Am Joer 2015 schaaft d’Blo-Rout-Gréng-Regierung d’Allocation d’Éducation an d’Allocation de Maternité of a féiert (am Kader vum Zukunftspak) op all Pei eng Kannersteier vun 0,5% an, e.a. fir d’Structure-d’accueilen (Maison Relais, Crèche ...) weider auszebauen.

 

(Dësen Text ass nom Schema vun de Radio-Hörspiller „Papa, Charly hat gesagt“ opgebaut, déi vun 1972 bis 1995 vu verschiddenen ADR-Hörfunkprogrammer produzéiert goufen.)

ALIMENTER FIR DE STAAT

(2015)

 

E Papp (vu Beruff héijere Beamten a konservativ),

deen do sëtzt a säi „Lëtzebuerger Wort“ liest,

e Bouf (vu Beruff eréischt 12 Joer a Bouf),

deen dernieft sëtzt an nervt 

an dat mat de Meenungen an Usiichten vum Kolleeg Charly sengem Papp 

(vu Beruff Aarbechter a mat anerem Weltbild),

déi ower guer net an déi gutt, al Klischeeën a Prinzipen 

vun deem Papp mat dem „Lëtzebuerger Wort“ erapassen

 

*

So, Pappa, de Charly huet gesot, säi Papp hätt gesot, mir missten am Land alleguerten ëmdenken.

Ma da soll hien emol als éischten ufänken. Hien huet et jo am wäitsten.

Et wieren der och schonn dermat am Gaang. An du huet en iirgendeppes geschwat vun ... vun ... Waart, ech hu mer et opgeschriwwen: „Vu famillje-politeschem Zukunftspak wéinst neie Gesell-schaftsstrukturen“ ...  oder esou ongeféier.

Also, do schléisse mer elo ouni Kommentar of, well esou Themaë sinn dir, dem Charly an och dem Charly sengem Papp dach e puer Nummeren ze grouss.

Hee, Daddy, wëlls de nees vum Thema oflenken?

Vu wellechem Thema? Ech wéisst net, dass mer schonn eent gehat hätten.

Ma dach. Vun deem famillje-politesche Zukunftspak an deene 0,5%, déi elo jiddweree fir d’Kanner bezuele muss. Hues de dat dann net matkritt?

Wat ech matkritt hunn, ass bestëmmt eppes aneschter ewéi dat, wat dem Charly säi Papp matkritt huet, deen nëmmen d’Bild-Zeitung liest a fir de Rescht beim Comptoir grouss Weltpolitik mécht. Dass mer dat emol direkt kloer stellen.

Jo, mä dat ass ower esou mat de Crèchen a Maison-Relaisen a mat deene 0,5 %.

Sécher. Dat sinn déi, déi et mech kascht, dass dem Charly seng Mamm ka gemittlech mat schaffe goen ---

Muss mat schaffe goen, Papp. Dem Charly seng Mamm muss mat schaffe goen.

--- an dass een him d’Regeldetri an de Subjonctif nach extra erkläert. En plus, kann ech och nach zwou Kotlette bezuelen: eng fir dech an eng fir de Charly.

Papp, du weess dach, dass ech d’Kotletten net gär hunn. An de Charly och net. Mir hu léiwer Spaghetti Bolognese.

Mäi Gott, vu mir aus. Dann ebe Spaghetti Bolognese.

Mä da misst de Charly ower vill méi en décke Teller kréien. Well säi Papp bezilt jo och 0,5% vu senger Pei, a seng Mamm och vun hirer.

Ha, dass ech net laachen. 0,5% vun net ganz vill, ass bal och nëmme bal guer näischt. Präziséier dech e wéineg méi, dass ech der widdersprieche kann.

Ma dach. Een dee méi verdéngt, dee bezilt och méi ewéi een dee manner verdéngt.

Ah sou ... Mä mat dem Ënnerscheed vu mengen 0,5% a sengen 0,5% kënns de nach siwen aner Kanner mat duerchfidderen. An déi meescht si jo souwéisou schonn ze déck.

Dann erklär du mir emol, wat s du denks, dass sozial Gerechtkeet ass, Daddy.

