1995 – VILLDELAKÜLLTÜR

 

(...)

An de Santer huet jo no de leschte Walen am Juni eppes ugefaangen, ouni et fäerdeg ze maachen, esou e kräizbums-fidele Politicus Interruptus, mat deem en zu Bréissel no dem Delors éischte Mister Europa gouf, fräi nom 5. Kapitel 2. Vers vun der CFL: „Attention! Un Jacques peut en cacher un autre.“ (*) An zum Juncker sot en dunn: Männi, de Fischbach, deen ass jo nëmmen duerch Kompensatioun an d’Maarnecher Marie-Josée Jacobs duerch Quoteregelung an d’Regierung erakomm, mä du, du bass de Mann fir neie Premierminister, du verkierpers nämlech déi echt Demokratie mat fräiem Meenungsaustausch. Well kuck, op all CSV-Kongresser sinn eis Deleguéierte bis elo mat hirer Meenung dohi komm a mat denger nees heemgaangen ... A wéi de Juncker e puer Deeg drop a säi Büro op dem Staatsministère koum, du huet e vun erlauter Stolz, e Premier ze sinn, net nëmmen de Buedem an d’Sekretärin gekësst, mä en huet sech och direkt e Globus vu Lëtzebuerg bestallt.

(...)

Tjo, et wäert scho schif goen, sot den Architekt vu Pisa, an esou huet de Juncker mech dann elo engagéiert, fir seng éischt „Déclaration sur l’État de la Nation“ ze schreiwen. Mä ënnert eis gesot: eng Konscht ass et keng. Zemol wou déi Natioun jo net esou grouss ass - fir déi kleng Olympesch Spiller deemnächst um Kierchbierg (**) gouf jo d’Hummerwerfe vum COSL gestrach, well soss missten se den Hummer no all Worf entweder a Frankräich, an d’Belsch oder bei d’Preise siche goen.

(...)

Déi reell Realitéit vum einfachen, statisteschen Tréierer-Kaufhof-Lëtzebuerger ewéi s du an ech läit eben iergendzwousch tëscht all Mount eng Endziffer an der Nationalloterie, eng richteg Prinzessin Marie-Astrid an eng aner op der Musel, an dann deem Autocollant „Keng Reklamme w.e.g.“ op de Bréifboîten, mä duerfir trëllt der ower mueres kéipweis Adler a Bâtiself a Roller schéi verstoppt aus der Zeitung eraus.

Se läit iergendzwousch tëscht de massege Schoulklassen, déi a bleche Containere pedagogesch zwëschegelagert ginn, tëscht Concert vum José Carreras um Stadion an den neie Lotissementer, déi trotz éiwegem Héichwaasser an de Kelleren ower nach ëmmer stur op deene komeschste Plazen autoriséiert ginn, an dat ass dach grad ewéi de Belschen, dee viru sech um Trottoir eng Banann leie gesäit an da jéimert: O vreck, elo ginn ech erëm gläich op d’Sabbel!

Se läit iergendzwousch tëscht eisem „Plakert“ (***), där drëtter Reliounsstonn, déi elo an der Schoul ewech gefall ass – och wann de Bistum nach ëmmer esou staark ass, dass mer op all zweet Bitzmaschinn grouss „Pfaff stoen hunn – an eiser aarmer Caisse Générale de l’État mat dengen a menge Steieren. Sécher, wann en Ierbëssenzielert Steierbeamten gëtt, dann hu mer wuel ee Steierbeamten méi, ower nach ëmmer keen Ierbëssenzielert manner, well huet een do emol no senger Steiererklärung e puer Su an en hallwe vum Staat ze gutt, wat jo nu wierklech net traditionell Traditioun ass, mä ower muenechmol par hasard quand-même trotzdem virkomme soll, (zu engem vir an der Rei:) Kolleg, dann hues de schonn eventuell d’Tut zougepëtzt, bis de iwwerhaapt eppes dervu gesäis. Mä maach der näischt draus, well hues de dech eemol bei denge Steieravancë verschlof, ho, da lafen direkt daags drop, wann net schon daags virdrun 10% Zënsen, an et géif der um Enn souwéisou net méi vill Rescht bleiwen, fir nach schwaarzt Gezei akafen ze goen ...

