Schonn 1948 huet de Giovanni Guareschi (1908–1968) déi éischt satiresch Geschichten iwwert den Don Camillo (Paschtouer an engem klengen italieneschen Duerf) an de Peppone (kommunistesche Buergermeeschter) geschriwwen, déi – bis wäit an déi 60er Joeren – vum Zesummeliewen am Klima vum Kale Krich erzielen. Eng ganz Rei vun deene Romaner goufe virun allem mat dem Fernandel an der Roll als Don Camillo verfilmt.

Maache mer aus där Zäit an aus deem klengen italieneschen Duerf e Spronk op Lëtzebuerg an d’Joer 1989, wou no de Landeswale vum 18. Juni d’Regierung Santer/Poos mat hirer CSV/LSAP-Koalitioun fir déi zweete Kéier untrëtt, a begéinen do – wéi duerch en zoufällegen Zoufall - zwou bekannt Perséinlechkeeten aus dem Land: den Abbé André HEIDERSCHEID, Direkter vum "Luxemburger Wort" / Imprimerie Saint-Paul, an de René URBANY, President vun der Kommunistescher Partei, Redakter an der KP- „Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek“ a vun 1975 bis 1990 Deputéierten an der Chamber.

An Zoufall hin oder Zoufall hier, och hei schwätzt de Jesus um Kräiz e Wiertche mat ...

DON CAMILLO A PEPPONE

(1990 - fräi aus de Geschichte vum Giovanni Guareschi)

 

Et schléit zwou Auer um Kierchtuerm. Zwou Auer an der Nuecht. Iwwerall ass et däischter an hannert dem Kierchenaltoer nach vill méi, well do ass et emol net ganz hell, wann et soss iwwerall hell ass. An grad aus deem Däischtere kënnt e Schiet mat enger Soutane erausgeschlach ...

„Jesus, verzeit, dass ech Iech nach esou spéit an der Nuecht stéieren ---“

„Komm, du mat Vertrauen, Abbé Heiderscheid.“

„--- mä ech kann einfach net schlofen.“

„Gleef mer et, ech kënnt och net, wann ech mech bis elo an de Stroossen erëmgedriwwen hätt, fir mat iergendengem vun den Sozialisten eng Kläpperei unzefänken. Abbé, firwat läis de der dann ëmmer mat deene Rouden an den Hoer? Grad ewéi deemools däi Kolleg an Italien.“

Also, mat dem Jesus kann den Abbé iwwert alles schwätzen, iwwert alles diskutéieren, iwwert alles streiden, mä esoubal dee mat Politik ufänkt, da brenne beim Abbé d’Sicherungen duerch.

„Hee sot emol, Här, haalt Der elo zu deenen oder zu mir? Ech hat nämlech nach eng Facture mat där Band ze acquittéieren, well se mer wéini meng Façade voll gekrozelt hunn: Loosst se lafen, déi houer ---

„Jo jo, ech kennen dat klengt Liddchen och. Mä dat léiert dech.“

„Wat?“

„Mä wann d’LSAP sech um Nationalkongress wéinst hirem Bergs Benny sengem neie Mondorfer Domaine Thermal zerbalegt, dann an de Kathedralstuerm eropzekraxelen a voller Freed d’Klacken ze lauden.“

„O Här, Dir sidd e Spillverdiewer.“

„Schumm dech! An dobei bass de och nach Direkter vun enger Dréckerei, déi sech Sankt-Paulus nennt. A wéi steet schon a menger Helleger Schrëft: Am Anfang war das WORT ... also.“

„Mä donieft sinn ech ower och nach Mënsch. An dat ganzt Tageblatt mat sengen Escher Pafefrësser doe mech nach eemol aus der Soutane fueren.“

Elo wollt e sech grad ganz scholdbewosst nidderknéien, mä a senger Roserei schléit e fir d'éischt nach mat der Fauscht op e Kierchestull.

