Enn 2001 kommen zwou nei Dageszeitungen a franséischer Sprooch eraus: LA VOIX DU LUXEMBOURG (de Pendant zum "Luxemburger Wort") an LE QUOTIDIEN (dee vum "Tageblatt")

LA VOIX DU QUOTIDIEN

(e Rap)

 

Hei d’Washington Post an d’Frankfurter do,

De Spiegel an d’Times an de Figaro,

Haut de Focus, d’Équipe an Die Woche a mar

D’Libération, Le Monde, Die Zeit a Le Soir

An d’Sonndesbliedchen all Sonndeg fir de Bop

A fir d’Bom all Freideg de Feierkrop.

 

Mä d’Voix du Luxembourg mat Doudesannoncë vum Wort,

Den Escher Quotidien mam Répu sengem Sport -

Eis Pressefräiheet ass just fir de Pabeier,

Well d’Press, déi ass bëlleg, mä d’Fräiheet ass deier,

Mir liwwren s’ am Numm vum Vollek mat Prozesser,

Am Numm vun dem Vollek ganz einfach un d’Messer.

 

Ob Kanalstrooss oder Abbé Heiderscheid:

‘t ass „Für Wahrheit und Recht“ in alle Ewigkeit,

A wa Bistum an OGB-L finanzéiert,

O Lëtzebuerg, da bass de zerguttst informéiert,

Well eppes ass sécher: ween d’Musek bezilt,

Ween d’Musek bezilt, dee seet och wat se spillt …

Jo, eppes ass sécher: ween d’Musek bezilt,

Ween d’Musek bezilt, dee seet och wat se spillt …

 

 

2002 - REVUE "Damp an der Kichen" - Musek: Erny Delosch