D'Léierpersonal aus dem Primaire stäipt sech géint dem Mady Delvaux (Éducation Nationale) seng Schoulreform. An d'Ae gefaasst ass och eng "grève illimitée", déi ower net zustane kënnt.

HEY, TEACHERS !

(Melodie: "Another brick in the wall" / Pink Floyd)

 

Wat hu mir da schonn am Liewen?

Mueres Recht a mëttes fräi,

Vläicht eng Medail a fir Niklosdag

Och eng Tiitchen nach derbäi.

 

Hey, Vollek, 't ass e schwéire Stand,

Mir dron op de Schëll’ren déi ganz Zukunft vum Land.

Mir dron op de Schëll’ren déi ganz Zukunft vum Land.

 

Quadratwuerzel a Vokablen,

6 mol 7 ass wéi vill?

An dann onregelméisseg Verben

Mat dem je an tu an il.

 

Hey, Kanner, dat muss dir verston,

't hat ee mol keng Zäit, keng Zäit, fir streiken ze gon.

't hat ee mol keng Zäit, keng Zäit, fir streiken ze gon.

 

All zwee Joer nei Programmen,

't ass net schlëmm, nujee, mäi Gott,

Grad wéi där hyperaktiv Mammen -

D’Haaptsaach: se si wéinstens flott …

 

Nee, Vollek, an da kréie mir hei

Zu allem Iwwerfloss och nach méi an der Pai.

Zu allem Iwwerfloss och nach méi an der Pai.

 

En Här „Läährer“, dat huet Immitsch,

Huet Respekt an eiser Zäit,

Autoritéit ass eise Status

Mat dem Schwamp a mat der Kräid.

 

Hey, Kanner, kee Mobbing méi, ah non!

Mir stinn ënner Schutz bei Sites et Monuments.

Mir stinn ënner Schutz bei Sites et Monuments.

 

 

2009 - REVUE "Walcroisière"