Den 1. Januar 2002 gëtt an 12 EU-Staaten den Euro agefouert - eise Frang gëtt Geschicht ...

DE LESCHTE FRANG

(Melodie: "Qué sera, sera" / Doris Day)

 

Hei hues d’ en Daler, gees d’ op de Maart,

Keefs der eng Kou an e Källefchen derzou,

D’Kou huet e Schwänzchen, gilli, gilli, gäns-chen,

An da sinn d’Kanner frou …

Ower en Daler, gees d’ ewech,

Nu so mer, wou een esou een nach kritt -

Mä och eis Frangen, Fofzeger Jangen,

Déi maache gläich faillite.

  

Refrain:         

‘t ass dee leschte Frang,

Et ass eise leschte Jang,

Den Euro, dee frësst s’ all op,

Ma da prost do drop!

Qué sera, sera,

What ever will be, will be,

Et ass eise leschte Frang,

‘t ass dee leschte Jang!

 

 

Et heescht eurotesch an ‘t heescht Eurose,

Eurodermitis an Eurologie,

Mark a Peseten, alles geet fleeten,

Jee, ‘t ass eng Europhorie!

Hei hues d’ e Frang an da gees d’ op de Maart,

Keefs der eng Kou an e Källefchen derzou,

D’Kou huet e Schwänzchen, gilli, gilli, gäns-chen,

An da sinn d’Kanner nees frou …

  

Refrain:       

‘t ass dee leschte Frang,

Et ass eise leschte Jang,

Den Euro, dee frësst s’ all op,

Ma da prost do drop!

Qué sera, sera,

What ever will be, will be,

Et ass eise leschte Frang,

‘t ass dee leschte Jang!

What ever will be, will be,

‘t ass dee leschte Jang!

 

 

2001 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN