De Flavio B. ass net nëmmen de grousse Mann an der Sportswelt (Leopard Trek / Radio Shack Nissan oder Stadion-Projet Léiweng), mä virun allem och an den Immobilien.

FLAVIO, SCHENK MIR ENG BAUPLAZ !

(Melodie: "Schatzi, schenk mir ein Foto" / Mickie Krause)

 

Moral a Politik,

Et geet näischt ouni Frick,

Mat Geld bass d’ëmmer op der beschter Plaz.

An huet een es nach méi,

Dat deet der och net wéi,

Well Geld ze vill, dat wor nach ni fir d’Kaz.

 

An heiansdo,

Heinsdo denken ech jo,

Ech denken: So, à propos,

So, à propos, a wéi wier et mat eis zwee elo?

 

 

Refrain :

Flavio, schenk mir eng Bauplaz,

Eng kleng Bauplaz vun dir.

A mäi Gott, wann 't och nëmmen

Eng zu Hannerstuppeg wier.

Ech soen

Flavio, schenk mir eng Bauplaz,

Schenk mir eng Bauplaz vun dir,

Zu Stuppeg oder zu Dubai -

Da kriss du och e Kuss vu mir.

 

 

A gläich ass ee, gelu,

Mat Jann a Mann per du,

Du kenns se alleguer, déi Déck am Land.

Als Härgott an Zivil

Bass d’iwwrall mat am Spill,

Du hues jo fënnef Fangren un all Hand.

 

An heiansdo,

Heinsdo denken ech jo,

Ech denken: Wéi? Komm, nu géi!

So du do, lauschter mol, kenns de mech éiren net méi?

 

 

Refrain:

Flavio, schenk mir eng Bauplaz,

Eng kleng Bauplaz vun dir.

A mäi Gott, wann 't och nëmmen

Eng zu Hannerstuppeg wier.

Ech soen

Flavio, schenk mir eng Bauplaz,

Schenk mir eng Bauplaz vun dir,

Zu Stuppeg oder zu Dubai -

Da kriss du och e Kuss vu mir.

 

 

2012 - REVUE "Bistro de Lüx"