Enn der 90er Joere fänkt d'Fondation François-Elisabeth, eng Unioun vun de Klinike Sainte-Elisabeth, Saint-François a Sacré Coeur, un eng nei Klinik um Kierchbierg ze bauen.

NONNEKLINIKEN

(Melodie: "Dominique" / Soeur Sourire)

(Vun Nonne gesongen)

 

Eis Kliniken, eis Kliniken,

Déi sinn ëmmer do fir iech,

Bei eis op dem Kierchbierg.

Mir hunn net blouss d’Frankelach,

Mä de Wagner an där nach

An eis helleg Täsch gestach.

 

Nieresteng a Galeblosen,

Nëmme vun dem Premier Choix,

Blinddarm a Liewerzirrhosen -

Voilà, le client est le roi!

 

Eis Kliniken, eis Kliniken,

Déi hunn ëmmer Better fräi,

Da kommt a maacht iech bäi!

Fir dat hei a fir de Rescht

Do si mir zu gudder Lescht

Alleluja, dach déi bescht!

 

't brauch kee Mënsch sech opzereegen,

Geet och d’Op’ratioun mol schif,

Hellgen Uelech, Gottes Segen,

Hei ass alles inclusiv.

 

Eis Kliniken, eis Kliniken,

Déi sinn ëmmer do fir iech,

Bei eis op dem Kierchbierg.

Fir dat hei a fir de Rescht

Do si mir zu gudder Lescht

Alleluja, dach déi bescht!

Fir dat hei a fir de Rescht

Do si mir zu gudder Lescht

Alleluja, dach déi bescht!

 

 

2001 - REVUE "Afenzirkus"