Scho säit 2007 ginn et déi éischt digitaliséiert 360-Grad Panorama-Biller vu "Google Street View". Mä wéi déi éischt Kameraën och op Lëtzebuerg kommen,  leet d'Dateschutzkommissioun hire Veto an – quitte dass säit 2014 déi ganz Welt elo ower duerch eis Stroosse fuere kann.

GOOGLE STREET VIEW

(Melodie: "Ich liebte ein Mädchen in …" / Insterburg & Co)

 

Mir fuere mam Google op Dippech,

Op Stengefort an op Rippeg,

Mir fuere mam Google op Heespelt,

Op d’Giewelsmillen a Keespelt,

Zwou Poubellen zu Rammerech,

E Gaardenzwerg zu Givenech,

De Pompjeesbau zu Lenneng,

En Doudewon zu Senneng –

Nee Google, 't deet eis leed, well dat

Ass ze vill Lëtzebuerg privat.

 

Mir fuere mam Google op Lampech,

Op Kielen an op Wäiswampech,

De Café du Coin zu Iechternach,

Eng knubbleg Strooss am Pommerlach,

De Bus-Arrêt zu Nidderkuer,

E Käschtebam zu Aasselbuer,

Um Mëschtekoup zu Lénger

Dräi strammgebauten Hénger –

Nee Google, 't deet eis leed, well dat

Ass ze vill Lëtzebuerg privat.

 

Mir fuere mam Google op Ënsber,

Op Nouspelt an op Buerglënster,

Graffitiën zu Esch-Sauer

Beim Abbé un der Mauer,

Zu Hesper geet et ri-ra-rutsch

En Tierche mat der Hesperkutsch,

Eng Fra am Bikini zu Pärel,

E Mann am Jelli zu Märel –

Nee Google, 't deet eis leed, well dat

Ass ze vill Lëtzebuerg privat.

 

Mir fuere mam Google op Aangelsbierg,

Op Biermereng a Bruch bei Miersch,

Op Éinen an op Saassel,

Op Hëpperdang an Haassel,

Op Hueschtert an op Wellesteen ----

 

Puuuhh … an dann heem!

 

 

2011 - REVUE "Tschungel-Kämp"