De Wanter 2010/2011 wor e Jorhonnert-Wanter ...

SIWE METER SCHNÉI

(Melodie: "In Zaire" / Rumble in the Jungle / Johnny Wakelin)

 

Wanter hei zu Lëtzebuerg

Siwe Meter Schnéi

Décke Wanter duerch an duerch

An et geet näischt méi

Viru mir, o nondidjö,

Gees de dach bei d’Kéi!

Eng Bom an hire Bop mat Summerpnö ……

 

HOURE SCHNÉI !

 

Ponts et Chaussées, Stroosseplou

Muerks, a fro net wéi

Autobunnen, alles zou

Siwe Meter Schnéi

Schlofen an dem Auto 'lo

Brav bis mueres fréi

Well et ass schonn nees kee Salz méi do …….

 

HOURE SCHNÉI !

 

Dausende Millioune Leit

Gitt a frot mol déi

Luxair, Findel ageschneit

Siwe Meter Schnéi

Bréifdréier kënnt net méi bäi

Et geet guer näischt méi

D’Schoulen zou an d’Schoulmeeschtre si fräi …...

 

HOURE SCHNÉI !

 

Schëppen, Schëppen, wat ee packt

Alles deet der wéi

Schëppe bis zum Häerzinfarkt 

Megatonne Schnéi 

Schëpps no hannen, schëpps no vir

't gëtt es ëmmer méi

Bal en Himalaya vrun all Dier …...

 

HOURE SCHNÉI !

 

 

2011 - REVUE "Tschungel-Kämp"