Am Joer 1991 gëtt de Stauséi vun Esch-Sauer e.a. fir Reparaturaarbechten un der Staumauer auslafe gelooss.                                 (SEBES - Syndicat des Eaux du Barrage d'Esch-sur-Sûre)

DE STAUSÉI

(1991)

 

Am Fong geholl wor dat Joer 1989 alles an d’Schold, mat där ganzer Rëtsch Anniversairen a Jubiläumen, déi et hei am Land ze feiere gouf:

1.250 Joer Willibrord zu Iechternach,

150 Joer national Onofhängegkeet,

130 Joer CFL-Eisebunn,

100 Joer Nassau-Dynastie,

45 Joer woren et hier, dass d’Amerikaner komm sinn

a last not least hate mer säit 25 Joer de Grand-Duc Jang op sengem Troun an op eisen Timberen …

Voilà, a well esou e biergerlecht Joer mat sengen zwielef kleespere Méint fir eng hondsgewéinlech Liewer nimools duergoe kann, kënnt e Patriot ewéi de Fiederspills Jemp an der Weltgeschicht ëmmer ze spéit, an duerfir huet déi heien Néngtchen sech du wäit iwwert déi zwielef kleesper Méint higezunn. Esou wäit, bis se eemol 1990 mueres beienee sëtzen an nëmme just de Kapp rëselen kënnen ...

... de Buergermeeschter, dee se – trotz Gewaltentrennung – op de Gendarmeriesbüro geruff hunn a sech es nach ëmmer net zoukënnt: „E kriminellen Akt ass et! Eng Blamage fir de Stauséi, fir d’SEBES an à la fin du compte fir dat ganzt Éislek.“

... de Jandaarm a kompletter Tauchermontur mat Schwammkap, Schnorchel a 50-Zentimeter-Flossen: „Hei ass de komplette Rapport mat de Vergläichswerter an absoluten an a relative Prozenter a Milligrammen op enger Déift vun 10, vu 15 a vu 25 Meter ënner Waasser. – Iwwregens, dee Kärel huet en och grad ënnerschriwwen.“

„Ah, dann ass en elo wéinegstens erniichter?“

„E weess op jidde Fall emol nees, wéi en heescht, an e kann och erëm eenegermooosse mat béiden Ae riicht auskucken. – Waart, ech ginn e sichen.“

... dann d’Sylvie, eng jonk Tipp-Mademoisell, dat d’Affär méi vun där ameséierlecher Säit hëlt: „'t ass, fir sech eng Boss ze laachen!“

.... an d’Anna, dem Jemp seng Fra, déi dat Ganzt nun ower guer net esou ameséierlech fënnt: „Eng ganz Nuecht am Pangech! Ech wäert him et scho blosen. Do kënnt der allendräi Gëft drop huelen.“

Well ween Esch-Sauer, Lëltz, Ënsber, Léifrech oder Misäersbréck héiert, deen denkt Stauséi – a wee Stauséi héiert, deen denkt un déi sëlleche Belsch an Hollänner, déi heihinner segele kommen, ower och un d’Krunnewaasser fir iwwer 80% vum ganze Grand-Duché.

An dann elo dat hei?!

No sechs Stonne Bistrot!

Am Fong geholl hätt ee missten déi zoustänneg Ministere vu Gesondheet, Tourismus an Ëmwelt op eng Inspection des lieux invitéieren, denkt de Buergermeeschter, mä mäi Gott, et kann ee jo ower net wéinst enger aarmséileger Sëfferblos déi ganz Regierung un d’Schaffe bréngen.

An dee Moment geet d’Dier nees op, an de Jandaarm a kompletter Tauchermontur mat Schwammkap, Schnorchel a 50-Zentimeter-Flossen féiert de Jemp an Handschellen eran, och wann e jo net onbedéngt ënnert seng Kompetenz fält, well dee wor jo net mam Auto ënnerwee, mä einfach zu Fouss, an dat nach mat Krämpes.

„Sou, hei ass eisen Delinquent.“

„Ma du versoffe Lomp!“, fiert d’Anna an d’Luucht a geet mat dem Prabbeli op en duer. „Krus de den Trach nees net voll genuch? - An dann och nach flatschdeg an de Stauséi!“ Also méi kloer an däitlech kann een d’Quintessenz vun där ganzer Affär net op de Punkt bréngen.

„Här Buergermeeschter, ech a meng Patrull, mir haten e gëscht géint den Owend am Gestraiss in flagranti erwëscht. Zu Lëltz hannert enger Pëppel. Fir et méi genee ze localiséieren: an der Zone de Protection 1. Ech ënnersträichen:  :ersträichen :: Zone de Protectionoer ewéi 89 mat sengen zwielefd kleespere Méint fir eng hondsgewéinlech Liewer duergoen ? an ZONE DE PROTECTION SANITAIRE 1, esou wéi d’Gesetz vum 27. Mee 1961, Nous Charlotte, par la grâce de Dieu asw. et virgesäit. Dont acte.“

Dem Fiederspills Jemp ass et den Ablack net no Charlotte an net no der grâce de Dieu zumutt, hie steet just als Kriminellen do, mat den Handschellen un dem Radiateur ugestréckt, dass en hinne jo net duerch d’Latte geet.

