Ufanks 2010 gëtt ugekënnegt, dass d'Produktioun vum Dikrecher Béier soll an d'Belsch ausgelagert ginn (op Jupille bei Léck oder op Louvain). Ganz Lëtzebuerg steet Kapp!

HEEMECHTSGEFILLER

(Melodie: "Heal the world" / Michael Jackson)

 

Géi duerch d’Welt, egal wuer

Jiddwer Land huet seng Natur,

Wéi bei eis, wann am Éislek d‘Giinze bléien.

Géi duerch d’Welt, egal wuer

Jiddwer Land huet seng Kultur,

A seng Leit, déi da waarm Gefiller kréien.

Och mir, mir si stolz drop,

An dem Häerz déi Heemecht ze fillen,

Well dat Lëtzebuerg

Si mir duerch an duerch …

 

Refrain:

Gott erhal eisen Dikrecher,

Fir dech a fir mech, 't ass dem Land säin Dikerech.

Well mir stinn zesummen,

Fir am Häerz déi Heemecht ze fillen,

't ass den Dikerech fir dech a fir mech.

 

 

(geschwat)

Also, wat sech do bei den Zillebäcker zesummebraut!

Eis Identitéit soll tëscht Milliounen Hektoliter Leffe an Hoergaarden, Jupiler a Stella Artois ënnergoen.

Mä wat wëlls de hunn: D’Geld, dat scheimt ebe méi ewéi de Béier!

Ma dann huelt iech vu mir aus den Zolwerknapp, d’Rout Bréck, de Wëllem um Päerd oder de Veianer Sessellift, ower beim Humpen,

ah neen, do hält de Spaass op!

Well déi Säit der Musel „die sind Papst – aber wir hier, wir sind Bier!“

 

 

Refrain:

Gott erhal eisen Dikrecher,

Fir dech a fir mech, 't ass dem Land säin Dikerech.

Well mir stinn zesummen,

Fir am Häerz déi Heemecht ze fillen,

't ass den Dikerech fir dech a fir mech.

 

 

2010 - REVUE "Helleger Bimbam"