(...)

 

(*) Den 23. Januar 1995 gëtt de Jacques Santer President vun der Europäescher Kommissioun, als Nofollger vum Jacques Delors. De Jean-Claude Juncker gëtt dueropshin neie Premier zu Lëtzebuerg.

(**)Vum 29. Mee bis den 3. Juni 1995 sinn d’JPEE (Jeux des petits États d’Europe) zu Lëtzebuerg.

(***) Offiziell Cover-Photo vu „Luxembourg, ville européenne de la Culture – 1995“, déi fir vill Opreegung suergt.

 

 

1996 – MIR SINN OP HONNERT

 

Et gong also alles 1896 un (*), Ladies and Gentlemen, a mat der Zäit gëtt aus Kanner Leit, aus Hierke Rollmopsen, an haut si mer schonn 100 Joer duerno, an dat wor honnert mol Neijooschdaagsdrénkgeld fir de Facteur, honnert mol Éimais-chen a Steiererklärung an honnert mol helleg Blodere fir an d’Oktav ... Jee, et sinn esou an esou vill Prozent vun der Weltgeschicht, vu Grompere mat Brach bis Windows an DOS an esouguer bal vum Jang de Blanne bis bei de Jean la Gaufre ... A Vollék, wat huet sech an där Zäit alles geännert! Par exemple verdeelt de Gesondheetsministère an de Lyceeë gratis Gummiën ... ëmmer eng Längt viraus ... Alles schéin a gutt, mengt d’Action Familiale et Populaire an hirem „Wort zum Sonntag“ am „Wort“, esoulaang se net och nach fir déi Jonk an där Disziplin grad ewéi beim Führerschäin d’Conduite accompagnée aféieren ... A ronderëmmer erstéckt dat ganzt Land am Electro-Smog, esou dass op ville Plazen de GSM scho verbueden ass, soss op eemol spillt an de Bussen den automatesche Pilot verréckt an an de Klinike seet d’Häerz-Longemaschinn: Entschëllegt déi kleng Ënnerbriechung, mir si gläich erëm do ...

(...)

Voilà, an 100 Joer laang wor d’REVUE ëmmer en direct a mat der Nues vir derbei, vum Emil Mayrisch mat senger ARBED bis bei  de Karlspräis an eis Pecherten, a vum Bievesch Nic an dem Clemense Mett bis bei d’Jorhonnertaffär a bei d’Rolling Stones mat den „Zwou Bulle Mocca“ um Kierchbierg (**) ... Do gesidd der, et wor ëmmer iergendzwousch iergenteppes lass: (bliedert an enger aler Zeitung) Nationale Referendum vun 1919, Maulkuerfgesetz vu 37, a ronn 20 Joer drop kritt Frankräich säin neie Général de Gaulle, Roum säin neie Poopscht Johannes XXVIII, Bréissel eng Weltausstellung a mir e Sessellift zu Veianen ... Mä och duerno geet et monter weider, well den Tuerm vun der Kathedral brennt of, en plus hu mer e Bommeleeërt a Cattenom direkt hanner Fréiséng - a wann et do eemol knuppt, da knuppt et ni méi nach eng Kéier duerno, a bei all deem fält 1989 déi Säit der Musel d’Berliner Mauer - eng Mauer, déi souwéisou iwwerflësseg wor, well wee wier da scho vun hei an den Oste geflücht?        

(...)

A grad op europäeschem Plang, do konnte mer Weltgeschicht matschreiwen: dat gong schonns u mat dem Robert Schuman a mat der CECA, iwwert  Luxairtours an eis sëlleche Pizzeriaën, bis bei de Maastrichter Vertrag vun 92, an de Moment hu mer esouguer mat dem Jacques Santer alt nees en EU-President zu Bréissel sëtzen, well wa Lëtzebuerg och schonn net méi um Grand-Prix d’Eurovision de la Chanson matmécht, mäi Gott, dann hu mer alt wéinegstens dat ...