Wat ech dir erklären, ass et net dat, wat ech denken – mä wat et wierklech ass. Okay? Mä dat ass ... dat ass ... also dat ass, wann d’Kanner alleguerten déi selwecht Chance hunn ewéi s du an doheem vu Mamm a Papp erzu ginn. A virun allem vun der Mamm. Esou wéi s du.

Jo, well d’Pappen, déi si jo souwéisou scho laang bei hirer Frëndin.

Hee, hee ... nu looss ower emol e wéineg Loft eraus.

Mä dach. All zweete Stot gëtt gescheet.

Sees du?

Neen. D’Statistik. An dem Charly säi Bop.

An de Bop elo och nach? Mä déi ganz Famill packt sech jo net méi vun erlauter Wëssenschaft.

Probéier dach emol ee Momentche matzedenken. Oder wéinstens esou ze maachen ewéi wann. Sollen d’Frae mat Kanner dann ophale mat schaffen an herno, wann de Mann se sëtze léisst, just vun deene 400 € liewen? Vun där lappeger Allo ... Alloca ...

Allocation d’éducation an Allocation de Maternité, mengs de. Déi se de Mammen elo och nach ewech huele wëllen.

Jo, genau. Also, do huet dem Charly säi Papp ower och gesot, déi DP, déi wier net riets an net lénks, mä komplett an der Mëtt ënnenduerch.

Nu kuck do! Da geet deen ale Revoluzzer ower op d’Barrikaden. Also nee, wat eng Logik! Mä jee, dem Charly säi Papp ass eben net vu ganz wäit hier.

Ah, duerfir ass en dann och owes ëmmer esou fréi doheem.

Mä loosse mer hei emol festhalen, dass du jo schonn op der Welt bass. An niewebäi gesot de Charly och, wéi ech dat esou Dag fir Dag héieren. Mir hunn eis Allocatioune scho krut, also kanns de an deem Punkt emol roueg schlofen.

Jo ... Daddy ... an dem Charly seng Schwëster? Da kritt déi elo näischt?

Wéisou?

Mä dem Charly seng Schwëster erwaart e Puppelchen, sot de Charly.

Waat? Nach net bestuet? An eréischt 19 Joer?

Dat huet näischt mat dem Alter ze doen. De Charly sot, säi Papp hätt gesot, wéi hien déi éischte Kéier probéiert hätt, du hätt en et schonn direkt konnt.

Du hätt hien et scho konnt ... Endlech si mer um ënneschten Niveau ukomm.

 

An niewebäi bemierkt, du hues dech jo ëmmer opgereegt, dass se deene Jonken esou vill vu Gummie schwätzen. Mä do gesäis de, wéi et dann ouni geet: elo huet hatt e Poulet am Schäffchen.

 

Et la séance est levée. Méi ordinär geet et wierklech net.

Komm Daddy, bau mer elo kee Kollaps. D’Haaptsaach, et gëtt jo nach deen neie Congé Parental, dee mega Koup Chèques-Servicen a fir all Kand gratis Kannerbetreiung.

Jo jo, esouguer op franséisch an herno och nach op portugesesch, op jugo-slawesch, op chinesesch, a wa mer fäerdeg sinn, lëtzebuergesch nëmme just op Rendez-Vous. - Sou. An elo léiss de mech weider liesen.

Aha, weess de elo näischt méi drop ze äntwerten?

Ech soen nëmme just: Wa mer schonn elo éinscht d’Pappen ofgeschaf hunn, well déi bei hirer Frëndin sinn, da schafen mer elo och nach d’Mammen of. Setzt d’Kanner op d’Welt an iwwerloosst se dem Staat. Grad ewéi an der DDR.

Dat gleewen ech der net. An dem Charly säi Papp gleeft dat och net.

Genau do läit jo de Problem. Dem Charly säi Papp, dee baut sech esou seng Meenungen zesummen, an dobei geet him alles iwwert den Horizont.

Mä dat ass dach flott. Well grad vun do huet een eng aner Vue op d’Saachen.

Ah, wann s du net ëmmer misst dat lescht Wuert hunn ...

So, Pappa, ech wollt dech do nach eppes froen.

Jaaaa ...

So, duerf ech muer mat dem Charly an d’Maison Relais. Muer ginn et nämlech Spagetti Bolognese, an dann häss de deng 0,5 % alt wéinstens net fir näischt bezuelt.