Eis LUXAIR ass a liicht finanziell "Turbulenzen" geroden ...

FLY LUXAIR !

(Melodie: "Gostbusters" / Ray Parker Jr.)

 

(vu Stewardessen, Piloten an e puer Passagéier mat Waliss a Luxairs-Kierf gesongen)

 

 

FLY LUXAIR !

 

Mat dem EasyJet

Fléie mir ëm d’Wett

Please come, check-in –

FLY LUXAIR !

 

An dann déi ganz Saach

Mat deem houere Katar

Fried dech mol heihin -     (op d’Stier tippen)

FLY LUXAIR !

 

Fir Florenz oder Wien

Fir Paräis a Berlin

 

All Stewardess

All Pilot am Stress

Please come, check-in –

FLY LUXAIR !

 

't ass eng Sauerei.

Et geet ëm eis Pei

Wat soll da scho sinn? 

FLY LUXAIR !

 

E Frankfurter-Vol

Oder Costa del Sol

 

Elo hu mer d’Britt

Décken Defizit

Egal wouhin -

FLY LUXAIR !

 

An duerfir, verstéi,

Keng Bréidercher méi

Please come, check-in –

FLY LUXAIR !

 

A fir méi héich an d’Lut

En neie Findel krut

Jo, dat muss sinn -

FLY LUXAIR !

 

Op Roum a Monastir

Op Genf an Agadir

 

Den Tuer ëm déi ganz Welt, oh yea,

FLY LUXAIR !

 

Fir all besser déck Panz

Oder mir just an d‘Vakanz

Mä elo hu mer d‘Britt

FLY LUXAIR !

Décken Defizit

FLY LUXAIR!

An duerfir, verstéi,

FLY LUXAIR !

Keng Bréidercher méi!

FLY LUXAIR !

Keng Bréidercher méi!

FLY LUXAIR !

 

 

2013 - REVUE "Gegeeschters"