Am Joer 2009 ass dem Jean-Claude Juncker de Presidente-Poste vum EU-Conseil laascht d'Nues gaangen, well dësen oder dee Groussen aus dem Ausland dat verhënnert huet ...

KRÄISCH NET WÉINST MENGER ...

(Melodie: "Don't cry for me, Argentina" / Musical "Evita")

 

Si hate geschriwwen a laang gesot,

Fir EU-President hu mer een

Aus dem richtegen Holz fir Europa geschnëtzt.

't wollt keen dru gleewen,

Mä dat wor d‘Chance fir e klengt Land wéi mir,

Eng Chance fir déi Kleng op der Welt

Ze weisen, wéi grouss, dass se sinn.

 

Si hat‘n et all geschriwwen, et all gesot,

Mä du weess, wéi et jo ëmmer geet:

't koum ee Groussen an huet sech als dee Gréisste gefillt.

Du goufen d‘Kaarten,

Mat Kinnek an Damm nei gestéckt a gemëscht,

Hien huet du säin Joker gespillt,

An du stong dee Klengen am Reen ...

 

Refrain: (vum Juncker gesongen)

Kräisch net wéinst menger, Europa,

Ech bleiwen trotzdem heibannen (d’Hand op d’Broscht)

Mat de Visiounen

An de Gedanken

Nach ee vun dengen,

Du wäers dat scho bréngen!

 

(all)

Kräisch net wéinst senger, Europa,

Hie bleift elo ee vun eisen,

Well och där Klenger

Déi brauche Grousser,

Fir tëscht deene Villen

Hir Tromp aus ze spillen.

  

 

2010 - REVUE "Helleger Bimbam"