An der CSV-LSAP-Regierung ass de Luc Frieden Finanzminister a fir déi öffentlech Finanzen an d'Gläichgewiicht ze bréngen huet en e grousse Spuerprogramm ugekënnegt.

MÄI PORTMONNI, DÄI PORTMONNI

(Melodie: "I've been looking for freedom" / David Hasselhoff)

 

All Mueres do geet zwar nach d’Sonn ëmmer op,

Mä den Himmel, deen ass gro,

Den Himmel ass gro an d’Wolleken déif,

Well 't si keng Sue méi do …

 

Refrain:

Ei, mir spuere mam Frieden,

Denk dach un deen aarme Mann!

Komm, eng Tournée fir de Frieden,

Well hien net bezuele kann.

Jo, mir spuere mam Frieden

A mir aff’ren an all Mass

Een, zwee Euro fir de Frieden,

Bis de Staat sanéiert ass.

 

 

Milliounen Defizit,

Eist Land geet a faillite,

Déi Déck, déi hate gläich verstan:

De Rimm gëtt bäigezunn

A mir, mir sinn dann drun,

Well déi Kleng, déi klaken nees d’Pan.

All déi Kleng sinn an deem grousse Stall

Eisem Staat seng beschte Päerd,

Et sinn der masseg do,

An 't komm’n der ëmmer no

An déi sinn all hir Sue wäert.

 

Refrain:

Ei, mir spuere mam Frieden,

A mir aff’ren an all Mass

Een, zwee Euro fir de Frieden,

Bis de Staat sanéiert ass.

Jo, mir spuere mam Frieden,

Denk dach un deen aarme Mann!

Komm, eng Tournée fir de Frieden,

Well hien net bezuele kann.

Komm, eng Tournée fir de Frieden,

Well hien net bezuele kann. 

 

 

2011 - REVUE "Tschungel-Kämp"