De Jean Asselborn ass net nëmme säit 2004 Ausseminister (Regierungen CSV-LSAP an DP-LSAP-Déi Gréng), mä bekanntlech och e grousse Vëlo-Freak ...

MAM JANG ON TOUR

(Melodie: "Ich war noch niemals in New-York" / Udo Jürgens)

 

Wou d’Welt elo globaliséiert ass,

Kuck op der Kaart, da gesäis de, 't geet lo drëm:

E Land wat kleng ass, sou wéi mir heiheem,

Huet ebe vill méi Ausland ronderëm.

Do bass de éiweg op dem Tuer,

Bal fiers de hier, bal fiers de duer,

Et kennt een all déi Staatsvisitë jo -

Mä trotzdem si mir nach gutt drun,

Well mir ee mat dem Vëlo hunn,

Deen ass da wéinstens ëmmer séier do … ëmmer séier do …

 

Refrain: (Asselborn) 

Ech wor schonn x-mol zu New York,

Ech wor schonn x-mol zu Hawai,

Tschibuti, Mexiko, ech briechen all Rekord.

An alles rifft zu Manila,

Zu Moskau, Sydney a Shanghai:

Do kënnt en nees, de flotte Jang vu Stengefort!

 

 

An owes geet d’Lut a sengem Büro aus,

An de Vëlo steet am Haff ënnert de Beem.

E pompelt e wéineg nach hannen a vir

An dréckt de Rescht iwwer Mamer dann heem.

Haut wor e beim Poopscht an der Audienz,

Bei dës an däer Eminenz,

't ass flott, wann ee fir d’Land doruechter zitt -

A wann s de mat de groussen Honn

Kanns och mol pisse gon, obschonn

Een d’Been net grad sou héich gehuewe kritt … net gehuewe kritt …

 

Refrain: (Asselborn) 

Ech wor schonn x-mol zu New York,

Ech wor schonn x-mol zu Hawai,

Tschibuti, Mexiko, ech briechen all Rekord.

An alles rifft zu Manila,

Zu Moskau, Sydney a Shanghai:

Do kënnt en nees, de flotte Jang vu Stengefort!

Do kënnt en nees, de flotte Jang vu Stengefort!

 

 

2007 - REVUE "Kulturus Interruptus"