An heiheem huet d’REVUE national gesi schonn eng ganz Collectioun Staats- a Premierministeren verschafft, sief dat de Paul Eyschen oder den Emil Reuter, de Joseph Bech oder de Pierre Dupong, 1984 huet de Santesch Jak no Jordausenden de Pierre Werner ofgeléist, esou dass ee mat den CSV-Kaartespiller nët méi „Schwaarze Péiter“, mä nëmme just nach „Black Jack“ spille konnt ... an haut, haut hu mer de Juncker, eise Superjemp, deen nach d’lescht Joer zu Madrid gehollef huet den Euro op den Numm EURO ze deefen (***) - kee Mënsch weess zwar nach, wéi e soll ausgesinn, mä eppes steet fest: wann s de gäre Geräbbels a Mënz häss, da kriss de fir ee Juncker 100 Poos - fir ee Juncker 100 Schmelzaarbechter, dat ass net dran, well dee Moment huet d’ARBED der emol net méi esouvill. Vun 100 Paschtéier emol guer net ze schwätzen, well däer hu mer schonn haut net méi genuch, esou dass samschdes iwwerall am Beichtstull e Band leeft: Den Abbé ass fir de Moment net hei, schwätzt wann ech gelift nom Piipstoun!

(...)

Ja ja, 100 Joer, dat ass schonn e laangen Tuer! A vun do bis haut wor 1969 wuel dat markanstent Joer fir eis Mënschheet, wéi den 21. Juli den amerikaneschen Neil Armstrong mueres fréi ëm 3.56 Auer als éischte Mënsch iwwert de Mound getrëppelt ass --- an an deem Kontext ass et elo scho méiglech, dass Lëtzebuerg nach virun Amerika a Russland de Mound vun hanne gesäit, well eng ganz Rëtsch vun eise Politiker, déi si scho laang do ...

 

(*) Déi éischt REVUE gëtt 1896, also virun 100 Joer gespillt: „Lëtzebuerger Flautereien“ vum Alexis Brasseur.  

(**) 27. August 1995: Konzert vun de Rolling-Stones um Kierchbierg

(***) Conseil Européen de 16. Dezember 1995 zu Madrid

 

 

1997 - DWALDESLUST

 

(...)

Neen, ‘t ass net, fir sech ze bretzen, well eist Land ass jo däermoosse kleng - obschonn dass een dat am leschte Wanter net gesot hätt, wéi een dee kéipweis Schnéi huet misse schëppen, gelu - (hëlt Zeitungen aus der Täsch) mä trotzdem sti mueres drop d’Zeitungen och nach voll ... (zu engem vir an der Rei:) So, Kolleg, du lies déi jo all Dag, oder? Komm, brauchs dech net ze schummen, ech och net. Dach, dat eenzegt, mat wat ech mech literaresch recycléieren, dat sinn d’Lieserbréiwer, d’Epistele vun deene sëllechen, déi ohne Verantwortung der Redaktion d’Tënt net méi kënnen halen ... An do geet et vun Hippges op Haapges, vun der Sonndesmass, déi den RTL neierdéngs scho mueres fréi iwwerdréit, wann nach keen op ass, duerfir d’Oktavandacht owes spéit, wa se schonn nees all leien - bis op dem Johny Lahure seng nei Ökosteier, par conter geet en trotz héijem Ozon am Summer nawell net drun, fir d’Vitess op der Strooss erofzesetzen - a kee Wonner och, dee Mann iwwerleet, well wann s de mat 180 fiers, wou nëmme 60 erlaabt ass, da produzéiers de wuel zweemol méi Ozon, mä duerfir bass de ower och dräimol éischter doheem - also!

(...)

