Héichhaus oder déi 5,2 Milliarde fir deen neie Lycée-Komplex um Geesseknäppchen.

An tëscht all deenen Zuele geet op eemol d’Dier ganz lues op an de Steinmetzer kënnt eran.

„Verexcuséiert, Chef, mä ech komme wéinst deene groussen Investissementer, déi mer laut der Note ministérielle maache sollen.“

„Ah, Dir mengt, déi nei Cité Judiciaire um Helleg-Geescht-Plateau.“

„Neen. Hei bei eis selwer. An zwar nei Filteren fir an eis Kaffismaschinn an eng Méckebaatsch pro Büro.“

Do geet elo den Toussaint an d’Luucht, e schnauft eng Kéier ganz asthmatesch an tesselt kéip-weis Dossieren openeen:

„Här Leo Steinmetzer, ech schaffen hei mat 3,75 Milliarde fir déi nei Europaschoul, ronn 1.000 Millioune pro Kilometer Nordstrooss, an dat ass elo Äre grousse Problem?!"

„Gewëss, Chef. Neen! Mä kuckt, d’Kaffisfiltere kaschte jo 258 Frang fir zwou Dozen an eng Méckebaatsch 66 Frang, ower dat da mol 7 Büroën. Also dat ass jo schonn zimlech komplizéiert - an zemol haut de Muergen, wou eise Computer futti ass, a wou mer nees selwer denke mussen.“

„U sech ass dat jo näischt Onméigleches. Schliisslech hu mer jo ower Universitéit hannert eis, gediert. An en plus huet ee jo och nach e wéineg perséinleche Stolz.“

„Eben. Kuckt, an als gutt Chambre des Comptes – eh, pardon, Cour des Comptes, hunn ech dann och dräimol nogerechent.“

„Ah, Steinmetzer, Dir sidd e gewëssenhafte Beamten.“

„Merci, Chef. Ech fille mech geschmeechelt. An hei sinn dann och déi dräi Resultater.“

„Dräi Resultater?“

Nees asthmatescht Schnauwen.

„Jo. Eemol 643 Frang, dann 957 an souguer eemol 1.172.“

Also do maachen dem Chef seng Ouere elo grouss Aan, mä mäi Gott, d’Differenze si jo net esou grouss. A fro och emol ee vun der Inspection Générale des Finances oder vum Contrôle financier: et ass ëmmer schwéier, fir eppes Definitives ze soen, well en Iertum ka richteg oder falsch sinn, dat hänkt ganz dervun of, ob ee sech trompéiert huet oder net.

„Hopp, weist emol Äre Kaffi an Är Mécken heihin! - Ah, dee louder Computer! Laut Nostradamus soll en dach eréischt fir den 1. Januar 2000 verréckt spillen.“

An den Inspecteur principal 1er en rang geheit sech an d’Rechnen. Männer musse sech ëmmer mat Männer moossen, dat läit an hirer Natur. A schliisslech muss hien dach d’Éier vu sengem Service retten. E multiplizéiert an en addéiert an addéiert a multiplizéiert ---

„Et voilà, Steinmetzer! En Total vu 725 Frang.“

„Sot Dir? Dat ass purement subjectiv. Dat ass eng reng Hypothese.”

„Ma sécher. Hei, ech ka meng Calculatioun och mat de Méckebaatschen ufänken, dat ass un a fir sech jo gehopst ewéi gesprongen.”

An elo multiplizéiert en an addéiert en an addéiert a multiplizéiert dann och nach hannertzeg. E richtege Karrierist!

Mä hei, elo gëtt et op eemol 932 … Komesch, dat do!

„Gesitt Der, Chef. ‘t ass fir ze vrecken, hë? Mä sot, am Fong geholl huet e Computer och net nëmme Virdeeler. Esou huet een dach vill méi Vergläichsméiglechkeeten.“

Also neen! Si mer hei an enger Staatscomptabilitéit oder net?! An éier en um Europäesche Rechnungshaff nofreet, rifft den Toussaint ower léiwer emol fir d'éischt dat krappegt Linda vun niewendrun eran. D’Linda huet alles u sech, wat een esou als Linda brauch, an ower kënnt et net ze vill mat all deenen Accessoiren erageréngelt, well et weess ee jo ni, ween nach beim Chef ass. Also maache mer léiwer op seriös.