„A wann ech elo een aus där Mafia hei hätt, ech géif e mam Kolli huelen an esou duerchernee rëselen, dass en ---“

„Pscht, Abbé. Ech héieren eppes.“

Wierklech, do muerkst een un der Kierchendier. Den Abbé ass nach net richteg hannert där grousser Statu vum Jousef an Deckung, do geet d’Dier op an et kënnt een eragetrëppelt.

Den Urbany!

De Kommunisten hire René Urbany!

Den Abbé Heiderscheid versteet d’Welt net méi.

A kuck nëmmen do, wéi dee Bolschewik sech elo esou schäinhelleg dohinner knéit. A wéi en elo och nach esou schäinhelleg biet an dann op eemol eng grouss Käerz aus sengem Mantel hëlt a se ufänkt.

„Renjew Urbanowitsch!“, kënnt d’Soutane hannert dem Jousef eraus a liicht him mat enger Täscheluucht an d’Gesiicht. „Du bréchs an d’Haus vun eiser Härgott an? An dobei bass de emol nach net ganz erniichter.“

Den Urbanowitsch, deen elo eréischt spiert, dass e vun erlauter Schreck vergiess huet de Fixspoun auszeblosen, weist séileroueg op d’Kräiz. Séileroueg, an och e wéineg stolz.

„Dat ass eis Saach. Ech hat virun de Wale mat dengem Chef ofgemat, him eng Käerz unzefänken, wann e mech nach eng Kéier an d’Chamber erabugséiert kritt. An du hues gesinn, dee Mann ka säin Handwierk.“

Pardon? Dass do een am Himmel soll mat deenen Nach-méi-wéi-Rouden ënnert enger Decke stiechen, neen, dat gouf et esouguer deemools bei deem richtegen Don Camillo a Peppone net.

„Här Jesus, haalt mech elo un. Soss geschitt hei eppes Dramatesches“, an e gräift schonn no dem Käerzestänner, mä den Urbany stellt sech him an de Wee.

„Heiderscheid, trau dech net se auszeblosen. Ech soen der et am Gudden. Gehei dech léiwer schéi brav a Positur, well ech si komm, fir bei der ze beichten.“

„Beichten? Du? An och nach ëm dës Zäit?“

„Mir si jo allen zwee hei – also.“

Déi Logik iwwerzeegt souguer de Jesus um Kräiz an dee stellt d’Situatioun nach méi kloer: „An dobei kënnt en net politesch, mä als Mënsch. Hopp, begann dech. Soss gëtt et nach ëmmer méi spéit.“

Déi Logik iwwerzeegt den Abbé natierlech och nees, e geet sech an de Beichtstull setzen, mécht grouss d’Kräiz ... „Den Här sief mat der, roude Brudder, an zemol mat dir, well du hues et méi néideg wéi all déi aner.“ ... a reift sech genësseg d’Hänn. „Da looss se kommen. 't ass scho laang hier, dass ech een aus där aner Équipe hei sëtzen hat.“

„Här Abbé ... ech ... ech verkafen Iech als éischt emol déi méi liichtsënneg. De Rescht kënnt dann no. Also, wëss Der, wat ech hënt gedreemt hunn?“

„Deng Partei hätt d’Majoritéit?“

„Geroden. D’KP hätt 45 Sëtz, d’Tageblatt, de bloe Journal a virun allem äert dubiost „Für Wahrheit und Recht“ wiere sauer agemat an ---“

„--- an et géif nëmme just méi deng kommunistesch Zeitung?“

„Genee.“

„Ha, dat muss du grad soen. Wou s du dach bei dem Revolverblat Leit-Artikler a Facteur an enger Persoun bass.“

„Wéisou?“

„Mä well et méi bëlleg gëtt se selwer bei déi puer Abonnenten heemzeféieren ewéi se mat der Post ze schécken.“

Déi sëtzt natierlech. An zemol vun der Konkurrenz zervéiert. Dat deet dann duebel wéi.

