An der Regierung Juncker-Polfer (1999-2004) ass d'Anne Brasseur Schoulministesch a lancéiert eng nei Bildungsoffensiv "Back to basics", well Lëtzebuerg an der PISA-Etude 2000 op der 30. Plaz louch

O MÄIN ÄNNCHEN

(Melodie: "O Marjännchen" / Putty Stein)

 

Eng Freed an de Schoule vum Préscolaire,

An dem Primaire a Secondaire,

Mir hunn es all sat:

Wat huet dach eise Ministère

Vun der Educatioun sou gär

Schonn déck Mëscht gemat.

Fro all Joffer, Professer,

‘t weess keen et besser -

‘t ass egal wat!

Hallo! Hallo!

O Ännchen, bass de do?

 

Refrain:

O mäin Ännchen, Brasseurs Ännchen,

Bass déi beschte Ministesch am Ländchen,

Vu ganz ënnen op der Kaart

Bis Wämperhaart.

Jo, all Proffen, all Här Läährer,

An et gëtt hei Milliounen därer,

Kommen lo all Owend hier

A sangen dir.

O Brasseurs Ännchen,

Dir mäi Basics-Meedche gëllt eise Ständchen.

O Brasseurs Ännchen,

Rësel dech just eemol an dengem Schlof

A kuck erof!

 

 

A geet dann och deng grouss Offensiv

Vun der Bildung d’Baach an a schif,

Wat läit eis dorun!

Mir sinn zefridden an happy a frou,

Dass mir iwwerhaapt esou

E flott Ännchen hunn.

Well mam Frieden a Grethen

Géng d’Schoul och fleeten,

Wiers d’ och gezunn.

Hallo! Hallo!

O Ännchen, bass de do?

 

Refrain:

O mäin Ännchen, Brasseurs Ännchen,

Bass déi schéinste Ministesch am Ländchen,

Komm a weis dech mol, dajee,

Am Négligé!

Och beim Frieden, Wagner, Grethen

Geet de ganze Grand-Duché fleeten,

An da léiwer nach, gelu,

Sou eent wéi s du.

O Brasseurs Ännchen,

Dir mäi PISA-Meedche gëllt eise Ständchen.

O Brasseurs Ännchen,

Dreem lo séiss vun eis, an äddi bis mar,

Gutt Nuecht, bonsoir.

 

 

2002 - REVUE "Damp an der Kichen"