„Genial, Jongen! Also, do hu mer een ënnert eis, deen de ganze Grand-Duché an d’Luucht gesprengt huet an deen, dee leeft nach haut fräi doruechter - mä stells de dech just eemol bei engem Bam hannerwands, wupp, da gëss de vun de Flicke gepëtzt. Déi Raudien hate mech schonn an hierer Käerchen, éier ech de Boxekueder emol richteg zou hat.“

Dee Moment vergësst d’Sylvie, déi jonk Tipp-Mademoisell, den Eescht an d’Envergure vun der Situatioun a kickelt fir sech: „Hu, echt! Ech hätt e gäre gesinn.“, mä d’Anna huet et héieren a geet eng zweete Kéier an d’Luucht: „Wat häss du gäre gesinn? Ech géif der et unhänken, Meedchen!“, an domat ass et nees un dem Eescht an un der Envergure vun der Situatioun.

Tjo, juristesch gesinn weess een net esou richteg welleche Ressort deen Dossier elo méi staark concernéiert: ass et, wéi scho gesot, en Terror-Akt op den Tourismus oder éischter een op déi national Gesondheet? Déi eng schwammen dran a surfen driwwer, déi aner sëtzen doheem a wäsche sech d’Zänn dermat -  an ower ass et de facto nëmmen e pittoresken, quasi skurrilen À-côté.

„Genau. 60 Milliounen Fudder SEBES-Waasser op 3,8 Quadratkilometer an da kommen ech klenge Männche vun der Dränk ---“

„Mä da sot eis och emol, wat Der ënnerdaach hat.“

„Ma ja.“

„Mäi Gott – eng Klengechkeet. 21 Humpen an 9 Drëppen.“

21 Humpen an 9 Drëppen ... Dorop kann een näischt äntwerten, do steet ee just voller Respekt virdrun, Iechternacher Willibrord hin oder CFL an Amerikaner hier! Esouguer dem Jandaarm, deem a kompletter Tauchermontur mat Schwammkap, Schnorchel a 50-Zentimeter-Flossen fält keng gescheit an – esou e Mënsch ewéi de Jemp kann een nëmme just bewonneren.

„A kee Wonner, dass de do Drock drop kriss, wéi?“ Dem Fiederspill ass et, wéi wann en et elo nach géif spieren. „Dat geet da wéi vu selwer.“

„Fierchterlech!“

„Du sees et, Anna, fierchterlech a meterewäit.“

„Dass de n’en iwwerhaapt nach geroden hues.“

„Ween?“

„De Stauséi.“

An deen ass elo scho säit 1959 a Betrieb, mä esou eppes ewéi gëschter Owend ass deene ronn 200 Millioune Kubikmeter Sauer, déi Joer fir Joer derduerch lafen, nach net passéiert.

21 Humpen an 9 Drëppen ...

De Buergermeeschter kënnt sech es nach ëmmer net zou.

„So, Jemp, a wéi staark waren déi Spirituosen dann?“

„O, et hat sech rentéiert. Ech hat op jidde Fall méi dervun ewéi vun deene puer Frang op onsen Spuerbuch. Do kriss de nëmmen 8, héchstens 9% - déi heien, déi haten der wéinegstens 50.“

Waat? An da grinst en och nach derbei!

Mä ... mä ... do hätt ee jo och nach missen de Bauteminister mat aspanen.

50% Alkohol am Stauséi?!

Et geet also net nëmmen ëm d’SEBES-Krunnewaasser, mä wat mengs de, wat dat un der Stau-mauer frësst!

An zemol, wou déi elo schonn e sëlleche Rëss huet.

An dobei ass se um Fouss nëmme lappeg 4,5 Meter breet, mä duerfir ower 47 Meter héich ...

Neen, do muss elo eppes geschéien, do muss elo den nationale Katastropheplang ausgeléist ginn!

 

*****

 

An ee Joer drop, am Hierscht 1991, sëtzt de Fiederspills Jemp nees bei senger Pëppel zu Lëltz op enger Bänk a kuckt erof, dohinner, wou nach d’lescht Joer Stauséi wor, deen se elo auslafe gelooss hunn, dohinner, wou nach d’lescht Joer Stauséi wor an elo nëmme just e groussen, eidelen Dall ass, dohinner, wou elo Week-End fir Week-End Dausende Lëtzebuerger laascht déi puer Reschter Gestengs vun e puer alen Haiser, Millen a Brécken spadséiere kommen - mä kee Mënsch gesäit de  Jemp uewe bei der Pëppel, deen hält sech grad ewéi deemools schéin do hannerwands. Dann haten se mat sengen sou vill Humpen an Drëppen elo eng Ursaach, fir de Stauséi auslafen ze loossen ...