„Mä fir de Rescht keng Angscht, Urbany, wann s du och d’Kierch net ëmmer aus denger Politik erausléiss, mir aner, mir loossen d’Politik op jidde Fall aus eiser Kierch.“

Op esou eng arrogant Arroganz hëlleft nëmme just ironesch Ironie, an doranner ass de KP-Mann nu wierklech ni verleeën.

„Ah joooo ... duerfir bass du jo och deemools beim National-Kongress vun der LSAP guer net op d’Iddi komm, fir d’Klacken ze lauden ... “

„Pscht, net sou haart“, wénkt den Abbé séier of a weist op dat grousst Kräiz. „En hat mech elo éinscht schon doerwéinst am Geschier.“

„Ah, dat freet mech. Da krus de och emol vu méi héijer Instanz erof de klerikalen Dicks geriicht. Mä Abbé, maach der näischt draus: mir kommen allen zwee zesummen an d’Häll.“

„Hee, so, beichten ech bei dir oder du bei mir? Also, dann zu den Doudsënnen. Waart, ech sëtze mech nach e wéineg méi kammoud, da kann ech méi mat Genoss nolauschteren.“

Am Beichtstull mat der Wouerecht, der ganzer Wouerecht an nëmmen der Wouerecht erauszerécken, fält ëmmer schwéier - och engem Politiker, dee mat alle Waasser gewäsch ass.

„Also, Här Abbé … ma jo ... ech weess, mir schreiwen elo schonn 1990, ech kommen e wéineg spéit dermat ... mä verstitt, international Verpflichtungen ... DDR ... de Gorbatschow ... dann den 9. November d’lescht Joer, wéi d’Berliner Mauer opgehalen huet eng Berliner Mauer ze sinn ---“

Den Urbany kënnt hei e groussen Exkurs an d'Ost-West-Poltik maachen, mä léisst d'Fangeren dervun, well hie sëtzt hei an der Défensive a kënnt léiwer esou séier ewéi méiglech zu sengem Fin-Mot.

„Voilà ... an dunn ... jo, du hunn ech, ech als President vun de lëtzebuerger Kommunistescher Partei ... jee, ech hunn de leschten 18. Juni bei de Walen e wäissen Ziedel ofginn.“

„Waat? Du hues de politesche Feigling gespillt?“

„Dobei wollt ech et alle kapitalistesche Profiteuren emol kräfteg blosen, mä wéi ech dunn esou ganz eleng an der Kabinn stong, kee vu menge bluttroude Geselle riets a lénks ... dunn .... dunn .... jee, dunn eben. – Mä 't bleift jo ower ënnert ons, gelu.“

„Versprach. 't geet jo schonn duer, dass ech et weess.“

Dee groussen Urbany! A wéi en esou daierlech do sëtzt, do deet en dem Abbé am Fong geholl richteg leed. E koum jo net politesch, mä als Mënsch.

„Här Jesus, hutt Der dat matkritt? E wäissen Ziedel.“

„E bereit et. Gëff him d’Absolutioun.“

„Mengt Der? Okay, ech wëll. Mä op Är Verantwortung. A mat enger Bouss, déi sengem sowjetesche Kaliber entsprécht.“

„An dat wier?“ Den Urbany zitt d’Schëlleren an, en hält sech op alles gefaasst.

„15.000 Vater-Unser.“

„Waaat? 15.000 Pater-Noster?“

An esouguer de Jesus um Kräiz ass paff. „Abbé Heiderscheid, firwat werfs de dech blouss esou an d’Plommen?“

„Mä ganz einfach: en huet mech fir domm verkaf. A kuckt, wéi en elo esou fromm d’Gesiicht an d’Hänn leet. Elo schmeechelt sech och nach fir déi nächst Gemengewale bei Iech bäi. Ah, ech huelen en auserneen, da raumt e sech besser ewech.“

„Géi. Am Kär ass et dach en häerzensgudde Mënsch“

„Am Kär villäicht. Mä kuckt Iech emol déi Schuel do un. Nee, Jesus, da loosst mech wéinegstens déi heien op him zerschloen.“

Déi grouss Ouschterkäerz, bal e Meter héich, eng zwielef, dräizéng Kilo schwéier, dovunner huet och schonn deemools den aneren Don Camillo gedreemt, wéi e säi Buergermeeschter viru sech sëtzen hat.

