2003 kënnegt den Transportminister Henri Grethen un, den Ausbau vum Findel wier indispensabel fir d'Wirtschaft vum Land. Och d'Directioun ass formell: Wat eis Luxair rett, dat ass d'Cargolux.

Elo lafen d'Biergerinitiativen aus de Gemenge Betzder, Nidderaanwen, Sandweiler a Schëtter Stuerm géint ëmmer méi Volen a méi grouss Maschinnen.

DE FINDEL UM FINDEL

(Melodie: "Über den Wolken" / Reinhard Mey)

 

Agadir, Costa del Sol,

Honnertdausend Passagéier,

Wallis, Posch a Luxairskuerf

Vun Arel, Lonkech a vun Tréier.

Honnertdausend an nach méi,

Lanzarote, Fuerteventura,

Keeleclub a Gaart an Heem,

Palma a Madeira ...

 

Refrain:

Iwwert den Haiser

Vun Nidderaanwen a Mënsbech läit d’Welt,

Déi grouss Welt, déi sou ville gefält,

Well si bréngt deenen Décken hiert Geld –

Mä de Schëtter Pier an d’Maisy vun Hamm

Zéi’n de Kapp all Dag an.

 

 

Cargolux, de Business boomt,

D’Welt ass haut globaliséiert,

E klengt Land kënnt do an de Schweess,

Dass et d’Schlappen net verléiert.

Fetschenhaff, Sennengerbierg,

Kuck an d’Lut a lauschter nëmmen:

Jumbo, fléi, o Jumbo, fléi!

A meng Aktie stëmmen.

 

Refrain:

Iwwert den Haiser

Vun Nidderaanwen a Mënsbech läit d’Welt,

Déi grouss Welt, déi sou ville gefält,

Well si bréngt deenen Décken hiert Geld –

Mä de Schëtter Pier an d’Maisy vun Hamm

Zéi’n de Kapp all Dag an.

 

 

Agadir, Costa del Sol,

D’Welt, déi rifft aus allen Ecken –

Cargolux, de Business boomt,

Fir eis finanziell ze decken.

Findel, mä 't gëtt lo nees Krich,

Och wann deng Millioune fléissen,

Well de Pier hëlt säi Gewier,

Fir se all erofzeschéissen …

 

Refrain:

Iwwert den Haiser

Vun Nidderaanwen a Mënsbech läit d’Welt,

Déi grouss Welt, déi sou ville gefält,

Well si bréngt deenen Décken hiert Geld –

Mä de Schëtter Pier an d’Maisy vun Hamm

Zéi’n de Kapp all Dag an.

Jo, de Schëtter Pier an d’Maisy vun Hamm

Zéi’n de Kapp all Dag an.

 

 

2004 - REVUE "Faulen Zauber"