Am Joer 2015 kënnt et zu deene berühmtene LUXLEAKS iwwer eis Steier-Tax-Rulingen : méi ewéi 500 international Firmen (z. B. Amazon, BNB-Parisbas, Louis Vuitton, Skype asw.) hunn am Laf vun de Jorzéngte mat der „Bréifkëschten-Taktik“ hei zu Lëtzebuerg hir Steieren ëm Milliounen a Milliounen „optiméiert“ ...

D'BRÉIFKËSCHTE-SAMBA

(Melodie: "Samba do Brasil" / Bellini)

 

Ikea, Burberry,

Walt Disney oder si,

All Coca-Cola, Telekom a Pharma-Industrie,

De Black an den Decker – oheeo!

De Crédit an de Suisse – oheeo!

De Skype, den Apple an d’ganz Compagnie

 

    

           Mat all deem grousse Geld

Iwwrall op der grousser Welt

Maache mir heiheem en Deal,

A ween eis Steire kennt,

Esou Komma dräi Prozent,

Dee kritt hei am Land Asyl.

 

Refrain:    

Eng Bréifkëscht do an eng Bréifkëscht hei,

Zu dräizéng, véierzeng an der Rei,

Ob Schlitz méi laang oder Schlitz méi breet,

Egal – d’Haaptsaach, wann en Numm drop steet!

 

 

           Ah jo, den Asselborn

De Jang, dee sot et jo well schonn:

Kommt mol kucken alleguer,

Vill Haiser hu mir keng,

Duerfir si mer vill ze kleng,

't geet just fir där Këschten duer.

 

Refrain:    

Eng Bréifkëscht hei an eng Bréifkëscht do

Ewell déi Rullingë rulle jo,

Mat Klapp eraus oder Klapp eran -

Mir man et schonn, dass et klappe kann!

 

Eng Bréifkëscht do an eng Bréifkëscht hei,

Zu dräizéng, véierzeng an der Rei,

Ob Schlitz méi laang oder Schlitz méi breet,

Egal – d’Haaptsaach, wann en Numm drop steet!

 

 

2015 - REVUE "Ramba T'Samba"