De "mëtteralterleche" Prisong am Gronn huet ausgelieft … 1976 bréngt de Justizminister Robert Krieps de Bau vun engem neie Prisong, méi grouss, méi modern a méi human, virun d'Chamber.

De 15. Mee plënneren dann 228 Prisonnéier aus dem Gronn an deen neie "Centre Pénitentiaire" zu Schraasseg op de Kuelebierg.

DE KUELEBIERG-EXPRESS

(Melodie: "Cattanooga Choo-Choo" / "Sonderzug nach Pankow" - Udo Lindenberg)

 

Pardon, Monsieur, sot ass dat hei den Zuch fir Schraasseg?

Ech hu fir e Mount

Mir alt rëm éischt Klass gelount.

Ah jo, Monsieur, 't geet hei am Land näischt iwwer Schraasseg,

Reservéiert Iech

Och mol op dem Kuelebierg!

 

Am Stater Gronn, nu gees d’ewech, koum ee sech fréier dach vir,

Wéi wann een dee rengste Prisongsschësser do wier,

Code Pénal, Schlawittchen,

Tute pechen, Kittchen,

Souz de wéi dee leschten an dem Pangech agelacht.

Mä mat dësem Grand-Hôtel zu Schraasseg ewell

Gëtt och de Grand-Duché erëm méi kriminell –

Frankräich, Belgien, Preisen,

Mir kënnen ons weisen:

Véier-Stäre-Luxus à la carte.

 

D’Regierung kënnt op d’Porte ouverte an d’Summerfester,

Den F.C. Klemmes spillt

An de Santesch Jaki grillt.

Nom Kaffi-Quetsch da rockt e rockegen Orchester,

't ass u Swing geduecht,

Chamber-Disco a Fräi Nuecht.

 

Kee Wonner ass de Grand-Hôtel bis an all Suite iwwerfëllt,

Dass d’Justiz aus alle Paragraphen ’rausquëllt –

Schickeria, Lobby

Vun dem Kriepse Roby,

Deen Tourismus kennt kee Chômage a keng Inflatioun.

An hu mir dee Véier-Stäre-Luxus do sat,

Äddi, Kuelebierg, da gëtt de Bëndel gemat,

Owes eelef Auer,

Leeder, iwwert d’Mauer,

Schraasseg huet ewell och Hallefpensioun …

 

Pardon, Monsieur, sot ass dat hei den Zuch fir Schraasseg?

Ech hu fir e Mount

Mir alt rëm éischt Klass gelount.

Ma jo, Monsieur, wat wëllt ee méi, well mir sinn do den Här -

De Staat bezilt, de Staat bezilt jo,

Voilà l’affaire!

De Staat bezilt, de Staat bezilt jo,

Voilà l’affaire!

 

 

1988 - REVUE "HokesPokes"