Méi en däischtert Kapitel aus dem Ëmfeld vun der Kathoulescher Kierch: de Kanner-Mëssbrauch aus fréiere Jorzéngte gëtt ëmmer méi opgedeckt.

99 AN NACH MÉI ...

(Melodie: "99 Luftballons" / Nena)

 

Hues d‘ e wéineg Zäit fir mech,

Sangen ech e Lidd fir dech

Vun dem klenge Loftballon,

99 wor'n et jo.

Ëmmer, wann 'ch spadséire ginn,

En onschëllegt Kand gesinn,

Ëmmer, wann e Ballon flitt,

Sangen ech dir hei dat Lidd.

 

Kanner laachen, Kanner spillen,

Mä si dreemen och a fillen:

Déi grouss Welt gehéiert dir,

D’Liewen, dat läit viru mir.

Jiddwer Loftballon a Kand,

Déi si frou mat Loft a Wand,

Freeë sech, nu komm a fléi,

99 an nach méi ...

 

Mä an der Natur bei eis

Gëtt et och pickegt Gestraiss.

Komm do net ze vill no drun,

Well soss ass däin Dram verflunn.

An den Hecken, an de Beem,

Hänken Hoffnungen an Dreem,

Ausgeblosen, dat deet wéi,

99 an nach méi …

99 an nach méi …

 

 

2010 - REVUE "Helleger Bimbam"