Do gesidd der, wann een esou eis Lieserbréiwer liest, da geet bei eis ëmmer alles schif - eng Kachkéisseschmier, déi der aus der Hand rëtscht, déi fält jo och ëmmer op déi Säit, wou de Kéis ass. Sécher, de Mindestloun klëmmt 3,2%, den Index 2,5 - souguer d’Rente vun de Wittfrae gi gehéicht  - nëmme schued sot dës lescht nach eng, dass mäi Mann dat net méi mat erlieft! Dee Moment denks de nach: Kuck do! Se kënnen ower mat dem Geld ëmgoen, (bliedert nees an den Zeitungen) mä dann, da lies de niewendrun: de Pei krut fir säi Pei-Musée ëmmer manner un Honorairen: fir deen éischte Projet lappeg 196 Milliounen, fir deen zweete schonn nëmme méi 120 Milliounen –  gesitt der, wéi eist Land do de Geck mat deem Chinees gemat huet, well wann et esou weider gaange wier, da wier de Mann herno mat guer näischt heem getrëppelt.

(...)

Wéi scho gesot: mir sinn däermoosse kleng - ausser Bofrost, Pius-Verband an „Dag fir Dag alles frësch vum EMO-Metzler“ passt jo weider net méi vill dran - an ower gesi mer däermoosse grouss - ech géif gäre soen ze vill grouss. Dat geet u bei de Konzerte vum Tina Turner, Pavarotti oder Montserrat-Caballé, déi d’nächst Joer op Mondorf kubikmeterweis Schiet werfe kënnt, dat geet iwwert dee megarisegen Utopolis – an der Rei, de Ciné Cité an de Marivaux wäerten deemnächst zoumaachen, mä wat mécht eist klengt Land mat 10 grousse Säll – ausser fir 2.700 Glacen a Tute Popcorn?, an dat geet bis bei eist grousst Bankgeheimnis, dat international déck Welle schléit an iergent eng Kéier soll ofgeschaaft ginn. Mä mon Dieu, du frees dech firwat? ‘t frësst eis dach kee Brout, an den Auslänner hiert Geld ass gutt versuergt, schéi roueg an guer net opdränglech, gelu, grad ewéi eng Schwéiermamm, déi fort an d’Vakanz ass: et gëtt se zwar, mä si hënnert net …

(...)

Wou mer nun ower tatsächlech de Vull ofschéissen, dat ass eisen neie „Grand Prix de Luxembourg“ am Formel-1, de Verkéier op eise Stroossen: Vollek, stell der emol vir: iwwer 279.468 Immatriculatiounen en plus nach 105.374 Frontalieren, fir knapp 2.775 Kilometer Strooss. Dat maachen --- (zu engem am Sall:) Ah, du hues et schonn ausgerechent. Genau. 138,67 Autoe pro Kilometer! A sonndes heescht et da mat Hutt a Bretell an d’Bom dernieft: O jee, wat wor ech haut nees an engem Stau - mä glécklecherweis wor ech deen éischten! ... Neen, an deem Fall fueren ech léiwer mat dem städtesche Bus, an du dreems nach owes am Bett vun dem „Kuss fir de Bus“ an dem „Kuss fir däi Suss“ a vum Billjet, deen eng Stonn gëllt, gelu ...

                   

 

1998 – KENG PANIK OP DER TITANIK

 

(...)

Mä jee, a sechs Deeg huet eiser Härgott deemols d’Welt erschaf, an dee Moment kann ee jo och net no alles kucken. Sechs Deeg huet e gebrauch, mä gutt ënnert eis  heibanne gesot: ee Gléck wor en Indépendant an net als Privatbeamte beim OGB-L affiliéiert, well mat deem senger 35-Stonne Woch wier en och nach sonndes am Gaang gewiescht … Eng ganz Woch un engem Stéck: deen éischten Dag huet en direkt emol de Mc Donalds erschaf, dënschdes déi psychologesch Tester am 6. Schouljoer fir an de Lycée, mëttwoches d'Rubbelbilljeeë vun der Nationalloterie, donnesch-des koum dem Tageblatt säi „Jeudi“, freides de Feierkrop a samschdes de Mënsch, op den 1. Januar laut STATEC ganzer 423.800 Stéck bei eis heiheem - déi en plus nach alleguerten esou schwéier vu Begrëff sinn, dass den „Hei elei“ all owes säi Journal muss e puer mol hannertenee weisen.