„Jo jo, Här Inspecteur principal 1er en rang, ech hunn elo hei déi genau Donnéeë vum Ëmbau um Krautmaart: 1 Milliard an 155 Milliounen … e staarkt Stéck!“

„Neen, stiecht Iech d’Chamber an den Tuppi. Et geet hei ëm eis nei Kaffisfilteren an nei Mécke-baatschen.“

„Ah sou. Ech verstinn. An do soll ech elo en Devis ufroen?“

„Net néideg“, mengt de Steinmetzer an dréckt sech un dem Linda seng Accessoiren. „Wat heescht hei en Devis ufroen? Mir hu schonn e puer verschiddener. Eemol 643, eemol 957, dann nees 725 … Mol méi deier, mol méi bëlleg, sou wéi d’Konkurrenz um Marché haut eben ass.“

„Ah sou. Elo verstinn ech jo nach méi richteg. O, mä dat hat ech beim Staatsbudget och schonn dacks an dann hunn ech einfach d’Moyenne geholl.“

Dat doen ass elo ze vill. Den Inspecteur 1er en rang bréngt et scho bal net méi fäerdeg, fir asthmatesch ze schnauwen. Einfach pi mol Daum? Hei an dësem héijen Haus? E Skandal!

„Dir Herrschaften. Wat eng Comptabilitéit jo am Fong geholl wëll, dat ass, dass se stëmmt. Op de Frang.“

Den Toussaint schléit mat der Fauscht op den Dësch. Fir seng Autoritéit ze betonéieren.

„Ho, wat soen ech? Op den Zantimm! Bis aacht Stellen hannert dem Komma.“

An e schléit nach eemol mat der Fauscht op den Dësch. Fir seng Autoritéit nach méi ze betonéieren.

„Sief dat elo mat deene 2,3 Milliarde fir den neie Sportzentrum um Kierchbierg, déi geplangte 16 Milliarde fir de BTB duerch d’Stad oder sief et mat eise Kaffisfilteren a Méckebaatschen.“

A mat deem ville Betonéiere kommen dann elo all déi aner aus hire Büroen. De Morangs Heng, rédacteur principal. D’Madame Peiffer-Schartz, attachée. De Schintgen, chef de bureau adjoint. Bis op de Bisenius, 1er commis principal. Elo raisonéiert an argumentéiert déi ganz Cour des Comptes zu méi wéi dräizéng Mann, an duerfir geet dann elo och alles ëmmer méi duercherneen.

„De Problem ass net bei deene 66 Frang pro Méckebaatsch, mä mat eise siwe Büroen. Iergendeppes mol 7 rechnen, dat ass net esou evident.“

„Oder well se d’Kaffisfilteren an zwou Doze verkafen, Madame Peiffer. Mat zéng an zéng wier et bestëmmt méi einfach.“

„Pff, ech sot et jo schonn zum Chef: Komm mer huelen d’Moyenne.“

„Bravo, Linda, bravo! A wéi wëlls de da bei véier verschiddenen Zuelen eng Moyenne huelen? Bei dräi oder fënnef, an der Rei, do gëtt et eng Mëtt an der Mëtt - mä bei véier do ass dach ëmmer een ze vill.“

„Dat ass jo och nees wouer. Mä da loosst einfach dat ewech, wat souwéisou am nootsten derbei läit.“

„Mä, Heng, wou solle mer dann erausfannen, wat am nootsten derbei läit, wa mer emol net wëssen, wat am wäitsten ewech ass?!“

Ha, do gesäit een ower, wat déi Informatik haut alles futti mécht, well eemol e Computer en panne a schonns sinn nees e sëllechen nei Aarbechtsplaze geschaf.

An esou gëtt et no an no ëmmer méi spéit a kuerz viru Mëtteg hu s’ et dunn an dem ganze Betrib opginn. Well wann ee sech dat am Fong richteg iwwerleet, iwwerleet de Steinmetzer: de Kaffi wor bis elo nach ëmmer gutt, an eng nei Méckebaatsch bräicht ech och emol guer net, well mat där aler geroden ech souwéisou nach genuch derlaanscht.