Et geet ëm ronn 12.000 Quadratmeter Steng "Qualité Louvre Magny Doré" aus der Bourgogne fir de Musée Pei op den Dräi Eechelen. Mä sinn iwwerhaapt 1.300 m3 däer do?

Wann op eemol genuch bezuelt gëtt, da ganz bestëmmt ...

ET WOR EEMOL MAGNY DORÉ

(Melodie: "Heigh-ho, heigh-ho", d'Zwergelidd aus dem "Schneewittchen"-Film vum Walt Disney)

 

Mir rappen a mir klappen,

Mir wullen an de Steng,

Mir klappen a mir rappen

D’ganz Steekaul kuerz a kleng,

Bis mir de Réck am Jelli hunn

An d’Patten hol a blo dervun,

Hol a blo,

Hol a blo,

Mä et sinn keng Steng méi do.

 

Refrain:

Ah jo, ah jo,

Mir wullen an de Steng,

Mir klappen a mir rappen

Eis ganz Steekaul kuerz a kleng.

Ah jo, ah jo,

D’Dräi Eech’le gi gebaut,

A wa mer net gestuerwe sinn,

Da klappe mer nach haut.

 

 

Mir hunn de Réck am Jelli

An d’Patten hol a blo,

Mä hei op eemol sinn där Steng

Méi wéi genuch nach do.

Egal, wat dat och alles kascht,

Dat deet eis dach kee Fuerz, kee Fascht.

Alles hei

An der Rei,

Jo, et ass de Musée Pei!

 

Refrain:

Ah jo, ah jo,

Mir wullen an de Steng,

Mir klappen a mir rappen

Eis ganz Steekaul kuerz a kleng.

Ah jo, ah jo,

D’Dräi Eech’le gi gebaut,

A wa mer net gestuerwe sinn,

Bezuele mer nach haut.

A wa mer net gestuerwe sinn,

Bezuele mer nach haut.

 

 

2003 - REVUE "Hannert de Kulissen"