Bon: 423.800 Stéck, dat ass jo d’Welt och nach net ganz, mä Mon Dieu, duecht eiser Härgott, wee weess, wéi déi demographesch Entwécklung an deenen nächste 50 Joer weider geet, well passt op, och wann elo d’Kannergeld ëm 1000 Frang pro Mount gehuewe gouf, neen, et ass dem Goebbels säin neien Ausbau vum Findel, deen derfir suergt, dass et deemnächst nees méi Lëtzebuerger ginn, an zwar mat dem éischte Vol vun der Cargolux ëm 5.40 Auer mueres fréi iwwert de ganze Grand-Duché: dann erwächen d’Leit nämlech - mä fir opzestoen ass et ze fréi, ower fir nach weider ze schlofen ze spéit …

(...)

Bon, mir si jo bis an all Stëbsecker dee rengsten Aldi, well „All di“ mer hunn, loossen eng no där aner fléien … an dat trotzdem den Härgott näischt op der Welt méi gerecht verdeelt huet ewéi de Verstand, well all Mënsch mengt, en hätt es genuch kritt. Genuch Verstand fir nëmmen 0,5 Promille um Steier, do bass de mat, wou s de haut jo nach 3 bis 4 Liter op de Quadratmeter drénke kanns - mä firwat wëll Europa dann elo och nach all Publicitéit fir d’Zigarette verbidden? Villäicht dass den Heintz van Landewyck mat sengem Godrong d’Nordstrooss ka fäerdeg goudronnéieren, vum Kierchbierg an dem Stafelter iwwer Blaaschent bis op d’Luerentzweiler Kléck an da weider. Duerno Rouscht, Colmar-Bierg, Ettelbréck a schonns si mer mat décker 7,4 Kilometer Tunnell „uewenaus am Eisseléck“. No der Collectrice du Sud an dem Contournement vun der Stad, ass dat heien déi lescht grouss Strooss, déi eis Land nach brauch. Wann s de mueres ëm aacht Auer an der Stad fortfiers, da bass de a fofzeg Minutten op der Wemperhardt. Pff ... mä wat mécht e verstännege Mënsch da scho mueres ëm zéng vir néng op der Wemperhardt? Also!

An ower hat eiser Härgott eng gutt Portioun Humor, soss wir e jo nimools op d’Iddi komm, fir d’Erna Hennicot Schoulminister ze maachen … well vun eben deenen 423.800 am Land sinn der ëmmerhin 423.962, déi eppes vun der Schoul verstinn, mä komescherweis sëtzen déi aner 38 all um Educatiounsministère ... Oder huelt nëmmen dem Alex Bodry, eisem neien Arméi-Minister seng international NATO-Manöveren vun eisen Zaldoten, déi jo am Fong geholl kee Wert hunn, well wann et wierklech eemol eescht géif, da si jo dach ¾ vun hinnen als Bréifdréier ënnerwee.

(...)

Mä dach, 't ass eppes drun: et kann een ni esou domm denken, wéi et herno wierklech kënnt. Ech soen nëmmen „Trennung tëschent Kierch a Staat“ ... Kéipweis Millioune kaschten do nach ëmmer déi Milliounen, déi pro Mount aus der Staatskeess un de Bëschof an d’Paschtéier weider bezuelt ginn, (*) jee, wat wëlls de hunn: den Härgott huet ebe vill Niewekäschten ... En plus sëtzen déi och nach fir näischt am Presbytère, a Kuelen a Geliichts an Internet ginn op Gemengekäschten – an alles, well Asselborn, Kohlwelter an all déi aner rout Herz-Jesu-Bridder gedëlleg a fromm mat dem Kapp Jo wénken, wann d'CSV schwätzt ... mä mäi Gott, ween deem Richtegen hannenera kraucht, dee begéint do vill Bekannter!

(...)

Nujee, an engem Land geet ebe mueneches schif, well och ëmmer, wann de Max Kuborn fir muer Reen mellt, dann denkt seng Fra: Aha, da kann ech also nees d’Wäsch eraushänken, fir ze dréchnen!

 

(*) Conventioun vum 31. Oktober 1997 tëscht der Regierung an de Kierchen / Gesetz vum 10. Juli 1998