De REVUE- "Schnëssert (René Pütz) huet sech och eng Zäit all Dag um Radio-DNR iwwert d'Aktualitéit zu Wuert gemellt an dann alt emol e Rap gesongen ...

DE SCHNËSSERT

(e Rap)

 

‘t huet jiddwree vun eis schonn an de Laroussen

Mol eppes Gelungenes nosiche mussen,

Plutonium, Tschaikowsky an Cicero -

An ënnert Lëtzebuerger lies de dann do:

Béierbauch séngt samschdes plakeg an zefridden

Den „Anton aus Tirol“ an der Buedbidden,

E Sechster am Lotto, de Fausti derbei,

D’Dräi Eechle mam Musée vum Ming an Ding Pei,

An der neier Avenue kee Jangli-BTB,

Mä duerfir an der Pan e flott Stéck BSE,

Een, dee sech beim Neelbéien einfach net gëtt:

Georges, kriss d’en oder Georges, kriss de n’en net?!

 

Vollek, loosse mer e schnëssen,

De Schnëssert hei Premier en rang,

Well de Schnëssert muss et wëssen,

An e weess et och - aahh jo!

 

Verstees de vum Euro kee Fatz a keng Boun

A kriss de Moschwiere wéinst denger Pensioun,

Den Hutt geet der alt wéinst dem Index an d’Lut

Oder hues de schon nees vum Pechert ee krut?

Mol „Volksmusikanten“ um Fernsehprogramm,

Mol Kalzong a Rollmopsen an der Reklamm,

En Hexeschoss an hoppla op Mondorf an d’Kur,

Stewardessen a Posche bei Luxairtours,

Preisen a Belscher mat Schwaarz-Geld am Grapp,

Eng Mëscht, déi z’vill sténkt fir den Nol op de Kapp,

An den Handy, dat ass déi grouss Revolutioun,

Mat Tango um Dëppchen an Tango um Troun.

 

Vollek, loosse mer e schnëssen,

De Schnëssert hei Premier en rang,

Well de Schnëssert muss et wëssen,

An e weess et och - aahh jo!

 

Mir hunn zwar keng Parkplaze méi an der Stad,

Keng Goldmedail vun der Sydney-Olympiad,

Mä duerfir gëtt de Findel vergréissert, bis dass

De ganze Grand-Duché nëmme Findel méi ass,

Stonnelaang stees de zu Sandweiler, gelu,

A mëttes da kriss de Repas sur Roues,

Rubbel-Piccobello, den Auchan, d’Concorde,

A säiteweis Liesergemeckers am Wort,

Frantzen Nick, Charly Gaul an de Philippe’s Pol

Vum éischten Tour de France bis den éischte Gol,

Telefonsnummeren, ei, sexy, o la la,

Aus dem Luxbazar - där ouni TVA ...

 

Vollek, loosse mer e schnëssen,

De Schnëssert hei Premier en rang,

Well de Schnëssert muss et wëssen,

An e weess et och - aahh jo!

 

‘t gëtt flexibiliséiert a rationaliséiert

A wéi am Big Brother all Woch nominéiert,

Well Schraasseg ass sou voll, wéi et nëmme kann,

Ouni Protectioun kënnt do kee méi eran,

Och d’Schülerbussen, Sardinnen an der Bécks,

Moss widder Knëff a Knëff widder Schécks,

Gläich 700.000, mat Bopen a Kanner,

Mä an de Klinikken ëmmer méi Better manner,

Ob laanger, ob kuerzer, ob déck-ronn a fetter,

Fir 1000 Leitt nëmme méi 5 Better,

Dovu kritt all zweete blouss mëttes eng Zëppchen,

All sechsten e Baxter, all aachten e Stëppchen.

 

Vollek, loosse mer e schnëssen,

De Schnëssert hei Premier en rang,

Well de Schnëssert muss et wëssen,

An e weess et och - aahh jo!

 

‘t huet jiddwree vun eis schonn an de Laroussen

Mol eppes Gelungenes nosiche mussen

Wéi Zombie, Tequila, Knaus Ogino -

An ënnert Lëtzebuerger lies de dann do:

Rock um Knuedler, Stau a Punkteführerschäin,

Mam Poretteclub véier Deeg laang op de Rhäin,

Am Utopolis Cola a Popcorn iwwerall,

Fir d’Chamber Hilarité, Brouhaha Général,

Och d’ganz Regierung ass um Rendez-Vous,

Www Punkt Muppetshow Punkt lu,

Si hunn et zu der Marque Nationale scho bruecht:

Bei eis gezillt, gefiddert a geschluecht ...

 

Vollek, loosse mer e schnëssen,

De Schnëssert hei Premier en rang,

Well de Schnëssert muss et wëssen,

An e weess et och - aahh jo!

 

 

2000/2001 - CD-Radio-DNR - Musek: Pol Milbert