1996 weit de franséische Konzern "Auchan" säin neien Hyper-Marché um Kierchbierg an. Ufanks mécht den Direkter M. Draber säi Geschäft och sonndes mueres op, mä stéisst ower op Widderstand.

SONNDES MOIES

(Melodie: "Immer wieder sonntags" / Cindy & Bert)

 

Wéi sot d’Mammche sonndes zu dem Daddy:

Hoppla, aus de Fiedren, ‘t ass nach fréi!

Schnell en Zwanzeg-Frangstéck an de Caddy,

Well an eisem Frigo ass näischt méi.

 

Refrain:

Ëmmer sonndes moies,

Dann denken ech dorun,

Wann ech mech am Diwwi dréien,

Kéipweis Botter, Zoossiss a Gebeess,

Schlappen, Babydoll a jiddwer Keess.

Ëmmer sonndes moies,

Da gong d’Geraibers un,

Fir all Tute voll ze kréien,

Auchan, oui, c’est ça - tout pour la vie!

Kukident a Müseli.

 

 

Wou bleift do mäin Ap‘ritif nom Jogging?

Sauna a Solarium fir d’Madamm?

Duecht de Juncker eemol bei dem Shopping

An hëlt „Petit-Beurre“ an der Reklamm.

 

Refrain:

Ëmmer sonndes moies,

Da gong de Stress nees un,

Fir de Frigo voll ze kréien,

Vive la France! Ewell no Cattenom

Krute mir elo déi zweet op d’Bomm.

Ëmmer sonndes moies,

Dann denken ech dorun,

Wann ech mech am Diwwi dréien,

An de Juncker weist wuel rosen d’Zänn -

Mä den Draber reift sech d’Hänn.

 

 

Haut seet d’Mammche sonndes zu dem Daddy:

Du bass mir elo g’nuch déck a fett!

Schluss mat Visa, Bancomat a Caddy,

Haut bleifs du emol bei mir am Bett!

 

Refrain :

Ëmmer sonndes moies,

Dann denken se dorun,

Wa se sech am Diwwi dréien -

OGB-L an den LCGB

An de Juncker soten: Nee, nee, nee!

Ëmmer sonndes moies,

Ass d’Vive la France gezunn,

Fir seng Keese voll ze kréien,

Well beim Draber gong et eemol: Pou!

An du wor säin Auchan zou.

Well beim Draber gong et eemol: Pou!

An du wor säin Auchan zou.

 

 

1997 - REVUE "Dwaldeslust"