www.monarchie.lu: „(…) Le 12 mars 2006 est né Gabriel de Nassau, fils du Prince Louis et de Mademoiselle Tessy Antony. Ils se sont mariés le 29 septembre 2006. Le 21 septembre 2007 est né Noah de Nassau, second enfant du Prince Louis et de Madame Tessy de Nassau. (…)“

Fir Nationalfeierdag 2009 gëtt si eng „Altesse Royale“ a kritt den Titel „Princesse de Luxembourg“, hir zwee Kanner ginn och „Altesses Royales“ mat dem Titel „Princes de Nassau“.

No dem Lycée wor d‘Tessy Antony an der Ausbildung bei der Lëtzebuerger Arméi (an e.a. 2004 op UN-Missioun am Kosovo).

DE KLENGE PRËNZ

  (Zaldote marschéiere stolz virum Palais …)

 

Haarden Drill um Härebierg,

Roude Léif, du kriss kee Stiech!

Feireg Militärparad

Gousch an druatt duerch d’hallef Stad,

Oder nuets scho bal entschlof

Bei dem Palais op an of …

Jo, mir stinn ewéi nach ni

Trei zur Kroun an Dynastie!

 

Mä heiansdo passéiert et,

Dass e Mäerche wouer gëtt,

Dass du mol e schéine Prënz

Nuets do bei dem Palais fënns -

A wéi iwwrall op der Welt,

Kënnt dann och gläich d’Kannergeld …

Tja, mir stinn ewéi nach ni

Trei zur Kroun an Dynastie!

Tja, mir stinn ewéi nach ni

Trei zur Kroun an Dynastie!

 

 

2006 - REVUE "Ieselsoueren" - Musek: Erny Delosch