„Neen, Abbé Heiderscheid – éischtens: du bass Chef-Journalist, hien ass Chef-Journalist, an zweetens: du hues deng Hänn, fir ze seenen, net fir ze klappen.“

Tjo, do huet e jo och nees Recht, denkt den Abbé bei sech. Mä wéi sot deemools deen aneren Don Camillo doropshin? 'Meng Hänn hunn ech, fir ze seenen, an der Rei – mä meng Féiss ower net.' Da waart, Jong! E strëppt d’Äerm vun der Soutane erop, späizt sech an d’Hänn, hëlt schonn en Ulaf ---

„An der Rei“, kritt de Jesus en nach just ze bremsen, „'t ass gutt fir eng Kéier. Ower een, nëmme just een.“

„Ah, Jesus, du bass ower e Kolleg. Mä dréint Iech ower trotzdem léiwer ëm, well dat hei ass näischt fir Är Aan.“

A wéi den Urbany sech elo grad méi no vir béckt an him grad giedlech vun hanne ganz Russland dohi kéiert, hëlt den Abbé en neien Ulaf an dréckt him en Eelef-Meter hannebäi, dass Russland mat dem Stull ëmfält, an d’Statu vum Jousef ganz geféierlech ufänkt ze wackelen.

„Merci, Heiderscheid.“

Eng séileroueg, zefridde Reaktioun aus dem lëtzebuergeschen Ost-Block.

„Hä? Här Jesus, faalt Der do net aus alle Wolleken? Dee seet einfach nëmmen: Merci.“

„Heiderscheid, dodrop hunn ech gewaart. Elo ass et mer besser.“

„Mir och. A mat deem do sinn der 14.998 Vater-Unser gutt geschriwwen.“

„Dann häss de scho kënnen éischter rennen.“

„Wéisou?“

„Mä ech hat der schon, dräi gebiet.“

Den Abbé huet elo guer keng Loscht, fir laang nozerechnen, d’Haaptsaach: en hat voll geroden an dem Urbany virdemonstréiert, wat Perestroika a Glasnost op lëtzebuergesch heescht.

 

Et schléit elo schonn hallwer dräi um Kierchtuerm. Hallwer dräi an der Nuecht. Iwwerall ass et däischter, an de René Urbany ass grad zur Kierchendier erausgehippt.

„Abbé Heiderscheid, schumm dech. Hat ech dech esou mäin hellegt Sakrament vun der Beicht geléiert?“

„Ah sou? Mä hat ech dann net recht, Jesus? E kënnt Iech wéinst sengem Stull um Krautmaart eng Käerz heihinner stellen, grad ewéi wann Dir mat senger Partei fusionéiert hätt.“

„Abbé Heiderscheid, et ass net esou schlëmm, wann ee fir déi Rout stëmmt an ower u mech gleeft, wéi wann ee géint déi Rout stëmmt an net u mech gleeft. Verhal der dat ee fir allemol!“

„Mä dat ass et jo grad: en huet weder fir se nach géint se gestëmmt, dee politesche Boxeschësser. En huet dat ganzt Land op d’Aa gedréckt.“

„Mech net.“

„Ower mech. Duerfir sinn ech jo esou aus dem Still gefuer.“

„Wéisou?“

„Mä hien zitt sech propper aus der Affär, hie gëtt e wäissen Ziedel of, an ech ... ech ... verzeit mer, Här ... ech als gudde Kolleg, ech hunn hien ower gestëmmt.“