2012: D’Viviane Reding, Vizepresidentin a „Commissaire à la justice, aux droits fondamentaux et à la citonneyeté“ vun der Bréisseler EU-Kommissioun, fuerdert eng gesetzlech Fraequote vu 40% an dem Conseil d’Administration vun de grousse Firmen - e Projet, deen nach laange Joeren an den EU-Länner ëmstridde bleift, bei de Männer a bei de Fraen: Qualificatioun am Plaz Quoteregelung ...

SORRY, I'M A LADY !

(Melodie: "Sorry, I'm a lady" / Baccara)

Héier, Klengen,

So, ech mengen,

An all feinem Gentleman

Stécht do net och villäicht e klenge Macho?

An ech mengen,

Do dee Klengen

Wëllt keng Tussi bei sech hunn,

Déi him dann och nach seet,

Wéi dat do geet.

 

Refrain:

Sorry I’m a lady, sorry I’m a lady,

Gëtt dat wierklech lo, wierklech lo,

Buttek a Kaméidi, just wéinst engem Gréidi,

Héier, denk mol no, denk mol no.    

Ma du bass eng Lady, eng clever, sexy Lady,

A stell einfach lo däi Mann, ma so,

Da geet dat do.

 

 

O, meng Modi,

Wat en Zodi!

Mussen et da Gesetzer ginn,

Fir alles op der Welt hei ze regléiren?

Well nach besser

Wéi Gesetzer:

Geet de gesonde Mënscheverstand

Da fir eis alleguer

Net vëlleg duer?

 

Refrain: 

Sorry I’m a lady, sorry I’m a lady,

Gëtt dat wierklech lo, wierklech lo,

Buttek a Kaméidi, just wéinst engem Gréidi,

Héier, denk mol no, denk mol no.     

Ma du bass eng Lady, eng clever, sexy Lady,

A stell einfach lo däi Mann, ma so,

Da geet dat do.

 

 

(2013)