An der éischter Chamber-Sëtzung no de Wale vum Oktober 2013 "begréisst" de Michel Wolter (CSV) deen neien Députéierten Turpel (déi Lénk) mat : Ah moien du Aasch, bass du och elo hei ! …

AH MOIEN, DU AASCH ...

(e Rap)

 

Op der Welt ginn et masseweis Hënneren an Hënneren,

An tëscht all deenen Hënnere muss ee ganz kloer sënneren,

Fraleit, déi hunn een, fir wa Männer se begéinen,

Dass déi dach eng Ursaach hu sech ëmzedréinen,

Fir de Rescht kann een drop falen, et kann een drop sëtzen,

Et kann een dermat réngelen, 't kann een dra pëtzen -

Mä 't mierkt ee ganz séier an eendaiteg a liicht:

Net alles mat zwee Baken, dat ass e Gesiicht.

 

An iwwerall heescht et perséinlech derbei:

Ah moien, du Aasch, bass du och elo hei?!

Ah moien, du Aasch, bass du och elo hei?!

 

Et gëtt der vun alle Kaliberen a Formen,

Fir all Kabinetsdeckel no Bréisseler Normen:

Top-Modellen, déi féieren hiren ëm d’Welt

Mat just engem Grapp voll verdéngen se hiert Geld,

Um FKK do gesäit een déi aner Mooss,

O, hätt een FKK dach besser si gelooss!

'ch mengen däer, wou Stringen dertëscht sech verstoppen,

Dass keen do dertëschent déi Stringe kann zoppen.

 

An iwwerall heescht et perséinlech derbei:

Ah moien, du Aasch bass du och elo hei?!

Ah moien, du Aasch, bass du och elo hei!

 

Där Hënn’re gëtt et wierklech eng Hellewull,

Politiker kréien en ni méi aus dem Stull,

Beamten, déi schaffen aacht Stonnen dermat,

Si sëtze sech dat Déngen do véiereckeg a platt,

D’Infirmièren huelen d’r en an de Kliniken

Ënnert der Decken eraus, fir dran ze picken,

A wëlls du en Topert, där soll et jo ginn,

Mam Fouss rennen, da weess de wéinstens wouhin ...

 

An iwwerall heescht et perséinlech derbei:

Ah moien, du Aasch, bass du och elo hei?!

Ah moien, du Aasch, bass du och elo hei?!

 

 

 

2014 - REVUE "Neit Féiwer" - Musek: Robi Arend / Heng Kleren