Am Juli 2005 soll d'Quellesteier fir jiddwereen am Land agefouert ginn. Esou si mer kee Liechtenstein, keng Bahamas- a keng Cayman-Insel méi ...

DE SECRET VU LËTZEBUERG

 

Lëtzebuerg huet näischt ze krichen

Géint déi Grouss op dëser Welt.

Mir verteidge blouss mat Knëpplen

A mat Hänn a Féiss eist Geld.

Ouni grouss Boul’vard Royalen,

Ouni helleg Bankeplaz,

Ouni hellegt Bankgeheimnis

Wiere mir e Vull fir d’Kaz.

 

Mä wéi ass et mat de Konten

Mat däers knaschtgem Geld, wat sténkt?

Hu mir däers an der Wäschkichen

An duerno op der Wäschléngt?

Illegal a Kriminelles

Ass op eemol wäiss wéi Schnéi,

A Millioune gi Milliarden -

Proppert Geld, dat richt net méi.

 

Mä solls du op dengem Spuerbuch

Zwee, dräi Euro Zënsen hunn,

Zack! sinn d’Steire mam Revolver

A mam Messer hannendrun.

Hänken duerfir iergendzwousch mol

Kalzongen op der Wäschléngt,

Maachen ech e groussen Ëmwee,

Well dat Ganzt mer ze vill sténkt ...

 

 

2004 - REVUE "Faulen Zauber" - Musek: Erny Delosch