Am  Oktober 1997 gëtt eng nei Konventioun tëscht Regierung an Erzbistum ënnerschriwwen, déi den 10. Juli 1998 als Gesetz a Kraaft trëtt.

D'KIERCH BLEIFT AM DUERF

(e Rap)

 

Schwätz du heiheem vu Geld a Kierch,

Steet ville Leit de Buuscht zu Bierg:

Mir hunn es sat mam Konkordat,

Hopp, Trennung zwësche Kierch a Staat!

Well d’Pafen - esou soen si -,

Déi sinn um Enn „La Vache qui rit“.

An d’Klacke lauden: Bomm-bomm-bomm!

A ruffen:

(no gregorianeschem Leiergesank) O-o-o-o-o, Quiselchen, da komm!

 

Mä ‘t ass net eeschtlech vill geschitt,

Bei eis am Land kritt kee seng Britt,

Mir sinn ze gutt fir dës béis Welt

A man, wéi et all Mënsch gefält:

Déi eng, déi hoppsen Cha-cha-cha,

Déi aner brav Alleluja,

An d’Klacke lauden: Bomm-bomm-bomm!

A ruffen:

(no gregorianeschem Leiergesank) O-o-o-o-o, Quiselchen, da komm!

 

Sou bleift nach ëmmer d’Kierch am Duerf,

Den Abbé ass den Hunn am Kuerf,

Et gräift kee gär him an de Frack,

Den Affer bleift am Afferstack.

Och d’Lëtzebuerger Wort, net schlecht,

Dat bleift „Für Wahrheit und für Recht“,

An d’Klacke lauden: Bomm-bomm-bomm!

A ruffen:

(no gregorianeschem Leiergesank) O-o-o-o-o, Quiselchen, da komm!

 

 

1998 - REVUE "Keng Panik op der Titanik" - Musek: Guy Kleren